VDS: D’Argumentatioun vum Felix Braz op de Leescht geholl

Nee, wéi der gesitt kommen ech einfach net laanscht eise Justizminister a säi Festhalen un der Vorratsdatespäicherung. Dës Kéier huelen ech seng an der Regierung hir Argumentatioun fir d’Bäibehale vum Prinzip vun der VDS zu Lëtzebuerg op de Leescht.

Déi folgend Zitater sinn alleguerten um Pressebriefing nom Regierungsrot den 23. Dezember gefall, deen der hei nach eng Kéier ukucke kënnt.

Falls de Justizminister iech ze séier schwätzt, kënnt der hei seng komplett Erklärungen zum Prinzip noliesen.

Zum Prinzip ass et leider esou, datt den Arrêt keng honnertprozenteg Äntwert huet, ob de Prinzip nach steet oder ob en wackelt oder scho läit. (…) Mir sinn der Meenung datt de Prinzip (vun der VDS) wäit méi läit ewéi steet, datt en ganz zolitt ugeschloen ass. Mä mir si virun allem der Meenung, datt dat eng prinzipiell Fro ass, déi net soll an 28 Länner national tranchéiert a behandelt ginn. Et ass net gutt, wann op der doter Fro 28 national Legislatiounen duerno niewentenee bestoen. Dowéinst insistéiert d’Lëtzebuerger Regierung, dass et eng europäesch Äntwert ob di Fro nom Prinzip, ob d’Data Retention nach zoulässeg ass oder net, dass di Analys muss gemeinsam gema ginn an dass di Äntwert déi d’Länner dorobber ginn och eng gemeinsam muss sinn. Mir schaffe säit 15 Joer un engem gemeinsame Raum fir Fräiheet a fir Secherheet da kann et net sinn, dass een dozou eng individuell national Positioun hëlt. Verschidde Leit wënschen dat zwar a soen dës Regierung an och anerer sollen de Prinzip bei sech falen dinn. Mir mengen datt dat en ganz oneuropäeschen Usaz ass fir déi Fro ze diskutéieren. Heirobber muss et eng gemeinsam europäesch Positioun ginn an dat ginn ech all deenen ze bedenken déi eis de Reproche maachen, dass mer de Prinzip national nach net gekippt hätten, dat géinge mer mat Bléck op Europa ausdrécklech fir falsch halen. Wat mer awer wäerte maachen an dat ass och ee Rappel, dat ass datt mer hoffen datt d’Kommissioun an dëser Matière eng Initiativ wäert huelen, et gesäit allerdéngs am Moment net duerno aus. A wann se et net maache wäert Lëtzebuerg an der Lëtzebuergescher Présidence d’Fro vum Prinzip vun der Data Retention mat Sécherheet op den Ordre du jour huelen an d’Lëtzebuerger Regierung huet eng kritesch Haltung dozou. Mä mir sinn awer selbstverständlech an der Diskussioun mat 27 anere Partnerlänner an do wäert dann och dee Prinzip do tranchéiert ginn. Dofir bleiwe mer dobäi, dass et falsch wier eng national Entscheedung op deem dote Punkt ze huelen, richteg ass et all di aner Punkte vum Arrêt an dat dote Gesetz ze huelen an dat maache mer an deem Projet de loi, deen elo deposéiert ass.

Zum Prinzip ass et leider esou, datt den Arrêt keng honnertprozenteg Äntwert huet, ob de Prinzip nach steet oder ob en wackelt oder scho läit. (…) Mir sinn der Meenung datt de Prinzip (vun der VDS) wäit méi läit ewéi steet, datt en ganz zolitt ugeschloen ass. (…) d’Lëtzebuerger Regierung huet eng kritesch Haltung dozou.

Ech hunn io scho mol erklärt, wisou ech der Meenung sinn, datt den Arrêt vum 8. Abrëll eigentlech net vill méi kloer konnt sinn an de Prinzip dach relativ kloer gekippt gouf. Op d’mannst, sou kéint een elo denken, huet d’Regierung „eng kritesch Haltung“ zum Prinzip vun der VDS, spréch der sougenannter Anlasslosigkeit, an ass der Meenung „datt de Prinzip wäit méi läit ewéi steet“. Allerdéngs hält se weiderhin dorunner fest, obwuel, an dat huet de Felix Braz selwer an engem anere Kontext während dem Pressebriefing festgestallt, „et (…) hei ëm Grondrechter vu Leit [geet].“ Esou ee fahrlässegt Ëmgoe mat Grondrechter ass a bleift inakzeptabel, an der Regierung hir Erklärung fir hiert Virgoen ännert dorunner absolut näischt!

Mä mir si virun allem der Meenung, datt dat eng prinzipiell Fro ass, déi net soll an 28 Länner national tranchéiert a behandelt ginn. Et ass net gutt, wann op der doter Fro 28 national Legislatiounen duerno niewentenee bestoen. Dowéinst insistéiert d’Lëtzebuerger Regierung, dass et eng europäesch Äntwert ob di Fro nom Prinzip, ob d’Data Retention nach zoulässeg ass oder net, dass di Analys muss gemeinsam gema ginn an dass di Äntwert déi d’Länner dorobber ginn och eng gemeinsam muss sinn. (…) Verschidde Leit (…) soen dës Regierung an och anerer sollen de Prinzip bei sech falen dinn. Mir mengen datt dat en ganz oneuropäeschen Usaz ass fir déi Fro ze diskutéieren. Heirobber muss et eng gemeinsam europäesch Positioun ginn an dat ginn ech all deenen ze bedenken déi eis de Reproche maachen, dass mer de Prinzip national nach net gekippt hätten. Dat géinge mer mat Bléck op Europa ausdrécklech fir falsch halen. (…) Dofir bleiwe mer dobäi, dass et falsch wier eng national Entscheedung op deem dote Punkt ze huelen (…).

Fir de Felix Braz an dës blo-rout-gréng Regierung ass et also en „oneuropäeschen Usaz“ wann een einfach just gären hätt, datt seng, ë.a. vun der europäescher Mënscherechtscharta zougeschwate Rechter och tatsächlech agehale ginn.
Wat ech an deem Abschnitt awer nach vill manner novollzéie kann ass wéi een sech kann dohistellen a soen, datt dat doten eng Fro ass, wou duerno net „28 national Legislatiounen niewentenee“ bestoe sollen, während deem ee grad eng komplett eegen national Legislatioun virstellt. Et mécht een also genau dat, wou een eigentlech verhënnere wëll, datt et geschitt.

Natierlech huet d’Regierung Recht wann se seet, datt een eng eenzeg europäesch Léisung an dëser Saach brauch. Déi Léisung heescht nämlech, datt eng Vorratsdatespäicherung wéi se bis elo bestanen huet verbuede gëtt. Esou eng europäesch Léisung erreecht een awer net, wann ee selwer, aus wéi engem reelle Grond och ëmmer, um Prinzip vun der VDS festhält.

(…) Lëtzebuerg [wäert] an der Lëtzebuergescher Présidence d’Fro vum Prinzip vun der Data Retention mat Sécherheet op den Ordre du jour huelen (…).

Dat ass io schéin a gutt, just huet de Justizminister leider vergiess ze soe wat dës Regierung dann elo genau virschloe wäert…

„Mä mir sinn awer selbstverständlech an der Diskussioun mat 27 anere Partnerlänner an do wäert dann och dee Prinzip do tranchéiert ginn.“

Mënscherechter sinn net verhandelbar!

Pressebriefing De Claude Meisch, Felix Braz an Xavier Bettel um leschte Pressebriefing 2014.(Photo : Fabrizio Pizzolante)

Iwwregens huet et de Felix Braz fäerdeg bruecht am Pressebriefing net eng Kéier d’Wuert „Vorratsdatespäicherung“ ze benotzen. Dat huet dann och dozou bäigedroen, datt just d’Tageblatt gemierkt huet wourëms et genau gaangen ass. De Journal an d’Wort hunn vun „digital rights“ an „Datenschutz“ geschwat…

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: