Mäin Austrëtt aus der Piratepartei

No (ze) ville Méint Iwwerleeën, Nokucken a versichen dat Bescht aus der Situatioun ze maachen, sinn ech dësen August no bal 8 Jore Memberschaft aus der Piratepartei ausgetrueden. Weiterlesen

Advertisements

An 22 vu 46 Proporzgemenge gëtt de „Wielerwëllen“ mëssuecht!

Dëser Deeg gëtt et zu Lëtzebuerg just een Thema: de Wielerwëllen! Do kann ech mer et einfach net huele loosse meng eegen Iwwerleeungen dozou nidderzeschreiwen. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Ettelbréck brauch… ee Wiessel!

Am Fong hätt ech enorm vill zur Zukunft vun Ettelbréck ze soen an eigentlech hat ech jo och Wëlles all déi Saachen am Walkampf mat menger eegener Lëscht a mengem eegene Programm ze presentéieren, mä vue datt dat leider net geklappt huet (d‘Grënn verzielen ech Dir eng aner Kéier) muss ech mech elo hei op e puer Punkte konzentréieren. Ech géing mech immens doriwwer freeën, wanns Du Dir iwwer dës 3 Saache géings Gedanke maache bevirs Du Däi Choix fir d‘Gemengewalen trëffs. Weiterlesen

Getaggt mit

Ettelbréck: Wëll da kee meng Stëmm?

Den Dag wou ech dëse Blogpost schreiwen ass de Sonnden, den 10. September. Den 8. Oktober, also a manner ewéi engem Mount sinn d‘Gemengewalen. Een Dag no offiziellem Walkampfoptakt huet schonn all Partei zu Ettelbréck Plakater opgestallt oder opgepecht an d‘Kandidéierendelëschten si schonn deelweis am Mee verëffentlecht ginn. Mä nach keng Partei déi zu Ettelbréck an d‘Course geet huet bis elo hire Walprogramm verëffentlecht. Weiterlesen

Getaggt mit

Ettelbréck: Politesch Integratioun vun Net-LëtzebuergerInnen net gewollt

Lëtzebuerg deet sech schwéier mat der politescher Integratioun vun Net-LëtzebuergerInnen. Dat ass net réischt gewosst säit dem Bekanntginn, datt sech just ee knappe Véierel vun deenen Auslänner, déi d‘Méiglechkeet dozou haten, fir d‘Gemengewalen dëst Joer ageschriw hunn.
Weiterlesen

Getaggt mit ,

Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun.  Weiterlesen

Getaggt mit ,

„Political Correctness“ …oder besser „Anstand a Respekt“!

Political Correctness (PC) ass wuel eng vun deene Saachen déi grouss Deeler vun der Bevëlkerung opreegen, an dat (gréisstendeels) onofhängeg dovunner ob een sech éischter dem rietsen oder dem lénke politesche Spektrum zouuerdnet. Sou gëtt d’PC souwuel reegelméisseg vu rietsnationale PolitikerInnen à la Kartheiser, ewéi och vum beispillsweis gréissten däitsche Youtuber Gronkh thematiséiert. Déi eng reegen sech iwwer „Zensur!!“ op a wëlle just hir Meenung (oder vill méi d’„Wourecht“) soen dierfen, während déi aner sech soen „Mä et si just Wierder!“ a mam Vermeide vun deene Wierder kéint een och keng Gedanken oder Verhalensweisen änneren.  Weiterlesen

Getaggt mit ,