Tëschebilan no 3 Joer Sécherheetskommissioun zu Ettelbréck

Nodeems ech elo säit 3 Joer Member vun der konsultativer Sécherheetskommissioun zu Ettelbréck si gëtt et Zäit en Tëschebilan ze zéien a meng Impressioune matzedeelen.

Haaptthema an der Sécherheetskommissioun ass selbstverständlech d’Sécherheet zu Ettelbréck. Als éischt hate mer allerdéngs d’Aufgab en éischten Draft fir en neit Policerèglement vun der Gemeng ze verfaassen. Groussaarteg Ännerungen hu mir net proposéiert, mä vu datt déi al Versioun aus enger Zäit laang viru menger Gebuert staamt huet dat Règlement nei opgesat misse ginn. Mir hunn eis do haaptsächlech um Policerèglement vun der Gemeng Dikrech orientéiert.

Réischt duerno hu mer ugefaangen uerdentlech Diskussioune rondrëm d’Sécherheet zu Ettelbréck ze féieren, woubäi déi sech oft am Krees gedréint hunn oder mir iwwer Saachen diskutéiert hunn wouriwwer d’Gemeng keng Kompetenzen huet, wéi z.B. iwwer d’Aféiere vun engem „Ordnungsamt“ no däitschem Virbild zu Lëtzebuerg.

Mir kruten eng kritesch Presentatioun zu Policestatistike vun enger Kriminologin gehalen, déi eis praktesch gesot huet, datt ee virun allem d’Statistiken zu Gewaltdoten an Drogekriminalitéit net eescht huele kéint, well se vun ze villen externen Aflëss ofhängeg ass. Eng Hausse an deene Statistiken heescht nämlech net onbedéngt, datt d’Leit méi Drogen huelen oder méi Kläppereie sinn, mä hänkt maassgeeblech dovunner of ob de Minister den Ordre ginn huet dës Saache besser ze verfollegen.

Mir hunn mat Hëllef vu BEE SECURE an dem C3L 2 Konferenzen zum Thema ‚(Keng) Panik am Internet‘ ofgehalen. An deem Kader hate mer dann och eng Kéier den Informatiker vun der Gemeng an der Kommissioun, deen eis gezielt huet, datt d’Gemeng eng intern Etude maache gelooss huet wéi sécher hir Serveren an Aarbechtsweis a Saachen Dateschutz wier. Mir kruten do allerdéngs keng weider Informatiounen zou, also weder d’Haaptproblemer gezielt, nach krute mer déi Etude virgeluecht (wisou och?).

Di lescht Sëtzungen hu mer dann nees méi iwwer déi allgemeng Situatioun zu Ettelbréck geschwat an een Thema ass ëmmer rëm opkomm: D’Iwwerwaachungskameraen. Se stoungen nämlech am Koalitiounsprogramm vun CSV-LSAP, goufen dann awer nees vum Schäfferot fale gelooss, nodeems se erausfonnt haten, datt d’Ubannen un de Projet VISUPOL ganz vill Kaschte géing. Dat hält allerdéngs kee Vertrieder vun de Gemengerotsparteien dovunner of se weiderhin an der Kommissioun ze fuerderen…

No 3 Joer Diskussioune solle mir dann elo eis Empfehlunge fir d’Sécherheet ze verbesseren dem Gemengerot iwwerginn. Well ech der Meenung sinn, datt mer zu Ettelbréck manner e Problem a Saache ‚Sécherheet‘ a vill méi a Saachen ‚(On)Sécherheetsgefill‘ hunn ech meng Empfehlungen deemno opgebaut. Déi gi vun Ettelbréck méi hell maachen iwwer SelfDefense-Coursen ubidde bis zu regelméissegen Diskussioune mat den AwunnerInnen iwwer d’Sécherheetssituatioun sou wéi d’Gemeng Esch/Uelzecht dat elo och mécht. Virun allem proposéieren ech awer och datt een zesumme mat der Integratiounskommissioun op Viruerteeler an Ängscht tëscht de verschiddene Communautéiten opmierksam maache soll an esou ee bessert Zesummeliewen ze erméiglechen.

Meng komplett Empfehlunge kënnt der hei noliesen. Ech halen iech an Zukunft dann hei um Blog um Lafen, wat mer esou an der Sécherheetskommissioun beschwätzen.

Foto aus dem Reider 56, Säit 35
Foto aus dem Reider 56, Säit 35

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: