Conseil de l’Europe veruerteelt Masseniwwerwaachung schaarf. Oder: Ernüchternd.

De Conseil de l’Europe huet den 21. Abrëll dëst Joer eng Resolutioun géint Masseniwwerwaachung gestëmmt. A wat fir eng. Net nëmmen nennt se d’Iwwerwaachung dat wat se ass, nämlech „eng Gefor fir d’Mënscherechter“, mä rifft d’Länner och dozou op ee wierksame Schutz fir Whistleblower, inklusiv Asylrecht, national en place ze setzen.

Ee puer Punkten aus der Resolutioun erausgepickt:

4. The surveillance practices disclosed so far [by Edward Snowden] endanger fundamental human rights, including the rights to privacy, freedom of information and expression and the rights to a fair trial and freedom of religion. (…) These rights are cornerstones of democracy. (…)

8. The consequences of mass surveillance tools such as those developed by the United States and allied services falling into the hands of authoritarian regimes would be catastrophic. In times of crisis, it is not impossible for executive power to fall into the hands of extremist politicians, even in established democracies. (…)

11. The Assembly recognises the need for effective, targeted surveillance of suspected terrorists and other organised criminal groups. Such targeted surveillance can be an effective tool for law enforcement and crime prevention. At the same time, it notes that, according to independent reviews carried out in the United States, mass surveillance does not appear to have contributed to the prevention of terrorist attacks, contrary to earlier assertions made by senior intelligence officials. Instead, resources that might prevent attacks are diverted to mass surveillance, leaving potentially dangerous persons free to act.

19.1. The Assembly therefore urges the Council of Europe member and observer States to ensure that national law allows the collection and analysis of personal data (including so-called metadata) only with the consent of the person concerned or following a court order granted on the basis of reasonable suspicion of the target being involved in criminal activity (…).

19.3. The Assembly therefore urges the Council of Europe member and observer States to provide for credible, effective protection for whistle-blowers exposing unlawful surveillance activities, including asylum, as far as possible under national law, for whistle-blowers threatened by retaliation in their home countries, provided their disclosures qualify for protection under the principles advocated by the Assembly

Am Fong huet et sou zimlech all Punkt et verdéngt eng méi genau Analys ze kréien, ech ginn awer just op den 19.1. méi genau an. Wéi schonn de Kommissär fir d’Mënscherechter vum Conseil de l’Europe ass och déi Parlamentaresch Versammlung enorm kritesch mat sougenanntener „anlassloser, flächendeckender Iwwerwaachung“. Net nëmmen halen se fest, datt Masseniwwerwaachung net hëlleft am Kampf géint den Terrorismus (Punkt 11), mä fuerderen d’Memberlänner dozou op dës Aart vun Iwwerwaachung anzestellen an op eng verdachtsbaséiert Iwwerwaachung zréckzegräifen. Domadder seet de Conseil de l’Europe ganz kloer Nee zu Iwwerwaachungsmesuren ewéi enger Vorratsdatespäicherung.

Lo kann een sech iwwer dëse couragéisen a wichtege Vote freeën. Och a virun allem doriwwer, datt déi gesamt lëtzebuergesch Delegatioun, namentlech de Marcel Oberweis, de Marc Spautz (allen zwee CSV) an den Yves Cruchten (LSAP) dëser richtungsweisender Resolutioun zougestëmmt hunn. Nieft deenen Dräi sollt dann och d’Presidentin vun der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot, d’Anne Brasseur (DP) mat dëser iwwerwaachungskritescher a mënscherechtsfrëndlecher Positioun averstane sinn. Wann mer déi Véier elo nach dozou kréichen, dës Positioun an der Chamber selwer ze vertrieden, vläit hätte mer dann eng Chance géint d’Vorratsdatespäicherung…

Mä wat erwaarden ech hei rëm vun den Hären a Madamen Deputéiert. Et schéngt absolut net méiglech ze sinn, datt d’Madamen an d’Hären Deputéiert och nëmmen eng eenzeg Kéier eng kohärent Positioun vertrieden. Ech fannen dat traureg an ernüchternd.

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: