VDS: Am Zweifel géint d’Mënscherechter

A mengem éischte Blogpost zur Vorratsdatespäicherung (VDS) hat ech de Justizminister Félix Braz als Mënsch ouni politeschem Courage, an dëser Saach op mannst, bezeechent. Ech sollt Recht behalen. Leschte Freiden huet de Justizminister seng Iwwerleeungen a Conclusioune säit dem Uerteel vum EuGH am Abrëll der Press virgestallt.

Déi geplangten Ännerungen un der VDS-Gesetzgebung sinn elo och weder iwwerraschend nach groussaarteg spannend fir vill ze kommentéieren. Police a Justiz solle just nach Zougrëff op d’Telekommunikatiounsdonnéeën a ganz spezifesche Fäll, wéi z.B. Kannerpornografie, kréien an net méi wéi bis elo bei all Infraktioun déi als Strof méi wéi 1 Joer Prisong virgesäit. Och soll an d’Gesetz stoe kommen, datt d’Provideren d’Donnéeën no 6 Méint och tatsächlech läsche mussen.

Vill méi interessant ass awer wat virun de Conclusiounen am Pressedossier zur VDS steet…

Säit 1, lescht Säz: „Il est important de noter que la Cour a posé certaines exigences (p.ex. limiter la rétention des données aux personnes présentant des indices que leur comportement a des liens avec des infractions graves, Art 58 de l’arrêt) qui sont incompatibles avec la logique même de la rétention des données. D’où la difficulté de déterminer la portée exacte de l’arrêt!“

Säit 2, leschten Abschnitt vu Punkt 2: „Quant au fond, dans chaque affaire pénale en cours où une personne suspecte a pu être repérée et traduite en justice sur base de ces données télécom, la défense est susceptible de soulever la question de la conformité de la loi luxembourgeoise par rapport à notre Constitution, à la Convention européenne des droits de l’homme ainsi qu’à la Charte des droits fondamentaux de l’UE, alors que ces trois textes prévoient la protection de la vie privée sous une forme ou une autre. Il appartiendra dès lors aux différentes juridictions saisies de toiser cette problématique au cas par cas.“

Säit 4, leschten Abschnitt: „Le gouvernement est conscient du fait qu’entretemps notre Cour constitutionnelle pourrait être saisie de cette même question de principe et qu’il est incertain de quel côté la Cour pencherait.“

Allen dräi Ausschnëtter weisen eng gewëssen Onsécherheet op. De Félix Braz, respektiv déi ganz Regierung weess ganz einfach net, ob de Prinzip vun der VDS elo verfassungskonform ass oder net. An dobäi verweist de Justizminister selwer am éischten Ausschnëtt op d’Äntwert a widderhëlt se souguer.
Artikel 58 vum Uerteel vum EuGH iwwer VDS kritiséiert ganz kloer, datt vu jidderengem, ouni Ausnahm, Donnéeë gesammelt ginn, a kippt domadder de Prinzip vun der VDS.
Wat dorunner esou schwéier ze verstoen oder nozevollzéien ass muss de Félix Braz mir eng Kéier erklären.

Esou wéi d’Regierung hei alt nees eng Kéier mam Mënscherecht op Privatsphär ëmgeet ass absolut inakzeptabel.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: