#LK151 Review: D’Pirate bleiwe beim „Nope“ zur Quot

Leschte Weekend war Landeskongress vun de Piraten a wéi ugekënnegt hat ech eng Rei vun Unträg déi d’Geschlechterquot betraff hunn diskutéiere gelooss. Kee vun dëse gouf ugeholl an trotzdem sinn ech réckbléckend ganz zefridde mat den Diskussiounen déi mer haten.

Déi parteiintern Quot

Bei den Unträg zur parteiinterner Quot hunn ech jo schonn am Viraus gesot gehat, datt et mer vill méi ëm d’Diskussioun iwwer d’Ongläichgewiicht tëscht Mann a Fra an der Partei geet ewéi soss eppes. D’Piraten hunn tatsächlech iwwer d’Thematik konstruktiv geschwat a bis op 1 Interventioun si mer souguer ouni bescheuert Clichéen auskomm. Mir sinn zum Schluss komm, datt d’Fraen an der Partei net de Problem hunn net wouergeholl oder akzeptéiert ze ginn a mer dowéinst och keng Quot brauchen, well d’Frae wann se da fir e Poste kandidéieren och tatsächlech gewielt ginn. Vill méi läit de Problem tatsächlech doranner datt mer vill ze wéineg Fraen an der Partei hunn. Mir hunn dowéinst eng Resolutioun eestëmmeg ugeholl, déi de Präsidium dozou oprifft gemeinsam mat de Memberen eng Strategie ze entwéckele fir dëst krasst Ongläichgewiicht ze reduzéieren.
De gudde Wëllen ass also do, lo ass et un eis all ze weisen, datt mer et och tatsächlech eescht mengen. Affaire à suivre also.

Déi gesetzlech Quot

Bei dësem Untrag hat ech tatsächlech déi liicht Hoffnung, datt e kéint ugeholl ginn, a ganz onberechtegt war dës Hoffnung net, schliisslech hate mer duerno genau sou vill ‚Jo‘ wéi ‚Nee‘-Stëmmen. D’Diskussioun iwwer dësen Untrag war genausou konstruktiv – ewéi eigentlech de komplette Kongress – an aus dem knappe Stëmmresultat huelen ech mat, datt deen Untrag nach net ganz verluer ass. Villäicht ass jo bis zum nächste Kongress am Hierscht/Wanter schonn de Projet de loi zur gesetzlecher Quot op de Wallëschten eraus, sou datt ech e bësse Feintuning u mengem Text maachen an en dann nees zur Diskussioun stelle kann.

Ech beim Verteidege vu mengen Unträg. (Foto: Jerry Weyer)

Ech beim Verteidege vu mengen Unträg. (Foto: Jerry Weyer)

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: