Referendum: Jo zum Walrecht fir Net-Lëtzebuerger ab 16!

Nodeems laang genuch iwwer alles méigleches vum Referendum diskutéiert a philosophéiert gouf, ass et elo, knapp 4 Méint virum Stéchdatum, Zäit fir iwwer dat eigentlech wichtegt vum Referendum ze schwätzen, nämlech d’Froen! Ech maachen den Ufank mat den zwou Froen zur Walrechtserweiderung.

Wourëms geet et?

D’Froen u sech si ganz kloer, trotzdem hunn ech d’Gefill, datt vill Leit nach net wierklech verstanen hunn iwwer wat mer de 7. Juni genau ofstëmme wäerten. Beim Walrecht ab 16 ass d’Fro, ob mir de 16- a 17-järegen d’Méiglechkeet wëlle ginn an Zukunft bei alle Wale matzemaachen, ënnert der Konditioun, datt se sech virdrun an d’Wielerlëschten ageschriwwen hunn. Bei den Net-Lëtzebuerger dogéint geet et just ëm déi Leit, déi scho säit op d’mannst 10 Joer am Land wunnen an och scho bei enger Kommunal- oder Europawal zu Lëtzebuerg deelgeholl hunn, mat nees der selwechter Konditioun, datt se sech virdrun an d’Wielerlëschte mussen aschreiwen.
Den Délai bis wéini een op de Wielerlëschten ageschriwwe muss sinn ass 86 Deeg, also bal 3 Méint virun de Walen.

Wisou ech 2 Mol mat Jo wäert stëmmen

D’Ängscht sinn onbegrënnt datt duerch eng Walrechtserweiderung op Net-Lëtzebuerger beemol anescht gewielt gëtt oder d’Parteien sech just nach op dësen neie Grupp vu Leit wäert konzentréieren an esou „déi national Interessien“ vergiessen. Dat wäert schonn alleng dowéinst net geschéien, well esou vill Net-Lëtzebuerger guer net d’Walrecht zouerkannt wäerte kréien an sech dann och nach aschreiwe wäerten.
D’Angscht beim Walrecht ab 16, datt déi Jonk dach souwisou just oninforméiert sinn an dann oniwwerluecht Saache wielen, déi weder si nach aner Leit wëllen ass genau sou falsch. Keen oninforméierte Jonke wäert schonn 3 Méint virun de Walen op d’Gemeng trëppelen an sech an d’Wielerlëschten aschreiwe goen, ganz einfach dowéinst schonn net well en iwwerhaapt net weess, datt an 3 Méint Wale wäerte sinn (dat gëllt och fir d’Net-Lëtzebuerger).

Ganz dovunner ofgesinn, sinn ech der fester Iwwerzeegung, datt an enger Demokratie all Mënsch, muss kënnen un enger Wal deelhuelen, dee vun dëser betraff wäert sinn. An dat sinn nun mol déi Leit, déi um Territoire vun engem spezifesche Land, an dësem Fall Lëtzebuerg, liewen.

P.S: Wien méi Argumenter zum Walrecht fir Net-Lëtzebuerger wëll liesen, deem emfehlen ech dëst Informatiounsblad vun der Plattform Minté!

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: