Road to „Gemengewalen 2017“: Ukënnegung

Déi lescht Wale sinn nach net laang hir, d’Referendumscampagn ass nach net am gaangen an trotzdem mussen d’Parteien an d’Politiker elo schonn op déi nächst Wale kucken an sech preparéieren. D’Gemengewalen am Oktober 2017, also a gutt 2,5 Joren ginn nämlech wichteg – esou wéi am Fong all Wal.

Fir eis Pirate wäerten d’Gemengewalen a méi wéi enger Hisiicht wichteg ginn. Esou kënne mer endlech – no 8 Joer Parteibestoen – eis éischt Mandater bei Wale gewannen, an dann hoffentlech de Schwong mathuele fir d’Chamberwale puer Méint duerno an d’Europawalen 2019. Fir Mandater ze gewannen muss een allerdéngs Lëschten opstellen, Programmer schreiwen a Walkämpf plangen. A genau dat hunn ech wëlles fir a mat Piraten an der Nordstad ze maachen.

Do dernieft wäert ech iech iwwer déi eenzel Schrëtt, déi mir an der Nordstad wäerte maachen op dësem Blog (an op enger nach ze schafender Parteisäit) um Lafenden halen. Dëst soll op der enger Säit d’Méiglechkeet fir jidderee bidden eis dann ze hëllefen wann hien/hatt dat wëll an et soll natierlech op der anerer Säit fir jiddereen novollzéibar gemaach ginn wat mir an den nächsten 2 Joer esou stiichten.

Bleift mir nach fir d’Annonce ze maachen, datt een éischt Treffe vu Memberen a SympathisantInnen Freides, den 20. Mäerz zu Ettelbréck am Scène Café ab 19 Auer wäert sinn. Ziel vum Treffen ass et erauszefannen wien motivéiert ass um Projet Gemengewalen aktiv matzeschaffen an eventuell schonn éischt grouss Linne fir eist Virgoen an den nächsten 2 Joer festzehalen. Ech freeë mech iwwer jiddereen dee komme wäert a mathëllefe wëll. Wien deen Owend verhënnert ass an awer elo scho weess, datt en an iergendenger Aart a Weis hëllefe wëll, kann sech an de Kommentarer hei drënner, oder bei mir via Mail (claude.feltgen@piratepartei.lu) mellen. Mir kënnen eis dann gären och eng Kéier eenzel treffe fir iwwer alles ze diskutéieren.

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: