„An engem Walsystem ewéi eisem verkënnt d’Sëtzverdeelung zu enger Lotterie“

Wien mech kennt, dee weess datt ech absolut net mat eisem Walsystem am Land averstane sinn. Et gëtt keen Aspekt vun dësem System, deen ech net scho mol verdaamt hunn: de Panachage, d’Bezierker, d’Sëtzverdeelung, d’Hürde fir Parteiefinanzéierung, d’Hürde fir Walparticipatioun selwer an neierdéngs och d’Limitte bei der Walwerbung. Ech wäert probéieren an Zukunft zu all dësen eenzelne Punkten en eegene Blogpost ze schreiwen, fänken awer haut mat der Sëtzverdeelung un.

D’lescht Woch huet d’Tageblatt hir reegelméisseg Sonndesfro publizéiert. D’CSV gewënnt no dëser TNS-Ilres-Emfro an all Bezierk 1 Sëtz bäi, d’DP verléiert der insgesamt 3 am Zentrum, Osten a Süden an d’LSAP der 2, nämlech am Norden an am Süden jeeweils 1. Nieft der CSV sinn et just Déi Lénk déi 1 Sëtz gewannen, am Süden.

Diese Diashow benötigt JavaScript.

Prozenteweis verwonneren déi verschidde Resultater sécherlech kee méi, schliisslech hunn Ëmfroen am Virfeld vun dëser schonn an déi heite Richtung gewisen. Kuckt een sech awer d’Sëtzverdeelung un, freet een sech wéi CSV ob esou vill Mandater an der Chamber ka kommen. 27 vu 60 Sëtz bedeite 45% vun de Sëtz, an dobäi kommen se a kengem Bezierk och nëmme knapp un esou ee Stëmmenundeel erun. Virun allem am Norden an am Oste weist sech dës Verzerrung enorm. Am Norde kréien se 40,2% vun de Stëmmen an domadder 5 vun 9 Sëtz (55,5% vun de Mandater) an am Oste gewannen se 40,9% vun de Stëmmen awer 4 vu 7 Sëtz (57,1%).

Dës deelweis krass Verzerrung tëscht Walresultat a Sëtzverdeelung gëtt duerch den zu Lëtzebuerg praktizéierten „d’Hondt“-System provozéiert. Dëse Verdeelungssystem hëlt déi absolut Stëmmenunzuele vun de Parteien a vergläicht se matenaner, wien déi héchsten Zuel huet kritt den éischte Sëtz. Am zweete Schratt gëtt d’Stëmmenunzuel vun där Partei duerch 2 gedeelt, déi den éischte Sëtz krut huet an da ginn d’Zuelen nees verglach. Sollt déi selwecht Partei dee Sëtz och nees kréien, gëtt am nächste Schratt seng Stëmmenunzuel duerch 3 gedeelt. Wuelverstan net d’Zuel déi nom zweete Schratt rauskomm ass, mä et gëtt ëmmer nëmmen déi absolut Stëmmenunzuel gedeelt. An dës Prozedur gëtt soulaang widderholl bis alleguerten d’Mandater verdeelt sinn.

Hei d'Beispill vum Osten. Prozentzuelen aus der Ëmfro si mat 100 multiplizéiert. A Klammere steet de wéi villte Sëtz déi Zuel gewonn huet.

Hei d’Beispill vum Osten. Prozentzuelen aus der Ëmfro si mat 1.000 multiplizéiert. A Klammere steet de wéi villte Sëtz déi Zuel gewonn huet.

Den alternative Verdeelungssystem „Hare-Niemeyer“ ass am Géigesaz zu d’Hondt direkt scho mol méi einfach fir nozevollzéien. Hei gëtt fir d’éischt gekuckt wéi vill „ganz“ Sëtz eng Partei mat hirem Resultat erreecht huet a kritt déi d’office gutt geschriwwen. Am Oste bräicht ee beispillsweis 14,28% fir deen an der Täsch ze hunn. Am Fall vun der aktueller Sonndesfro géing CSV der 2 an DP 1 gutt geschriwwe kréien. Sinn also nach 4 Sëtz ze verdeelen. An hei gëtt elo gekuckt wien dann dem nächste Sëtz am nooste komm ass.

Hei nees d'Beispill vum Osten.

Hei nees d’Beispill vum Osten.

Wéi der gesitt géing d’CSV no dësem Sëtzverdeelungsmodell just op 3 Sëtz kommen. D’adr géing an dësem Fall ee Sëtz bäigewannen.
Hare-Niemeyer verhënnert mat senger Methodik, datt eng Partei méi Sëtz kritt ewéi d’Resultat et vermute léist a behandelt d’Parteien alleguerte fair matenaner. Doriwwer eraus ass mat dësem System déi relativ Sëtzverdeelung méi no um eigentleche Walresultat. An eisem Fall läit déi sougenannten Duerchschnëttsofweichung mat Hare-Niemeyer bei 2,5% während se mat d’Hondt mat 4,6% däitlech méi héich ass.

D’Sëtzverdeelung no Hare Niemeyer an den anere Bezierker (am Verglach mat d’Hondt)

Norden

CSV 4 (-1)
DP 2 (-)
LSAP 1 (-)
Déi Gréng 1 (-)
ADR 1 (+1)

Zentrum

CSV 9 (-)
DP 4 (-1)
LSAP 3 (-)
Déi Gréng 2 (-)
Déi Lénk 1 (-)
ADR 1 (-)
Piratepartei 1 (+1)

Süden

CSV 8 (-1)
LSAP 5 (-1)
Déi Gréng 2 (-)
DP 2 (-)
ADR 2 (-)
Déi Lénk 2 (-)
Piratepartei 1 (+1)
KPL 1 (+1)


D’Iwwerschrëft ass een Zitat vum Europadeputéierten Charel Goerens um Walowend 2013.

Advertisements
Getaggt mit ,

3 Gedanken zu „„An engem Walsystem ewéi eisem verkënnt d’Sëtzverdeelung zu enger Lotterie“

  1. […] der leschter Sonndesfro vum Tageblatt hat ech d’Resultater als Beispill geholl fir ze weisen, datt eppes mat eisem Sëtzverdeelungssystem net stëmmt. Den d’Hondt-System bevirdeelegt di grouss Parteie par Rapport zu deene ganz Klengen enorm. […]

    Gefällt mir

  2. […] D’Zesummeleeë vun de Bezierker geet net duer fir datt d’Parteie proportional zum Walresultat an der Chamber vertruede sinn. D’Hondt muss dowéinst duerch en anere System ersat ginn. Méi Informatiounen dozou hei. […]

    Gefällt mir

  3. […] op dëser Plaz scho méi oft iwwer eisen (nationale) Walsystem gebloggt a mech dobäi ënner anerem iwwert eise Sëtzverdeelungsmechanismus opgereegt. Dee selwechte System gëtt och op Gemengenniveau benotzt a verzerrt och op dësem Niveau […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: