Konsultativ Verfassungsreferenden: Schlecht virbereed a Politik 1.0

D’Verfassungsreform ass nieft der schwaarzer 0 beim Staatsbudget de Projet schlechthin vun der blo-rout-grénger Regierung. Net vir näischt ass et och den alleréischte Punkt am Koalitiounsaccord. Fir d’Verfassungsreform ofzeschléissen, déi säit 1999 an der Chamber diskutéiert gëtt, ginn d’BiergerInnen a sougenannte konsultative Referenden iwwer verschidde Punkten, dorënner haaptsächlech d’Walrecht fir Net-Lëtzebuerger, no hirer Meenung gefrot. Dëst ass ee gudden, couragéierten a wichtegen, awer bei wäitem kee perfekte Schratt. Wou bis elo Feeler gemaach goufe probéieren ech an dësem Blogpost duerzestellen.

Nach steet de genaue Wuertlaut vun de Froen net fest, an trotzdem kann een elo schonns vun enger schlechter Virbereedung vun de Referende schwätzen. Amplaz datt di ganz Legislatur a Saache Referendum eng Kéier ugepasst a moderniséiert gëtt – et gëtt schliisslech kee Gesetz wat ‚konsultativ Referenden‘ regelt – gëtt di aktuell Gesetzgebung einfach higeholl wat vill Problemer an Aschränkunge mat sech bréngt.
Sou steet beispillsweis an der nach aktueller Verfassung, datt just WielerInne bei Referenden dierfe matstëmmen. Datt domadder awer vläit just déi juristesch bindend Referende (déi am Kader vum Art. 114 vun der Constitutioun) gemengt sinn, gouf net uerdentlech gepréift. Andeems net mol versicht gouf eng eege Legislatioun fir konsultativ Referenden ze schafen hu mir elo de Problem, datt mer iwwer Rechter vu Minoritéiten ofstëmmen, ouni datt si hir Meenung dozou kënnen ofginn, sief et iwwer d’Walrecht vu 16- a 17-Järegen oder den Net-Lëtzebuerger. Fir d’Resultat vum Referendum net ze „verfälschen“ hätt ee souguer kënne virschreiwen, datt verschidde Walziedele – wäisser a gieler z.B.- benotzt misste ginn. Sou kéint een dann d’Meenungsbild vun deenen zwou Gruppe festhalen.

Korrektur: De Jeff huet mech op Twitter richtegerweis drop higewissen, datt et ee Gesetz gëtt, wat souwuel Referenden déi am Kader vum Art. 114, wéi och vum Art. 51 légiféréiert. Dat ännert awer näischt u menger Kritik, datt net mol probéiert gouf, dëst alles ze änneren. Sou hätt ee beispillsweis den Art. 51 vun der Constitutioun verännere kënnen, wat am Kader vun der gesamter Verfassungsreform souwisou geschéie soll.

Den zweete Problem ass, datt een elo just eng Jo/Nee-Fro dierf stellen. Dëst ass sécherlech noutwenneg an de bindende Referenden, bei de konsultativen ass et awer just eng onnéideg Aschränkung, virun allem dann, wann et drëms geet d’Meenung vun de BiergerInnen zu méi komplexen Themen anzehuelen. Sou kéint een sech gutt virstellen, datt ee bei der Fro nom Walrecht ab 16 3 Äntwertméiglechkeeten huet; eng Kéier en „Nee“, eng Kéier „Jo, mat Walflicht“ an „Jo, ouni Walflicht“. D’Chamber géing en vill méi exakt Meenungsbild kréien an domadder da vill méi genau dat ëmsetze wat d’Leit gäre wëllen. An dat ass io och den eigentleche Sënn vu konsultative Referenden, well soss kéint een io och direkt bindender ofhalen. An der Lëtzebuerger Geschicht gouf et och scho mol ee konsultative Referendum mat méi wéi 2 Äntwertméiglechkeeten, an zwar war dat dee vun 1919 iwwer d’Monarchie. Deemols konnten d’LëtzebuergerInne souwuel fir d’Charlotte oder eng vun hire Familljemembren als Grand-Duchesse, awer och fir eng aner Dynastie oder d’Republik stëmmen.

Nieft der schlechter rechtlecher Virbereedung vun de Referenden ass awer och d’Festleeë vun de Punkten iwwer déi ofgestëmmt soll ginn ze kritiséieren.

Souwuel am Walkampf 2013 wéi och duerno gouf ëmmer rëm vun de Parteie betount et wéilt een d’Leit méi an d’Politik abannen. „Biergerbedeelegung“ ass dat neit grousst Wuert. D’Referenden iwwer d’Verfassung sollen dat och ënnermaueren. Wéi schonn an der Introductioun vun dësem Blogpost ugedeit sinn ech frou iwwer dës Mesure, dat ganzt stellt awer bei wäitem kee Paradigmewiessel an der lëtzebuergescher Politik duer.
Amplaz am Viraus iwwer déi ganz Verfassung mat der Bevëlkerung ze diskutéiere – d’Chance dozou gouf säit 1999(!) vun alle Parteie verpasst – an esou déi kritesch Punkten ze identifizéieren, déi engem Referendum ënnerzu solle/kënne ginn, huet sech d’Regierungskoalitioun scho virun all Diskussioun op 4 Punkte festgeluecht iwwer déi d’Vollek ofstëmme soll. All Propositioun vun aneren Organisatiounen a Parteie fir och nach iwwer aner Punkten ofzestëmme gouf refuséiert. D’BiergerInne hate keng Méiglechkeet selwer Propositiounen eranzeginn. Dat ass nach ëmmer déi selwecht Top-Down-Politik ewéi mer se virum Wiessel an der Regierung materlieft hunn. D’Leit ginn hei just benotzt fir Meenungsverschiddenheeten tëscht de Parteien ze léisen, se sinn net Subjekt mä Objekt an dëser Diskussioun. An dat ass immens schued, schliisslech ass d’Verfassung d’Grondlag vum Staat, vun eisem Zesummeliewen.
Zwar sinn ëmmer nach Diskussiounen iwwer déi ganz Verfassung am Virfeld vun de Referende geplangt, déi wäerten awer mat zimlech grousser Wahrscheinlechkeet näischt Wesentleches méi um proposéierten Text änneren. Anescht wéi de Xavier Bettel iwwregens virun de Walen nach drop insistéiert huet, datt ee mat de Leit just bräicht ze schwätze wann dat dann och Konsequenzen hätt (ab 1:27:30).

Trotz all deem wäert ech déi Debatten dozou benotze fir iwwer de Rôle vum Grand-Duc an d’Méiglechkeet vun enger Republik Lëtzebuerg ze diskutéieren. Wien weess schliisslech wéi oft een dozou d’Opportunitéit nach kritt, a vläit bréngt et io schlussendlech dann awer eppes an d’Rullen.

Advertisements
Getaggt mit , ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: