Hypnagog Erscheinungen

Has Du dat och scho mol, datts de zwar waakreg, däi ganze Kierper an däi Gehir awer nach op Schlofen agestallt waren? Ech hunn dat reegelméisseg säit gutt 4 Joren. Am Fachterminus nennt sech dat „Hygnagogie“ oder och einfach „Schlofparalys“.

Bei mir trëtt d’Hypnagogie zimlech direkt nom eigentlechen Aschlofen an. Ech gi waakreg, also maache meng An op, gesinn also datt ech a mengem Bett leien, ansonsten ass awer näicht wéi et soss ass. Vir d’éischt héieren ech esou een Hannergrondrauschen, wéi wann sech alles a mengem Kapp géing ganz séier dréinen. Et spiert een datt d’Decke beemol vill vill méi schwéier ginn ass. Et huet een direkt d’Gefill, datt nach iergendeppes an denger Kummer ass, heinsdo mengt ee souguer et géing op oder nieft engem leien. A verschiddene Fäll hunn ech souguer eng däischter Gestalt iwwer mir schwiewe gesinn. Dat Schlëmmst um Ganzen ass awer ganz kloer, datt een sech géint all dat net wiere kann, et kann een sech nämlech iwwerhaapt net beweegen. Dat Ganzt dauert net sou laang, vläit 3 Minutten am Duerchschnëtt, et kënnt engem awer wéi éiweg vir.

Gëschter hat ech nees sou eng hypnagog Phas. An zwar déi bis elo am Schlëmmste respektiv intensivste fir mech. Säit mengen éischten hypnagogen Erfahrunge schlofen ech just nach um Bauch. Am Ufank huet dat och gehollef. Déi Situatioune si vill manner oft agetrueden a wann se virkomm sinn, dann hat ech eigentlech just déi Geräischer am Kapp a schlëmmstefalls doduercher bësse Kappwéi. Dës Kéier war et awer vill, vill méi schlëmm. Nieft den eigentleche Geräischer hunn ech och d’Stëmme vu mengen Elteren héieren an dat kloer an däitlech. Ech hu kloer gespuert, net nëmmen datt een nieft mengem Bett stoung, mä och wéi deen seng Fangeren op mäi Réck geluecht huet.

Déi ganz Situatioun huet mech esou ageholl, datt ech dräi Mol ganz haart virun Angscht, obwuel ech genau wosst wat lass wier, hu misse jäizen. Där Iwwerzeegung war ech op d’mannst mol. Meng Mam, déi selwer Problemer hat fir anzeschloen, wéinst Vollmound oder sou, huet mer awer de Mëtte gesot et wier alles, wéi ëmmer, roueg gewiescht…

Bass Du och vu Schlofparalys oder ähnleche Schlofproblemer betraff? Géing mech enorm freeë wanns Du ee Kommentar ënnert dem Artikel hannerléisst a mir vun Dengen Erfahrungen ziels. Gären och vun deem wats Du ënnerhëls fir ze verhënneren datt et zu sou Situatioune kënnt.

Merci!

Advertisements

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: