Vum Walrecht ab 16 a politescher Bildung

Viru gutt zwou Wochen huet d’Wort mam RTL en TNS-Ilres-Sondage verëffentlecht wou d’Froe vum Verfassungsreferendum am nächste Joer och gestallt goufen. Fir mech perséinlech net ganz iwwerraschend gëtt just d’Walrecht ab 16 däitlech ofgelehnt (33% Jo vs. 62% Nee).

Di Deeg duerno hat sech a menger Twitterblos eng Diskussioun lassgetrëppelt, datt een endlech de Problem vun der mangelnder „politescher Bildung“ bei deene Jonke behiewe misst, virun allem och well di Jonk (hei 18-24-järeg) an dësem Sondage selwer géint esou ee Walrecht sinn (40% vs. 51%).

Walrecht ab 16

Elo huet de Jerry an engem Blogpost duergeluecht, wisou „d’politesch Bildung“ keen Argument dierf sinn engem d’Walrecht virzeenthalen an ech ginn him do och ouni Aschränkung Recht. Wann een dat Argument nämlech fäerdeg denke géing misst all potenziell Walberechtegte fir d’éischt eng Prüfung bestoe fir da wielen ze dierfen. An dat ka kee wëllen (oder dach…? ;)).

Elo gëtt dat Argument awer trotzdem vu ganz ville Leit benotzt an déi Leit ginn an hirer Meenung bestätegt wann se héieren, datt et d’Fach „Instruction civique“ am Classique eréischt (an nëmmen) op 2e gëtt, an dat och just 1 Stonn d’Woch! Op 2e ass ee Mënsch deen ni duerchgefall ass 17 Joer al. Am Secondaire Technique ass et just deelweis besser, do huet ee jee no deem schonn op 11e Civique an dat dann 2 Stonnen d’Woch. Op 11e huet ee 16 Joer.

D’Fach „Instruction civique“ gëtt dann (am Classique mol) ganz oft vu Proffe gehalen, déi een och an engem anere Fach huet. A mengem Fall war dat bspw. de Proff vum Haaptfach, a menger Frëndin sengem Fall de Geschichtsproff. Allen zwee hunn déi 1 Stonn Civique oft a gäre geholl fir d’Retarden an „hirem“ Haaptfach opzehuelen.

Déi zwee Problemer brénge ganz einfach mat sech, datt ganz vill Jugendlech sech net wierklech iwwert de Fonctionnement vum Staat an iwwert d’Parteien informéiert fillen. Virun allem och well vill Lycéeë soss och keng richteg Kontakter mat der Politik hunn. Dat erklärt dann deelweis wisou di 18-24-järeg mam Walrecht ab 16 hir Problemer hunn…

Erfreelech am Kontext Schoul-Politik war et dann datt d’CGJL fir d’Neiwalen am Oktober 2013 an d’Europawalen 2014 eng ganz Rei Tables Rondes a Lycéeën organiséiert hat (an ech hoffen op ee Widderhuelen dowunner am Kader vun de Referenden). Déi sinn, sou wäit ech dat matkrut hunn, souwuel bei de SchülerInnen, wéi och bei de participéierende PolitikerInnen och gutt ukomm, an et war een sech parteiiwwergräifend eenz, datt een esou eppes méi oft maache sollt a misst – an dat net nëmme wa Walen ustinn. Säit deem ass awer leider keng Table Ronde méi an deem Stil organiséiert ginn.

Wann mer also gären hätten, datt d’Walrecht ab 16 opmannst eng Chance huet fir vun de Leit ugeholl ze ginn, dann ass menger Meenung no als éischt den Educatiounsministère gefrot. Hie muss sou séier wéi méiglech e Konzept presentéieren, wéi hien déi Jugendlech éischter un d’Politik an de Fonctionnement vum Staat eruféiere wëll. Do steet da virun allem d’Instruction Civique am Vierdergrond, souwuel ab wéini een dat Fach um Programm steet, ewéi och datt séchergestallt ass, datt déi Coursen tatsächlech gehale ginn. Tables Rondes sollte reegelméisseg an alle Lycéeën organiséiert ginn an all SchülerIn sollt dann och d’Méiglechkeet hunn do mat derbäi ze sinn. De ParlamentspresidentIn wéi och den Educatiounsminister oder d’Ministesch kéinten de Schoule reegelméisseg Besuch ofstatten. D’Schülercomitéeën a virun allem CNEL musse méi valoriséiert a promouvéiert ginn. All Lycée kéint eng Kéier d’Joer eng Visite vun der Chamber an/oder dem Europaparlament organiséieren, etc. etc.

Wien elo denkt, datt een dach engem eigentlech onvaliden Argument net esou vill Opmierksamkeet schenken dierf a kann, deen denkt net wäit genuch. D’Walrecht ab 16 iwwerhaapt anzeféieren dierf nämlech just en Zwëscheschratt sinn. Dat eigentlecht Zil ass nämlech datt déi Jugendlech dann och a grousse Massen un de Wale participéieren, an dat kritt ee just domadder erreecht andeem se sou vill Kontakt wéi méiglech mat der Politik, de Parteien an ONGen haten, sou datt se sech der essentieller Wichtegkeet vun de Walen tatsächlech bewosst sinn.

P.S.: Passend zum Blogpost organiséiert de Forum den 8. Dezember eng Table Ronde zum Thema „Politesch Bildung“ am Exit07. Vläit ka jo een oder eent vun iech meng Gedanken a Proposen do virdroen, ech kann nämlech dee Moment leider net zu Lëtzebuerg sinn.

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: