Suivi Geschlechterquot – Gesetzlech wéi parteiintern

Knapp en halleft Joer no mengem éischte Blogpost zur Geschlechterquot – deen och am Forum verëffentlecht gouf, cool nee?^^ – wollt ech elo nach eng Kéier drop zeréckkomme fir ze ziele wat sech säit dem (net) gedoen huet, souwuel gedanklech bei mir ewéi och parteiintern bei de Piraten.

Gesetzlech Geschlechterquot

D’Regierung huet näischt un hire Pläng geännert a wëll weiderhin fir d’Chamberwalen 2018 eng gesetzlech Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschten aféieren. Ech hunn och ëmmer nach déi selwecht Problemer ewéi am Post vum Oktober beschriwwen.
Ech sinn awer perséinlech ongären een deen nëmme mault, meckert a kritiséiert ouni ze weise wéi een et besser kéint maachen. A menger Iwwerleeung hunn ech mech domadder offonnt, datt di Quot kënnt. Ech ka mer nämlech net virstellen, datt d’DP op dësem Punkt nach ëmfält an domadder di ganz Regierung an d’Wackele bréngt, och wann d’Aussoen aktuell drop hiweisen, datt een net frou mat der Quot ass.

Ech proposéieren, datt een de Parteien d’Flexibilitéit gëtt selwer ze entscheede wéi vill Kandidéierend een op d’Lëschte setzt. Aktuell géing eng Partei mat nëmmen enger „net voller Lëscht“ d’office vun der staatlecher Parteiefinanzéierung an den offiziellen Tables Rondes um Fernseh a Radio ausgeschloss ginn an dernieft géing ee keng gratis Werbezäit op TV a Radio zougeschwat kréien. Do dernieft hunn kleng an nei Parteien haut scho Problemer fir 60 Persounen ze fannen, déi bereet sinn ënnert dem Label vun enger Partei bei Walen unzetrieden. Wann een da bei den nächste Walen nach oppasse muss Leit mam „richtege“ Geschlecht iwwerzeegt ze kréien, da gëtt et fir dës Parteie ganz schwéier, wann net onméiglech. D’Piraten hätten esou 2013 (am Wësse vun enger Quot) mat vill Gléck a guddem Wëllen 3-4 méi Fraen iwwerzeege kënnen, wat um Endresultat, nämlech 75% manner Parteiefinanzéierung, awer näischt geännert hätt. Raimlechkeete wiere vun deem Geld dann net wierklech finanzéierbar an domadder och d’Weiderbestoe vun der Partei a Fro gestallt gewiescht.
Déi ernimmten Nodeeler vun net volle Lëschte solle réischt ab enger manner wéi hallef voller Lëscht gräifen an dernieft d’Lëschtestëmm bei de Walen esou ëmgedeit ginn, datt eng Partei ëmmer déi komplett Unzuel u Stëmme kritt, eben och da wann d’Lëscht net voll ass. D’Parteie wieren zwar ëmmer nach un d’Quot gebonnen, deene klenge Parteie wier awer op ville Punkte gehollef, och wann se mat „net volle Lëschten“ eng gewëssen Unzuel u perséinleche Stëmme verléieren.

Meng komplett Propos ass hei am Detail nozeliesen a wäert um Kongress vun de Piraten de 4. Abrëll zur Diskussioun an Ofstëmmung stoen.

(Interessant an dësem Kontext ass iwwregens eng nei Etude déi zur Konklusioun komm ass, datt Fraen allgemeng net sou gär wéi Männer bei Wale kandidéiere wëllen.)

Parteiintern Fraequot

A mengem Blogpost war ech och zur Schlussfolgerung komm, datt parteiintern Quote méi brénge géingen ewéi déi op de Kandidéierendelëschten, virun allem an och enger Piratepartei. Ech wollt doropshin eng Diskussioun doriwwer an der Partei selwer lancéieren, well ech awer zu där Zäit am Ausland war an och soubal net zeréckkomme sollt, hunn ech dat via Mailinglëscht probéiert, wat dann net geklappt huet. Just ganz wéineg Leit hunn op meng Mail reagéiert an ënner anerem dowéinst gouf da proposéiert eng Table Ronde ze organiséieren, wou mer driwwer diskutéiere sollte wéi mer Frae besser an d’Parteiaarbecht abanne kënnen an eventuell och méi weiblech Membere gewanne kéinten. Dës Table Ronde sollt ronderëm de Weltfraendag sinn a wéi s Du elo richteg mierks, deen Dag ass säit puer Woche laanscht a geschitt ass aus verschiddenen Ursaache leider näischt. Eigentlech hat ech wëlles d’Diskussioun op där Table Ronde ofzewaarden ob ech en Untrag um Kongress elo stelle soll fir eng Fraequot an eise Gremien anzeféieren oder net. Vue datt et déi Diskussioun elo net gouf, sinn ech quasi gezwongen Unträg ze stellen. Een deen eng Fraequot vun opmannst engem Posten am National- a Bezierkscomité virschreift an een aneren deen dës Quot ab 2016 op 2 eropsetzt. (De Pit huet déi selwescht Unträg nach eng Kéier agereecht, just datt en d’Formulatioun geschlechtsneutral gehalen huet, well en der Meenung ass, mäin Text wier esou diskriminéierend. Merci dofir.)

Ech rechnen net domadder, datt och nëmmen ee vun dësen Unträg ugeholl gëtt (et brauch een eng 2/3-Majoritéit), mä ech hoffen dach, datt et den Ufank vun enger serieuxer Ausenanersetzung mam Thema an der Partei ass. Mir kënnen eis et net erlaben dat Thema ëmmer an ëmmer erëm no hannen ze verschieben, well grad eppes aneres wichteges (oder och net sou wichteges) dertëscht kënnt…

Advertisements
Getaggt mit ,

Ein Gedanke zu „Suivi Geschlechterquot – Gesetzlech wéi parteiintern

  1. […] Weekend war Landeskongress vun de Piraten a wéi ugekënnegt hat ech eng Rei vun Unträg déi d’Geschlechterquot betraff hunn diskutéiere…. Kee vun dëse gouf ugeholl an trotzdem sinn ech réckbléckend ganz zefridde mat den Diskussiounen […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: