#LK151 Review: Mir brauchen eng Diskussioun iwwer Persounen!

Um Kongress leschte Samschde wollt ech net nëmmen datt mer als Partei iwwer d’Situatioun vun de Fraen diskutéieren, mä och iwwer eis personell Ausriichtung. Well ech d’Gefill net lass ginn, datt ech do dee Moment deelweis „wirres Zeug“ geschwat hunn – Protipp: Keng Notte plus an de Mikro schwätze geet ëmmer schif! – nach eng Kéier meng Gedanken a Wënsch un d’Piraten a Blogformat.

D’Ziel vun de Piraten 2018 bei de Chamberwale muss et sinn 2 Deputéiert an d’Chamber schécken ze kënnen. Eis Aufgab an eis Flicht ass et also déi 2 déi am beschte fir dësem Job gëeegent si fréi genuch ze lokaliséieren an dann och der Ëffentlechkeet bekannt ze maachen. Wat dat wichtegst fir mech an deem Kontext ass, ass datt d’Partei sou geschlosse wéi méiglech kann hannert dem Choix vun deenen 2 Persoune stoe kann an dofir musse mir elo, an net réischt no de Gemengewalen 2017, ufänken doriwwer ze diskutéieren. An dëser Fro sollte mer eis och net just op Leit aus de jeeweilege Bezierker Süden an Zentrum konzentréieren. Wisou sollte mer fräiwëlleg drop verzichten eventuell gutt Leit aus dem Osten oder Norden an d’Chamber ze schécken? D’Walgesetz léist jidderengem d’Méiglechkeet an deem Bezierk ze kandidéiere wou e wëll a vu datt mir eis souwisou fir en eenheetleche Walbezierk asetzen, wou déi aktuell Residenz keng Roll méi spillt, sollte mer och vun dëser Regelung profitéieren.
Mir brauchen dës Diskussioun och ganz einfach dowéinst, well mer se bis elo nach net haten. Mir waren 2013 sou vill domadder beschäftegt eis Lëschte voll ze kréien, de Programm séier zesummenzeschreiwen, Sue fir d’Campagne anzesammelen, d’Campagne virzebereeden, sou datt mer dee Moment einfach net méi dozou komm sinn. Et dierf een net vergiessen, datt d’Walen 9 Méint ze fréi komm sinn. A mir hunn mengen ech an där Zäit och net wierklech iwwer d’Méiglechkeet nogeduecht, datt net de Sven Clement, dofir awer een aneren, nämlech de Marc Goergen an d’Chamber komme kéint, a schlussendlech ware mir just 0,3% – 0,5% vun de Stëmmen am Süde vun dësem Szenario fort. An ech perséinlech hu säit dem mat kengem Pirat geschwat, deen sech domadder wierklech hätt kënnen ufrënnen.

All Pirat sollt sech also froen, wien hien oder hatt als beschtméiglechst Representante fir d’Piratepartei ugesäit. Et soll een da mat deene Leit eng Kéier schwätzen, ob deejéinegen sech déi Aufgab selwer zoutraut an ob en dat och tatsächlech wëll maachen. Wann dat bis gemaach ass kann een am grousse Krees diskutéieren an och iergendwann d’Decisioun treffen. An den Iwwerleeungen dierf een awer och net vergiessen, datt 1 Joer no de Chamberwalen och schonn Europawale sinn, an datt ee fir déi jo och eng Spëtzepersoun brauch…

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: