Cannabis: Legalize it, mat Beduecht!

Viru kuerzem huet d’JDL d’Initiativ ergraff fir d’Dekriminaliséierung vu Cannabis ze fuerderen, doropshin hunn sech déi jonk gréng dëser Fuerderung ugeschloss. Wéi scho während dem Walkampf am Oktober op der Facebook-Page vun de Pirate gëtt elo nees vill a kontrovers op de soziale Medien iwwer dës Iddi diskutéiert.

Schueden ech engem aneren alleng doduercher datt ech Cannabis fëmmen? Nee! Also gehéiert et erlaabt. Ganz einfach.

Leider gëtt an dësen Diskussiounen oft just doriwwer geschwat, ob a wéi schiedlech Cannabis ass an di eigentlech Fro, nämlech déi, inwéifern de Staat seng BiergerInne bevirmunden dierf oder soll, kënnt leider vill ze kuerz. Déi Leit, déi nämlech gären drop hiweise wéi schiedlech Drogen dach virun allem fir Jugendlecher sinn, vergiesse ganz oft, datt zwou op mannst genau sou schiedlech Droge vum Staat legaliséiert a fir Jugendlecher ab 16 Joer souguer erlaabt sinn, nämlech Alkohol an Tubak. Wann een also, an zwar zurecht, op d’gesondheetlech Konsequenze vum Drogekonsum hiweist an dat als Argument benotzt fir e Verbuet vum Cannabis ze rechtfertegen, misst een sech genau sou vehement fir e Verbuet vun Alkohol an Tubak asetzen – just mécht dat keen.

D’Fro ëm déi et wierklech geet ass eng ganz aner, nämlech wéi bevormundend soll de Staat géigeniwwer de BiergerInnen agéieren oder anescht gesot, wéi selbstbestëmmt dierf de Mënsch liewen. Fir mech ass déi Fro ganz einfach ze beäntweren. Soulaang ech kengem aneren domadder potenziell schueden (an ech mir bewosst sinn, wat fir Konsequenzen dat fir mech kann hunn), soll ech maachen dierfe wat ech wëll. Schueden ech engem aneren alleng doduercher datt ech Cannabis fëmmen? Nee! Also gehéiert et erlaabt. Ganz einfach.

Egal fir wéi eng Alterslimit a sonsteg Modalitéiten een sech schlussendlech decidéiert, muss d’Opklärung iwwer d’Risiken dauerhaft präsent sinn.

Wéi een de Cannabis-Konsum erlaabt, ass nees eng aner, an doriwwer kéint ee stonnelaang diskutéieren. Beispill unhand vun der Fro, ab wéini ee Cannabis konsuméieren dierft. Allgemeng ass bekannt, datt d’Gehir sech an der Pubertéit enorm entwéckelt a verännert. Dës Entwécklung ass bei ville réischt mat Ufank 20 ofgeschloss. Also wier aus medizinescher Siicht 21, 22 oder 23 en akzeptabelt Alter. Et ass een awer scho mat 18 Joer volljäreg a rechtlech fir alles voll verantwortlech wat een sou mécht. Wisou sollt een also dann net och scho Cannabis dierfe fëmmen? Allerdéngs liewe mir an enger Gesellschaft an der et souguer schonn ab 16 Joer erlaabt ass Alkohol an Tubak ze konsuméieren an déi zwou Droge si wéi scho gesot op mannst genau sou schiedlech ewéi Cannabis, wann net souguer méi…

Egal fir wéi eng Alterslimit a sonsteg Modalitéiten een sech schlussendlech decidéiert, muss d’Opklärung iwwer d’Risiken dauerhaft präsent sinn. An dat net nëmme fir Jugendlecher an der Schoul, mä fir déi ganz Bevëlkerung. Et ass nämlech net de Fait, datt ech als Staat eppes erlaben, wat eppes verharmlost, mä duerno den Ëmgang vun der Gesellschaft domadder. Den Alkoholkonsum ass do e gutt Beispill zu Lëtzebuerg. Et fänkt domadder un, datt d’Wäilies a -qualitéit u sech eng Noriicht wäert sinn, geet weider domadder datt et keen Event ouni Alkohol ka ginn, sief et eng Braderie, e Fussballsmatch oder e Concert -et gi souguer Events déi JUST ëm Alkohol dréinen- an hält domadder op, datt ee komesch ugekuckt gëtt, wann ee keen Alkohol wëll. Mech huet an deem Kontext d’Dikrecher Cavalcade dëst Joer schockéiert. Do geet et net méi ëm Kamellen, déi aus de Ween geheit ginn, mä ëm de Béier dee verdeelt gëtt. An et ass net déi anscheinend sou versoffe Jugend déi de Ween hannendru gelaf si fir hiren 3. oder 5. Becher Béier ze kréien, mä et waren déi Erwuessen iwwer 40.

Wann mir als Gesellschaft esou mam Alkohol ëmgi brauche mir eis net doriwwer ze wonneren, datt déi Jugendlech ëmmer méi fréi mam Drénken ufänken. Et ass jo schliisslech Normalitéit. An näischt verharmlost méi ewéi eppes fir „normal“ a „selbstverständlech“ unzegesinn an dann deementspriechend domadder ëmzegoen.

Esou eng Entwécklung gëllt et beim Cannabis op alle Fall ze verhënneren, d’Angscht do virdru soll eis awer op kee Fall dovunner ofhalen de Konsum ze erlaben.

CC BY-NC Prensa 420 (Flickr)

CC BY-NC Prensa 420 (Flickr)

Disclaimer: Den Auteur vun dësem Blogpost huet a sengem ganze Liewe bis elo weder Alkohol gedronk, Zigarette gefëmmt, nach sonsteg Substanzen, déi allgemeng als „Drogen“ bekannt sinn, konsuméiert.

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: