Walrecht ab 16: D’Fro muss erkläert ginn!

Kuckt een sech de leschte Politmonitor vu Wort an RTL un, dann ass d’Fro zum Walrecht ab 16 déi di wuel am Däitlechsten de 7. Juni vun de LëtzebuergerInnen ofgelehnt gëtt. Just 28% vun de befrotene Leit géinge mat ‚Jo‘ stëmmen.

Sondage soen, datt d'Walrecht ab 16 wuel däitlech ofgelehnt gëtt...

Sondage soen, datt d’Walrecht ab 16 wuel däitlech ofgelehnt gëtt…

Ech perséinlech froe mech wisou esou vill Leit net wëllen datt och 16- a 17-järeger matstëmmen dierfe sollen. En Sondage am Optrag vun der CGJL bréngt do wuel eng gewëssen Opklärung. Do gëtt d’Fro nom Walrecht nämlech den anere Wee gestallt. Also net, ob een de Jugendlechen d’Walrecht wëll ginn, mä op een et hinne refuséiere géing. Dat géing da just nach eng Minoritéit maachen, nämlech 43%. Am Géigesaz géinge 50% et de Jugendlechen net refuséieren.

...stellt een d'Fro awer anescht, géing just nach eng Minoritéit de Jugendlechen d'Walrecht verweigeren.

…stellt een d’Fro awer anescht, géing just nach eng Minoritéit de Jugendlechen d’Walrecht verweigeren.

Mir weist dat, datt vill Leit d’Fro net sou richteg verstane kënnen hunn. Et muss nämlech net all 16- oder 17-järege wiele goen, mä mir gi mat engem ‚Jo‘ deenen d’Méiglechkeet ze wielen, déi dat wierklech wëllen an sech dofir och selwer capabel fillen. Net vergiessen dierf een heibäi, datt ee just d’Méiglechkeet kritt wielen ze goen, wann een sech bis 3 Méint virun de Walen ageschriwwen huet.

D’Fro déi sech mir elo just nach stellt ass wisou dëse Sondage bis elo nach absolut net an de Medien thematiséiert gouf. Normalerweis stierzen se sech nämlech ob all Sondage dee gema gouf…

Update: Mol keen Dag no der Verëffentlechung vun dësem Blogpost hunn den RTL, Eldoradio an d’Wort en Artikel zu dësem Sondage geschriwwen. Et ass also gutt méiglech, datt weder d’CGJL nach TNS-Ilres op dësen dann dach interessante Sondage higewissen hunn.

Advertisements
Getaggt mit ,

2 Gedanken zu „Walrecht ab 16: D’Fro muss erkläert ginn!

  1. Salut,

    ech sin mir nach net secher ob des Froen wirklech berechtegt sin, oder et einfach keng gudd Idee soll sin dass Jugendlecher (ech wor nach en Kand mat 16 Joer) wielen dierfen goen.

    Ech stellen mir dann emmer d’Froo: hätt ech mat 16-18 Joer eng vornünfteg Wiel getraff?
    Haut kann ech soen: Nee!

    Froo stellt sech mir dann, ob desen Choix wielen ze goen dann net keint ausgenotzt gin, bzw. am Fall wou et sech weisen gierf dass d’Majoriteit vun desen Jugendlechen souweisou keen Interesse huet wielen ze goen, einfach emsoss wor.

    Gefällt mir

    • klotiii sagt:

      Hallo,

      Dat Schéint un dëser Variant vum Walrecht ab 16 ass io, datt wierklech jiddereen deen am Fall ass sech selwer froe kann, ob hien/hatt sech capabel a gutt genuch informéiert fillt fir mat wielen ze goen. All Mënsch entweckelt sech och anescht, just well Dir iech deemols nach als Kand ugesinn hutt, muss dat net fir jiddereen aneren och gëllen. Ech perséinlech hätt z.B. gären d’Méiglechkeet gehat mat 16 oder 17 wielen ze goen.

      Dat mat der vernünfteger Wiel, dat weess een och ëmmer réischt méi spéit. Ech ka mat menger Wal vun 2013 an 10 Joer enorm onzefridde sinn. Meenungen a politesch Positiounen evoluéieren dat ganzt Liewe laang. Dat ass awer kee Grond d’Leit net wielen ze loossen.

      A wa sech just 1 Jugendlechen op d’Wallëschten aschreiwe geet, huet sech d’Aféiere vum Walrecht ab 16 scho gelount. Deejéinege konnt dann nämlech mat iwwer seng Zukunft ofstëmmen.

      Bescht Gréiss,
      Claude

      Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: