#PNR – Wat ass dat iwwerhaapt?

D’Fuerderung vu Kommissioun an de Memberstaten no engem EU-PNR-System gëtt et op d’mannst schonn esou laang ewéi d’PNR-Ofkommesse mat Australien an den USA. Bis elo huet sech virun allem d’EU-Parlament dogéint gewiert, säit den Terroruschléi zu Paräis schéngt et awer och do elo eng Majoritéit derfir ze ginn. Mee wat ass dat dann elo iwwerhaapt genau? Ass et méi oder schlëmm ewéi déi ëmstridde Vorratsdatespäicherung beispillsweis?

D’PNR, also d’Passenger Name Records, sinn Donnéeën déi d’Fluggesellschafte beim Buche vum Fliger iwwer d’Passagéier späicheren. Dat si bis zu 60 verschidden Donnéeën, wou nieft de ganz normalen Informatiounen zum Fluch u sech, also wouhinner a wéini, och festgehale gëtt wéi ee gebucht huet, nieft wiem een am Fliger sëtzt, wat een u Bord drénkt an ësst, etc. Besonnesch kriddeleg un de PNR-Donnéeën ass awer, datt d’Fluchgesellschaften eng Méiglechkeet hunn fir „Allgemeine Bemerkungen“ iwwer Passagéier festzehalen, déi ëmmer subjektiv an ni verifizéierbar sinn. Hei ginn dann oftmools Informatiounen zur Laun, dem Verhale vun de Leit festgehalen oder awer och ewéi eng Bicher een derbäi huet.
Wisou dës Informatiounen iwwerhaapt zäitweis personaliséiert gespäichert ginn ass a bleift mir perséinlech ee Rätsel.

Wat ass elo geplangt?

D’EU-Kommissioun an d’Memberstate wëlle scho säit 2011 en EU-PNR-System aféieren. Dat heescht datt dës Donnéeën, bei Flich innerhalb der EU a souer déi an d’EU eran oder erausginn, fir en Zäitraum vu 5 Joer gespäichert solle ginn. Dës Donnéeë sollen, bal scho selbstverständlech, beim Kampf géint den internationalen Terrorismus hëllefen. Säit den Terroruschléi vu Paräis gëtt et och eng Majoritéit am Europaparlament fir dëse Projet.

Problemer? Vill ze vill!

Lo kéint een, an dat maache vill Mënscherechtsorganisatiounen, vun enger Vorratsdatespäicherung vu Reessdonnéeë schwätzen. Dat ass awer net ganz richteg. Anescht ewéi bei der VDS, wou – zumindest zu Lëtzebuerg – e Riichter decidéiere muss ob d’Police dës Informatioune ka kréien, sou ass hei keng esou eng juristesch Schrank geplangt. D’Donnéeë sollen zu all Moment, also an Echtzäit an ouni Verdacht vu Police a co. kontrolléiert ginn. Dat nennt een net Vorratsdatespäicherung, mä Rasterfahndung, well d’Autoritéiten op gutt Gléck no „bis elo onbekannte Verdächtege“ siche sollen. An dobäi waren d’Terroriste vu Paräis a Kopenhage viru kuerzem beispillsweis alles aneres ewéi „onbekannt“. D’Geheimdéngschter wosste vun dëse Leit Bescheed. De Problem war vill méi, an dat gleewen ech den Autoritéite souguer, datt d’Servicer net genuch Leit hunn fir all déi „bekannt Verdächteg“ ze iwwerwaachen. Amplaz also dëse Servicer méi Leit zur Verfügung ze stelle fir déi wéineg Neel am Hee méi konsequent ze iwwerwaachen, soll just nach méi Hee opgekippt gi fir villäicht esou weider potenziell Neel ze fannen…

Ee weidere Problem ass, datt déi gespäichert Donnéeë Reckschlëss op perséinlech Kontakter (iwwer Matreesender), de Gesondheetszoustand a souguer d’Relioun (iwwert Iessen) vum Passagéier zouloossen. Un Australien gouf souguer direkt d’Informatioun vun der Reliounszougehéieregkeet viru ginn, woubäi kee wosst wou déi Info hierkoum an obwuel dës Donnée beispillsweis zu Lëtzebuerg vum Staat guer net gesammelt dierft ginn.

Last but not least ginn et selbstverständlech all d’Problemer vun der VDS och hei. Et ass eng anlasslos Sammlung vun Donnéeë vun alle Mënschen déi mam Fliger fléien. En anlasslost Sammele wat vum EuGH zréckgewise gouf, well et weder verhältnisméisseg ass nach d’Privatsphär vun de Bierger dobäi berücksichtegt gëtt.

Et kann een sech an dësem Fall awer glécklech schätzen, datt d’EU-Parlament sech am November dozou entschloss hat, d’PNR-Ofkommes mat Kanada vir d’éischt un ebe jenen EuGH ze verweisen, deen eng manner intrusiv VDS scho fir net kompatibel mat EU-Recht erklärt huet.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: