Referendum: Ministermandater op Zäit begrenzen?

Nieft de Froen iwwert eng eventuell Walrechtserweiderung gëtt de 7. Juni och d’Fro gestallt, ob an Zukunft Mënsche just nach 2 Legislaturperioden hannertenaner dierfe Minister sinn. Mat dëser Fro dinn ech mech am Géigendeel zu deenen anere Froe richteg schwéier, wat och dorunner läit, dat dëst eng nei Diskussioun ass an ech mer bis haut nach net wierklech vill Gedanken zu deem Thema gemaach hunn.

Pro a Contra-Argumenter

Insgesamt muss ech feststellen, datt ech bis elo nach net vill verschidden Argumenter héieren hunn. Ech hoffen datt sech dat am Laf vun der geplangtener Campagne ännere wäert. Bis elo hunn ech a kuerzen Diskussiounsbäitreeg an Interviewe 4 verschidden Argumenter konnten ausmaachen, wouvunner mech der 2 absolut net iwwerzeegen.

Fänke mer mam menger Meenung no bescheuersten Argument un, engem Contra: „D’WielerInne sollen dat entscheeden.“ Wisou dat Argument bescheuert ass? D’WielerInne wiele keng MinisterInnen, mä just Deputéiert. Theoretesch bestëmmt de Grand-Duc nämlech wien Minister gëtt, faktesch maachen dat déi dofir zoustänneg Parteigremie vun de Koalitiounspartner.

Komme mer zum Pro-Argument wat ech bis elo am meeschten héieren hunn: „Een neie Minister kënnt mat vill Elan an Iddien an seng éischt Legislatiounsperiod. Do setzt en dann och e Gros vu senge Projeten ëm. An der zweeter Legislaturperiod ginn dann déi grouss Projeten op en Enn bruecht. Duerno huet e keng nei Iddie méi a verwalt säi Ministère just nach.“ Mol ganz dowunner ofgesinn, datt ech net weess, ob dat richteg ass, sou schwätzt sech dat Argument just do dergéint aus, datt ee MinisterIn méi wéi 10 Joer Chef an engem eenzege Ministère bleift. Wat ass am Fall wou een AgrarministerIn no 10 Joer de Ministère wiesselt an dann Educatiouns- oder WirtschaftsministerIn soll ginn? Huet een dann do keng nei Iddien an et verwalt ee vun Ufank un?

Bleiwen nach zwee global Argumenter, deenen ech prinzipiell alle béid zoustëmmen, déi sech hei awer widderspriechen. „Demokratie lieft vun Erneierung!“ an „Looss déi concernéiert Persoun dach selwer entscheeden, ob e wëll oder net.
D’Demokratie lieft net nëmme vun Erneierung a Wiessel, mä se brauch se och fir ootmen ze kënnen. Dofir gëtt et kee bessert Beispill ewéi de Regierungswiessel zu Lëtzebuerg am Oktober 2013. Am sougenannten CSV-Staat hunn sech an den 30 Joer virdrun esou vill Fonktionnementsproblemer ageschlach, well ëmmer déi selwecht MinisterInnen net à même waren hir eege Feeler ze korrigéieren, geschweige denn unzepaken oder Responsabilitéit ze iwwerhuelen. Beispill dofir ass sécherlech de ganze SREL-Skandal ronderëm de fréiere Premierminister Juncker, oder awer och déi vereenzelt Beamten an de Ministèren, déi zwar hir Pai kruten, awer net geschafft hunn. Sou Problemer kënne just behuewe ginn, wann ëmmer rëm nei Persounen d’Verantwortung hunn an et esou och net zu geféierleche Routine kënnt.
Dem entgéint steet mäi liberale Grondgedanken, datt een de Leit selwer de Choix soll loossen. Wann MinisterInnen der Meenung sinn, datt si och nach genuch nei Iddien a Motivatioun fir eng drëtt Legislatiounsperiod hunn an dobäi net déi uewe beschriwwe Routine falen, da sollen se dat maache kënnen. Do dernieft ginn et io anscheinend genuch MinisterInnen (a Parteien!), déi dëse Projet ënnerstëtzen. Un hinne wier et also fir sech dann dorunner ze halen, och ouni datt et an der Verfassung steet. Wann een dann awer un d’Situatioun beim Ämtercumul denkt, wou och verschidde Parteien a PolitikerInne soen, datt se dergéint sinn datt ee souwuel e kommunaalt wéi nationaalt Mandat kann hunn, se dann awer trotzdem souwuel an der Chamber an an engem Gemenge- oder souguer Schäfferot sëtzen, dann dierf een d’Fro vun der Limitatioun vun de Mandater net genausou naiv ugoen a mengen, dat géing sech vum selwe reegelen. Virun allem, well io och an der aktueller Regierung e puer Ministere säit méi wéi 10 Joer hire Poste besetzen…

Wéi wäert ech dann elo ofstëmmen?

Ech weess et absolut nach net. Ech tendéieren zwar aktuell zum ‚Jo‘, hoffen awer, datt mer d’Campagne vun de Parteien, der Regierung an aneren Akteuren ob dëser Fro inhaltlech weiderhëllefe wäerten. Virun allem hoffen ech op nei Argumenter a Siichtweisen, déi mir bis elo net esou bewosst ware fir mer meng Decisiounsfindung ze vereinfachen.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: