Argumentencheck: Nee2015.lu

Anescht wéi d’Unhänger vum ‚Jo‘ zum Walrecht fir Net-Lëtzebuerger, déi sech an der Plattform MINTE zesummegedoen hunn, gëtt et keen eenheetleche Grupp déi den ‚Nee‘ representéiert. Net desto trotz ginn et vill Privatinitiativen, wou sech Nee2015.lu als déi am meeschten ënnerstëtzten erauskristalliséiert. Op hirem Internetsite hunn se en Argumentaire géint d’Walrecht fir Net-Lëtzebuerger publizéiert, deen ech mer an dësem Blogpost méi genau ukucken.

1. Wielen sollen déi Leit, déi sech fir d‘Lëtzebuerger Nationalitéit entscheed hunn an domat weisen, dass se sech mat eiser Sprooch, eiser Geschicht, eiser Identitéit an eisen Traditiounen identifizéieren an doduerch eng emotional Bindung zu eisem Land hunn.

Dat éischt Argument schéngt fir d’Initiativ och dat Wichtegst ze sinn, schliisslech steet et och nach eng Kéier an hirem Banner uewen op der Säit, wéi och op Facebook.
Problem un dësem ganzen Argument ass, datt beispillsweis ech dann och kee Walrecht dierft hunn. Ech hu mech nämlech, ewéi di meeschte Lëtzebuerger iwwregens, ni explizit fir dës Nationalitéit entscheed. Ech krut se einfach well meng Elteren och Lëtzebuerger sinn an ech hei gebuer gouf.
Do dernieft kann ech mech och net mat „eiser Identitéit an eisen Traditiounen“ identifizéieren, ganz einfach well ech net weess wat domadder gemengt soll sinn. D’Fro vun der Identitéit ass schwiereg, well kann ee Land eng eegen Identitéit hunn? A wann jo, wéi gesäit se aus? Ass déi national Identitéit en Zesummeschloss vun alle perséinlechen Identitéite vun de Leit am Land, also sou faarweg an ënnerschiddlech wéi ee Reebou? Dann kann ech mech absolut domadder identifizéieren. Ech denken awer net, datt d’Leit vum ‚Nee‘ dës Interpretatioun deelen, wann ech mer sou ukucke wat se vun sech ginn. Eis Traditiounen dergéint si méi kloer definéiert. D’Regierung huet souguer eng Broschür dozou erausginn. Direkt am éischte Saz heescht et „La plupart des us et coutumes luxembourgeois remontent aux traditions religieuses du pays.“ Hmm, nee, mat Reliounen am allgemengen a mam Chrëschtentum konkret kann ech mech net identifizéieren. Wann een déi reliéis Braucher bei den an der Broschür virgestallten ewech léisst, bleiwen der just nach 2 iwwreg. Den 1. Mee an Nationalfeierdag. Den 1. Mee ass näischt Lëtzebuergesches, et ass en Dag deen international gefeiert gëtt. Nationalfeierdag ass a Wierklechkeet keen Nationalfeierdag, mä et ass den Dag wou de Gebuertsdag vum Grand-Duc offiziel gefeiert gëtt. Ee Grand-Duc deen a sengem Liewen näischt aussergewéinleches gema huet fir dee Posten ze kréien, ausser gebuer ze ginn. Kann ech mech mat der Monarchie identifizéieren? Nee.
An eng „emotional Bindung“ zum Lëtzebuerger Land hunn ech och net. Sou Bindungen hunn ech perséinlech just zu Frënn, Famill, engem Fussballveräin an eventuellen Hausdéieren.

2. Mam Auslännerwahlrecht ginn d’Lëtzebuerger hir Souveränitéit op. Den Artikel vun der Verfassung „la puissance souveraine réside dans la nation“ misst nämlech gestrach ginn. Domat wier dat den Ufank vum Enn vun eiser Natioun. D’Lëtzebuerger hu vill Affer mussen bréngen fir hir national Souveränitéit ze behalen. Wat géifen eis Elteren an Grousselteren soen wann mir dat elo fräiwëlleg opginn?

D’Lëtzebuerger ginn hir Souveränitéit net op, wann mer d’Walrecht och Net-Lëtzebuerger ginn. Mir deelen se doduercher, domadder gëtt se awer net manner wärt oder ähnleches.
D’Lëtzebuerger hunn am 1. an am 2. Weltkrich vill Affer fir hir perséinlech Fräiheete misse bréngen, haut benotze mer dës Fräiheete fir wichteg Decisioune selwer an de Grapp ze huelen. Eis Virfore wieren dorobber verdammt houfreg.

3. D’Auslännerwahlrecht féiert dozou dass eis Sprooch op politeschem Plang géif lues a lues verschwannen. Spéider wuel och an der fonction publique an an de Schoulen.

Ech kann net an d’Zukunft kucken, ech bezweifelen dës Behaaptung awer enorm. Eist Land huet 3 offiziell Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Et gëtt kee raisonnabele Grond wisou dat sech mam Walrecht fir Net-Lëtzebuerger ännere sollt.

4. D’Lëtzebuerger am Ausland kréien och néirens d’Wahlrecht. An et ass falsch fir vun engem „Awunnerwahlrecht“ ze schwätzen, well dann kéinten jo déi 34.000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, néirens méi wielen goen.

Et ass tatsächlech keen „Awunnerwalrecht“ wouriwwer mer am Referendum ofstëmme wäerten. Datt d’Lëtzebuerger awer néirens am Ausland e Walrecht kréien ass falsch, sou beispillsweis am Chile.

5. D’Chamber vertrëtt d’Natioun an d’Natioun dat sinn d’Lëtzebuerger, egal wou se wunnen. D’Chamber vertrëtt net d’Auslänner. Déi hunn hir eegen Parlamenter.

Falsch. Artikel 50 vun der lëtzebuergescher Constitutioun seet folgendes: „La Chambre des Députés représente le pays.“ An zum Land gehéieren och d’Net-Lëtzebuerger.

6. D’Auslänner ënnerstinn zum Deel deenen Gesetzer aus deem Land wou si och de Pass hunn an net de Lëtzebuerger Gesetzer. Bei engem Auslännerwahlrecht géifen si hei ofstëmmen iwwer Gesetzer déi awer nëmmen d’Lëtzebuerger betreffen.

Bei Wale ginn Deputéiert gewielt, déi dann d’Gesetzer stëmmen. Keen Net-Lëtzebuerger kann Deputéierte ginn, och mam geplangtene Walrecht fir Net-Lëtzebuerger. Am zweete Saz feelt vun dohier een ‚indirekt‘. D’Deputéiert hunn absolut kee Grond dës spezifesch Gesetzer op ee Mol komplett op d’Kopp ze geheien, just well Net-Lëtzebuerger matwiele kënnen.

7. Wielen sollen déi Leit déi sech och laangfristeg fir d’Zukunft vun Lëtzebuerg interesséieren an net just fir e puer Joer hei sinn an dann erëm zeréck an hir Heemecht ginn.

Ech weess net ob all Lëtzebuerger beim Wielen ëmmer déi „laangfristeg Zukunft“ am Hannerkapp behält. Sollen déi dann net wielen dierfe goen? Wat ass mat eelere Leit, déi keng Kanner hunn? Déi hunn keen Interêt doranner sech ze iwwerleeë wat an 30 Joer villäicht kéint sinn, mä déi kucken nom elo.

8. D’Zesummeliewen zwëschent Lëtzebuerger an Auslänner ass problemlos. D’Auslänner hunn ni en Wahlrecht fir déi lëtzebuergesch Nationalwahlen gefrot. Elo besteet de Risiko, dass eis Gesellschaft gespléckt gëtt: op der enger Säit déi lëtzebuergesch Wieler an op der anerer Säit déi auslännesch Wieler.

Falsch. Natierlech gëtt et d’Fuerderung vun engem net klengen Deel vun den Auslänner hei am Land fir d’Walrecht bei Chamberwalen ze kréien.
Wann se d’Walrecht net kréien, da bleift eis Gesellschaft gespléckt, nämlech a Leit mat Walrecht, de Lëtzebuerger, a Leit ouni, den Auslänner. Wann se d’Walrecht kréien, dann ass d’Gesellschaft héchstens gespléckt a Leit déi d’CSV wielen an a Leit déi aner Parteie wielen. Ëmfroe weisen nämlech drops hin, datt sech um Walresultat net vill ännere géing wann och Net-Lëtzebuerger dierfte matwielen.

9. Bei engem Auslännerwahlrecht stellt sech d’Fro firwat d’Auslänner en WahlRECHT kréien awer fir d’Lëtzebuerger dann weiderhin soll eng WahlPFLICHT bestoen?

Dat do ass keen Argument géint d’Walrecht fir Net-Lëtzebuerger. Et ass héchstens en Argument géint d’Walflicht nodeems beim Referendum mat ‚Jo‘ gestëmmt gouf.

10. Am Fall vun engem Auslännerwahlrecht hätten d’Auslänner manner Motivatioun fir Lëtzebuerger ze ginn an sech op deem Wee vollstänneg an déi Lëtzebuerger Gesellschaft ze integréieren.

Ob een an enger Gesellschaft integréiert ass oder net hänkt net vun der Nationalitéit of. Sou ginn et haut schonn Auslänner déi perfekt am Land, an hirer Gemeng, an hirer Cité integréiert sinn, awer genau sou och Lëtzebuerger déi näischt mat anere Leit wëllen ze dinn hunn. Bei deenen kann een dann net dovunner schwätzen, datt se integréiert sinn.

Fazit

Et ass net een Argument derbäi wat wierklech standfest ass. Wann net mat difuse Konstrukter a Begrëffer ewéi der ‚Natioun‘ oder ‚Identitéit‘ ronderëm geworf gëtt, gi Behaaptungen an de Raum gestallt, déi entweder absolut net stëmmen oder einfach net iwwerpréifbar sinn, well se sech an der Zukunft ofspillen. Et gëtt just drop ofgezilt de Leit Angscht ze maachen. D’Argumenter sinn deelweis souguer Realsatir pur. Et fäert een ëm d’lëtzebuerger Sprooch, et benotzt een awer direkt am nächste Saz selwer eng franséisch Expressioun („fonction publique“).
Doriwwer eraus ginn Ufuerderungen un d’Walrecht gestallt (aktiv Entscheedung zur lëtzebuerger Nationalitéit, „emotional Bindung zum Land“, „laangfristeg Iwwerleeungen“) déi esou vu ville Lëtzebuerger mol net erfëllt (kënne) ginn.

Advertisements
Getaggt mit ,

2 Gedanken zu „Argumentencheck: Nee2015.lu

  1. Marc Gerges sagt:

    Ech hat lo just en … interessanten … Discours op Facebook. D’Argumentatiounskraaft ass wierklech net sou héich. 😦

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: