Vorratsdatespäichere: Dem Felix Braz feelt et u politeschem Courage

Säit dem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff („EuGH“) zur Vorratsdatespäicherung („VDS“) ass an de verschiddenen EU-Memberlänner villes geschitt. An Däitschland bleift et wuel derbäi, datt VDS der Geschicht ugehéiert, an Éisterräich a Rumänien gouf d’Direktiv gekippt, Dänemark hält weider dru fest, a Pole muss just d’Gesetz liicht verännert ginn an a Groussbritannien gouf séier en Noutstandgesetz ugeholl fir d’VDS a Kraaft ze halen. Zu Lëtzebuerg soll am September bekannt gema ginn, wat mat der VDS geschitt, wann een dem grénge Justizminister Felix Braz awer uerdentlech nolauschtert héiert een eraus, datt et scho feststeet, datt d’VDS net ofgeschaf, mä reforméiert wäert ginn. Vill ganz ënnerschiddlech Decisiounen also, obwuel d’Uerteel vum EuGH enorm däitlech ass.

Hei kuerz wisou ech der Meenung sinn, datt d’Uerteel eigentlech net vill méi kloer kéint sinn, et kritiséiert schliisslech net nëmmen d’Längt vum Späicheren, mä eben och déi sou genannten „Anlasslosigkeit“ vun der VDS, sprech datt vun all Persoun ouni Ausnahm Donnéeë gespäichert ginn. Alleng dee Punkt sollt duergoe fir festzestellen, datt eng VDS net mat der europäescher Charta fir Mënscherechter vereenbar ass. (Oder kann een nach vu VDS schwätzen, wann ee vir d’éischt beundroe muss fir vun enger verdächtegter(!) Persoun Donnéeë späicheren ze loossen? Mengen net.)

Betreffend Absätz am Uerteel zum Selwerliesen

Hierzu ist erstens festzustellen, dass sich die Richtlinie 2006/24 generell auf alle Personen und alle elektronischen Kommunikationsmittel sowie auf sämtliche Verkehrsdaten erstreckt, ohne irgendeine Differenzierung, Einschränkung oder Ausnahme anhand des Ziels der Bekämpfung schwerer Straftaten vorzusehen.

Die Richtlinie 2006/24 betrifft nämlich zum einen in umfassender Weise alle Personen, die elektronische Kommunikationsdienste nutzen, ohne dass sich jedoch die Personen, deren Daten auf Vorrat gespeichert werden, auch nur mittelbar in einer Lage befinden, die Anlass zur Strafverfolgung geben könnte. Sie gilt also auch für Personen, bei denen keinerlei Anhaltspunkt dafür besteht, dass ihr Verhalten in einem auch nur mittelbaren oder entfernten Zusammenhang mit schweren Straftaten stehen könnte. Zudem sieht sie keinerlei Ausnahme vor, so dass sie auch für Personen gilt, deren Kommunikationsvorgänge nach den nationalen Rechtsvorschriften dem Berufsgeheimnis unterliegen.

Zum anderen soll die Richtlinie zwar zur Bekämpfung schwerer Kriminalität beitragen, verlangt aber keinen Zusammenhang zwischen den Daten, deren Vorratsspeicherung vorgesehen ist, und einer Bedrohung der öffentlichen Sicherheit; insbesondere beschränkt sie die Vorratsspeicherung weder auf die Daten eines bestimmten Zeitraums und/oder eines bestimmten geografischen Gebiets und/oder eines bestimmten Personenkreises, der in irgendeiner Weise in eine schwere Straftat verwickelt sein könnte, noch auf Personen, deren auf Vorrat gespeicherte Daten aus anderen Gründen zur Verhütung, Feststellung oder Verfolgung schwerer Straftaten beitragen könnten.

Et ass also nëmme verwonnerlech, wisou de Justizminister Felix Braz, deen sech mat senger Partei säit Jore géint VDS engagéiert huet, d’Chance net beim Schopf geholl huet fir d’Enn vun dëser Iwwerwaachungsmesure zu Lëtzebuerg anzelauden. Natierlech kann een sech hannert dem Koalitiounsaccord verstoppen a soen, datt een dee just ëmsetzt. Do gëtt nämlech keen Ofschafen, mä just eng Reform vun der VDS erwähnt. Dann feelt engem awer de politesche Courage, deen een och an enger vläit net grad sou stabiler 3er Koalitioun brauch.

Wéi een et richteg mécht, huet den däitsche Justizminister gewisen (deem seng Koalitioun iwwregens och nach keng 6 Méint zum Zäitpunkt vum Uerteel al war). Am Koalitiounsprogramm vun der däitscher Regierung steet zwar dran, datt een d’VDS endlech nees aféiere misst, mä den Heiko Maas huet, aneschters wéi de Felix Braz, erkannt datt sech d’Situatioun duerch dat Uerteel staark verännert huet, de Koalitiounsprogramm an dem Punkt seng Grondlag verluer hätt an een iwwer d’VDS mol vir d’éischt nei verhandele misst. Am Abrëll hat de Felix Braz dësen Ënnerscheed an der Reaktioun dem Radio 100,7 esou erklärt, datt an Däitschland d’Späicherdauer io och méi laang gewiescht wier, wat iwwregens net stëmmt. (Datt sech seng Äntwert sou unhéieren huet, wéi wann e vergiess hätt, datt Däitschland scho laang keng VDS méi huet, ignoréieren ech elo mol.) Wisou hien elo eng aner Positioun hätt ewéi zur Zäit wou en nach net an der Regierung war, huet hie selwer net kommentéiert an der Journalistin déi Fro, sou fein wéi de Felix Braz nunmol ass, zum eegene Kommentar fräiginn.

Sou wäit ech weess, gouf et ni esou ee Kommentar, mä en wier wuel an d’Richtung gaangen, datt de Felix Braz net schonn no e puer Méint Sträit an der Koalitioun wéilt an sech dowéinst op de Regierungsprogramm géing beruffen (cf. feelende politesche Courage). Mä dann denken ech mer, verdammt, fir Sträit ze hunn, muss ee mol iwwerhaapt ënnerschiddlech Meenungen zu deem Thema hunn. Konnt een de Koalitiounsaccord nach esou deiten, datt ee keng (finanziell) Strofe wéinst Net-Ëmsetze vun enger EU-Direktiv riskéiere wéilt, well de Budget absolut Prioritéit hätt, gëllt dës (enorm schlecht a vill aussoend) Excuse io elo nemei. Wien wëll also an der Koalitioun d’VDS onbedéngt bäibehalen? Et wier sécherlech interessant fir mol d’Positioun vun der DP an der LSAP gewuer ze ginn, déi nämlech allen zwee, anescht ewéi déi Gréng, kee Wuert zur VDS am Walprogramm stoen haten, leider. An nee, eng Äntwert mat Bezuch op de Koalitiounsprogramm loossen ech net gëllen.

Zréck bei de Felix Braz an seng Explikatioune wisou Lëtzebuerg d’VDS wuel net ofschafe wäert. An engem méi rezenten Interview mam Radio 100,7 gëtt hien nämlech d’Verantwortung a dëser Fro un d’Europäesch Unioun weider, mam Zousaz awer, datt Lëtzebuerg wuel an hirer nächster EU-Rotsprésidence mat eben dësem Thema beschäftegt wäert sinn. Wisou Lëtzebuerg awer elo nach dat maximaalt Erlaabt a souguer nach méi wéi dat u VDS behale muss bis et villäicht iergendwann eng europäesch Äntwert gëtt, verstinn ech net. Virun allem net wann ee gesäit, datt elo awer sou vill EU-Memberstaten hir VDS kippen. Wann et d’Ziel vum Felix Braz sollt si fir d’VDS an der EU laangfristeg ze verhënneren, da misst hien elo dofir suergen, datt Lëtzebuerg dës Positioun net nëmme verbal vertrëtt, mä se och tatsächlech hei esou a Gesetz festhält. Dëst fir absolut kloer ze maachen, datt mat Lëtzebuerg ebe keng VDS ze maachen ass. Zeeche setzen, nennt een dat. Mä dofir brauch een halt, richteg, politesche Courage…

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: