Walsystem: Di Saach mat der Walflicht…

D’Walflicht ass nieft dem Panachage wuel déi Charakteristik schlechthin vum lëtzebuergescher Walsystem. Laut dem leschte Politmonitor gëtt se och vun der lëtzebuergescher Bevëlkerung gedroen, knapp 80% vun de Leit hätte gär datt se viru Bestand huet. Trotzdem steet se aktuell ganz oft am Mëttelpunkt vun den Diskussiounen, nämlech wéinst dem Referendum a knapp zwou Wochen.

An zwar versti ganz vill Leit net, wisou sech d’Net-LëtzebuergerInnen an déi Jugendlech an Zukunft solle selwer eraussiche kënnen ob se wiele wëlle goen oder net. Domadder géinge jo, sou d’Argumentatioun virun, zwou Klasse vu Bierger geschaf ginn an dat kënne mer jo net wierklech wëllen, oder? (Datt wann d’Net-Lëtzebuerger weiderhi kee Walrecht op nationalem Niveau kréie mer io awer trotzdem zwou Klasse vu Bierger hunn, dat schéngt mer sou evident, datt ech net weider drop aginn.) Dobäi hu mer haut scho LëtzebuergerInnen déi keng Walflicht méi hunn: Mënschen iwwer 75 a LëtzebuergerInnen déi am Ausland liewen. An all den Diskussiounen déi ech schonns hat huet nach keen eng Walflicht och fir déi Leit gefuerdert. Do dernieft gëtt et jo och haut déi Prozedur mam Aschreiwe fir Net-LëtzebuergerInnen, nämlech bei Kommunal- an Europawalen. Och do seet keen, datt all déi Auslänner, déi d’Konditiounen erfëllen dann och ëmmer d’office direkt wiele misste goen. Esou eng Fuerderung gëtt et elo just fir den nationalen Niveau a gëtt souguer vun der gréisster Dageszeitung zu Lëtzebuerg matgedro. Mir wëll déi Denkweis net an de Kapp goen.

Wat oft vergiess gëtt: Och haut ginn et scho LëtzebuergerInnen ouni Walflicht! Esou Leit iwwer 75 an déi di am Ausland liewen.

Vläit läit dat och dorunner, datt ech souwisou kee Frënd vun der Walflicht sinn. Virun allem a Kombinatioun mat engem restriktive Bréifwalrecht an enger Justiz déi säit Jorzéngte kee méi bestrooft huet déi dergéint verstouss hunn.
Natierlech kennen ech d’Zuelen an d’Analysen aus dem Ausland déi kloer weisen, datt virun allem déi sozial méi schwaach Leit, also déi di et eigentlech néideg hätten ze wiele fir hir Situatioun ze verbesseren, net méi wiele ginn. Dat ass awer absolut verhënnerbar, wann een de Wëllen dozou huet.

  • Koppel d’Parteiefinanzéierung un d’Walbedeelegung a scho sinn d’Parteien aus eegenem Untrieb dorunner motivéiert dozou ze suergen datt d’Leit wiele ginn.
  • Intensivéier d’politesch Bildung fir déi ganz Bevëlkerung, esou datt d’Leit net vergiesse wéi wichteg an entscheedend d’Wale sinn. Leit déi wësse wéi wichteg hir Stëmm ass ginn se och of.
  • Verbesser d’partizipativ Méiglechkeete fir d’Bierger, sou datt se selwer Afloss op d’Politik kënnen huelen. Domadder wierkt een der allgemenger Politikverdrossenheet entgéint.
  • Veränner de Walsystem esou, datt net méi d’Käpp am Vierdergrond stinn, mä d’Parteien an hir Programmer. Esou kritt een den eigentlechen Debat an domadder den Interessi un der Politik belieft.

Am Kader vum Referendum sollt d’Walflicht dann och keen Argument fir oder géint eng Propose sinn, mä mir sollten dës Diskussioun mat där vum Walsystem insgesamt kombinéieren, déi geschwënn wäert ufänken. Vläit fanne mer dobäi jo dann eng Léisung mat där jidderee liewe kann.

Advertisements
Getaggt mit , ,

3 Gedanken zu „Walsystem: Di Saach mat der Walflicht…

  1. […] gerne als Pseudoargument benutzt, obwohl es überhaupt nichts mit der Realität – weder mit der tatsächlich durch die einmalige Ausübung des Wahlrechtes eintretende Wahlpflicht für Ausländer_i…, noch mit der seit den 1960ern nicht mehr praktizierten Ahndung von Nichtwähler_innen – zu tun […]

    Gefällt mir

  2. Tom sagt:

    Géif d’Koppelung vu Parteiefinanzéierung un d’Wahlbedeelegung net dann zu engem „free rider“ Problem ginn?
    Et erlabt een domat enger Partei net wirklech vollen Asatz op deem Punkt ze ginn. Schliesslech wäerten, a mussen, déi aner – an enger Team-Arbecht wéi an der Schoul (Toll Ein Anderer Machts) – jo d’Wahlbedeelegung probéieren héij ze halen fir selwer vun der Parteienfinanzéierung ze profitéieren. An anere Wierder: all Partei kritt herno Suen vum Staat, ob een elo eppes dofir geschafft huet oder net.

    Gefällt mir

    • klotiii sagt:

      Huhu,

      Sécherlech besteet dann do d’Gefor datt eng Partei sech net grad sou fir dëse Punkt asetzt. Ech denken awer, datt dat dann Repercussiounen op hirt Walresultat hätt, well déi aner Parteien jo dann méi Wieler mobiliséieren, an se dann doduercher net nëmmen u Geld, mä och u Sëtz an der Chamber géinge verléieren.
      D’Parteiefinanzéierung ass io schliisslech och un d’Walresultat gekoppelt, an dat sollt duerch dës Mesure och absolut net geännert ginn.

      Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: