NSA-Skandal? War do eppes?

Lëtzebuerg interesséiert sech net fir d’Privatsphär a këmmert sech och net drëm. Dat ass den enorm enttäuschende Bilan vu gutt engem Joer NSA-Skandal an dat mécht mech rosen.

Wann een no Questions parlementaires („QP“), Débaten an der Chamber, Interpellatioune vu Ministeren zu dësem Thema sicht, fënnt een net vill. 3 QPs an 1 Resolutioun, méi war net (btw alles vu Gréng a Blo bevir se an d’Regierung komm sinn). Vläit hunn d’Deputéiert io ausnahmsweis probéiert zesummen un dësem Thema an de Chamberkommissiounen ze schaffen? Och do Fehlanzeige. Wann een de Chambersite no de relevanten Expressiounen (Snowden, services secrets, NSA, sphère privée, protection de données,…) ofsicht fënnt een net eng eenzeg protokolléiert Diskussioun zum Thema. Eigentlech onfaassbar.

Vu Regierungssäit aus gouf sech, zu Zäite vu CSV-LSAP nach, eng Kéier opgereegt. Nämlech a Persoun vum Ausseminister Jean Asselborn, deen sech driwwer echaufféiert huet, datt d’europäesch Institutiounen ausgespäht goufen. (D’Revelatioun virdrun, nämlech datt d’Privatsphär vun ALL Mënsch violéiert gëtt, huet hien net kommentéiert.) Hien huet sech souguer esou opgereegt, datt hien et a Kaf geholl huet vir um däitsche Fernseh vun engem Amerikaner a Saache Geheimdéngschter bloussgestallt ze ginn (ab Minutt 7). Op der éischter Aarbechtsvisite bei den Amerikaner nom Bekanntgi vun dëser Affär, elo am Déngscht vun der neier Regierung, goufen et dann awer och schonn erëm méi wichteg Themen ze beschwätzen, dat awer eréischt nodeems ee festgestallt huet ewéi gutt d’Relatiounen tëscht den zwee Länner dach wieren.

Eng aner Kéier wou e bëssen Opruhr am Land geherrscht huet, war nodeems en Dokument am Oktober opgetaucht ass, wat gesot huet, datt Lëtzebuerg géing mat der NSA kooperéieren. Am August hat de JC Juncker dozou nach gemengt, datt dat net de Fall wier. Och den deemolege Geheimdéngschtkontrollkommissiounspresident Francois Bausch huet e Mount méi spéit dat selwecht gezielt. Hien huet sech dann och no dëser Revelatioun schéin doriwwer opgereegt an de Medien. Säit deem ass awer och dozou näischt méi gesot ginn. (Merke: Wann de SREL seet eppes NET ze maachen, dierfen d’Deputéiert aus der Kontrollkommissioun driwwer schwätzen. Nodeems se da gezwongenermoosse vum Geheimdéngscht opgekläert goufen ass awer stillschweigen ugesot.)

Am Koalitiounsprogramm vun der neier Regierung steet zum Thema NSA-Skandal och just dat heiten: „Le Gouvernement soutiendra les initiatives au niveau de l’Union européenne en vue de la mise en place d’une convention anti-espionnage avec ses partenaires politiques et économiques. (Säit 10)“ Esou Conventioune wäerten et awer net ginn, do waren d’USA zimlech däitlech dran.

An Däitschland gouf eng Enquêtekommissioun ageriicht fir ë.a. ze ënnersiche wéi grouss den Ausmooss vun der NSA-Iwwerwaachung ass an ob di däitsch Regierung net éischter dovunner hätt kënnen eppes wëssen. Zwar ass dat schlussendlech just eng Alibiveranstaltung, mä op mannst mécht een sech do déi Aarbecht. Zu Lëtzebuerg leeft nämlech näischt. Weder vun eenzelnen Deputéierten, geschweige denn vum Parlament oder Regierung.

D’Privatsphär ass halt kee wichtegt Thema, ass io just ee Mënscherecht.

Advertisements
Getaggt mit ,

Ein Gedanke zu „NSA-Skandal? War do eppes?

  1. […] Viru gutt engem Mount war d’Opreegung grouss am klenge Lëtzebuerg, schliisslech koum eraus, datt den däitsche Geheimdéngscht BND fir d’NSA verschiddenst Internetleitunge vun an op Lëtzebuerg ugezaapt an total iwwerwaacht huet. Elo gouf dësen abermools dausendfache Broch vun eise Mënscherechter einfach nees vergiess. […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: