Walsystem: Hürden, Hürden, Hürden

Am éischten Deel vu menger klenger Serie iwwer de lëtzebuerger Walsystem ass et ëm d’Sëtzverdeelung an domadder a gewëssermoossen och schonn ëm Hürde gaangen. An dësen Deel wëll ech iech d’Problemer vun aneren Hürden am Walsystem méi no bréngen, nämlech vun där fir iwwerhaapt un de Walen deelzehuelen, där vun der staatlecher Parteiefinanzéierung an aner fir Parteie relevant Hürden.

Wéi kann ech u Walen deelhuelen?

Wéi a praktesch all demokrateschem Land kann een net einfach esou u Wale participéieren. Zu Lëtzebuerg muss een an all Bezierk 100 Ënnerschrëfte vu WielerInne sammelen – oder et huet een d’Chance als Partei schonn 1 Deputéierten, oder 3 Gemengeréit an där Circonscriptioun ze hunn, dat geet nämlech och duer. De Problem ass och net d’Unzuel vun den Ënnerschrëften déi ee brauch, déi ass ganz ok, a ganz éierlech, wien déi 100 och net zesummekritt, dee brauch och net bis zum Walowend ze waarden fir ze gesinn, datt e keng Ënnerstëtzung an der Bevëlkerung huet. D’Problemer leien op enger ganz anerer Basis.

Et fänkt domadder un, datt ee just 1 Ziedel fir all Bezierk kritt an hält domadder op, datt een deen – esou op jidde Fall am Kader vun Neiwalen – réischt enorm spéit, spréch 3 Woche virum leschten Délai kritt. Et ass also anescht ewéi an Däitschland (hei den Ziedel fir Berlin), wou sou vill Leit Ënnerschrëfte sammele kënnen ewéi der wëllen, mä nee, hei kann dat ëmmer just 1 maachen. Blöd, wann een net vill Zäit huet.
Do dernieft kann et passéieren, datt obwuel een dauernd am Kontakt mat de Leit vum Geriicht (déi si fir d’Verificatioun vun den Ënnerschrëften zoustänneg) an ee genau déi relevant Froe méi wéi eng Kéier gestallt huet, nämlech ob ee just d’Ënnerschrëfte bräicht, ee beemol 2 Deeg virun Délai, well éischter kann een net, bei hinnen da mat den 100+x Ënnerschrëfte virun der Dir steet an déi engem soen datt dat net duergeet. Esou war et eis am August 2013 gaangen. D’Hären an d’Madamen um Geriicht wollte vun eis nämlech beemol nach en Certificat vun der Gemeng nieft all Ënnerschrëft, datt deejéinegen och tatsächlech WielerIn ass, si hätten nämlech „keng Zäit dat och nach ze maachen“, obwuel genau dat hir Aufgab ass, an iwwregens „wier dat nach ëmmer esou gewiescht“. Elo stëmmt et, datt an engem Avis officiel deen an der Press war stoung, datt een „invitéiert“ wier déi Certificate matzebréngen, allerdéngs net, well dat esou virgeschriwwe wier, mä just „de simplifier les vérifications imposées par la loi“. Voilà.
Glécklecherweis ass d’Politik dann awer net esou een eeklegt Geschäft, datt de Konkurrent een an där Situatioun versauere léist, mä virun allem d’Leit vun der DP hunn sech direkt kooperativ gewisen an eis esou erméiglecht den Dag méi spéit mat jeweils 3 Ënnerschrëften (an Dokumenter!) vun Gemengeconseilleren nees beim Geriicht opzetauchen. Merci dowéinst nach eng Kéier vun dëser Säit aus.

Elo muss ee feststellen, datt et enorm schwéier ass – wann net onméiglech fir kleng Parteien, a grad déi sinn io betraff – net nëmme 4 * 100 Ënnerschrëfte vu WielerInnen ze sammelen, mä se och nach dozou beweegt ze kréien direkt mat dir op hir Gemeng ze goe fir do de relevante Certificat ze kréien (a jee no deem op wéi enger Gemeng sde bass nach jee 2€ Gebühren dofir ze bezuelen).
Et ginn 2 alternativ Systemer an anere Länner, déi et de Parteie méi einfach mécht. An Däitschland muss de eng méi grouss Zuel un Ennerschrëfte sammelen, déi da vun enger extra fir d’Walen ageriichtener „Wahlleitung“ d’Ënnerschrëfte bestätegt ginn (oder och net). An do kann een seng Ënnerschrëften dauernd hindroen an et muss een net bis op 3 Deeg virum Délai waarden ewéi hei am Land. Et weess een also dauernd als Partei wou een drun ass, a wéi vill Ënnerschrëften een nach sammele muss. Oder du mëss et ewéi an Éisterräich wou d’Leit net op engem Ziedel fir déi jeeweileg Partei ënnerschreiwen, mä direkt op der Gemeng. Hei ginn awer vergläichsweis wéineg Ënnerschrëfte gefrot fir un de Wale kënnen deelzehuelen.

Lëtzebuerg sollt sech engem vun deenen zwee Modeller upassen, an onbedéngt fort vum verkomplizéierte Mischmasch.

Ab wéini kritt eng Partei Sue vum Staat?

Eng Partei kann nëmmen da vun der staatlecher Parteiefinanzéierung profitéieren, wann se souwuel bei der leschter nationaler an europäescher Wal op mannst 2% an all Bezierk krut, an dobäi ëmmer mat volle Lëschten ugetrueden ass. D’Konditioun vun de volle Lëschten ass zwar blöd, ech kann awer domadder liewen. Méi kritesch fannen ech d’Konditioun, datt ee bei 2 Wale muss ugetruede si fir vun dëser staatlecher Subventioun kënnen ze profitéieren, virun allem elo, wou dës Walen net méi de selwechten Dag wäerte sinn, an eng nei Partei vun dohier 2 käschtenintensiv Walkämpf féiere muss. Do sollt op alle Fall nogebessert ginn.

Nieft dëser direkter staatlecher Parteiefinanzéierung gëtt et zu Lëtzebuerg awer och nach eng Aart „Wahlkampfkostenrückerstattung“. Dës Réckerstattung gëllt awer nëmme fir eng sougenannten „Toutes-Boîtes“ pro Walbezierk souwuel bei National- wéi Europawalen. Et ass kee Problem datt et dës Subventioun gëtt, esou een „Toutes-Boîtes“ ass nämlech enorm deier, mä d’Konditiounen déi drun hänke fir dovunner ze profitéieren. Esou muss een, alt nees, mat enger voller Lëscht am concernéierte Bezierk ugetruede sinn a 5% vun de Stëmmen do kréien. Kleng Parteie kënnen am Géigesaz zu deene groussen net drop vertrauen, datt se déi Hürd iwwertreffen a loossen da léiwer d’Fanger vun dëser kostspieleger Walkampfmethod – eng national Toutes-Boîtes kascht op mannst 45.000€, zum Verglach, d’Piraten haten e Walkampfbudget vun ~23.000€ – an droen hir Zeitunge/Flyere léiwer selwer aus (a verléieren esou Zäit fir Infostänn, -versammlungen oder aner relevant Walkampfaktiounen).
Datt d’Parteien hei net gläich behandelt gi schéngt kloer. Entweder soll all Partei vun esou engem Toutes-Boîtes kënne profitéieren, oder keng. An Zäite vum Spueren tendéieren ech zum Leschteren.

Wat ass mat der Werbung op der Telé a Radio? An d’Tables Rondes?

Ab deem Moment un, wou ee voll Lëschten an alle Bezierker presentéiert, kritt ee vum Staat eng gewëssen Zäit fir Werbung op der Telé an um Radio zur Verfügung gestallt, nämlech all Partei déi gläich. D’Parteie kënnen dann eegestänneg decidéieren, wéi eng Werbung wéini leeft a wéi laang se ass. Doriwwer eraus kënnen d’Parteien sech selbstverständlech nach méi Werbezäit beim jeeweilege Sender kafen.

Bei den offiziellen Tables Rondes ass d’Konditioun déi selwecht. Huet ee keng voll Lëschten, gëtt een net invitéiert.

Hei ginn et da fir de Blogpost ofzeschléissen och keng Beanstandunge méi vu menger Säit aus.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: