BNDNSA-Affär: Kuerz um Radar, elo nees verschollen a vergiess

Viru gutt engem Mount war d’Opreegung grouss am klenge Lëtzebuerg, schliisslech koum eraus, datt den däitsche Geheimdéngscht BND fir d’NSA verschiddenst Internetleitunge vun an op Lëtzebuerg ugezaapt an total iwwerwaacht huet. Elo gouf dësen abermools dausendfache Broch vun eise Mënscherechter einfach nees vergiess.

Säit elo iwwer 2 Joer komme quasi deeglech nei Revelatiounen iwwer d’Iwwerwaachungspraktike vun der NSA. Scho säit der éischter Publikatioun vun de Snowden-Dokumenter wësse mer, datt den amerikanesche Geheimdéngscht quasi jiddereen ausspionéiert mat Hëllef vum Programm PRISM. Trotzdem war d’Thema ni wierklech aktuell zu Lëtzebuerg. Dowéinst hunn ech mech bal scho gefreet, wou leschte Mount vum éisterräicheschen Deputéierte Peter Pilz Dokumenter publizéiert goufen, wou Lëtzebuerg direkt e puer Mol erwähnt gouf. Endlech, sou naiv hunn ech geduet, géinge mer elo och am verschlofene Lëtzebuerg net méi derlaanscht komme fir iwwer eist Recht op Privatsphär, iwwer d’NSA a seng Praktiken ze diskutéieren.

Bettel Merkel
„Ich muss Ihnen sagen: Die Verhältnisse zwischen Deutschland und Luxemburg sind einfach hervorragend.“Xavier Bettel zu Berlin, 32 Deeg nodeems bekannt gouf, datt de BND Internetleitunge vu Lëtzebuerg ofzaapt.

Den éischte Moment huet et och relativ gutt ausgesinn. Eis Chamberparteien an d’Deputéiert sinn aus hirem jorelaange Schlof erwächt an hu méi parlamentaresch Froen zum Thema gestallt ewéi an den 2 Jore virdrun. Souguer den Ausseminister Asselborn sot hie géing di Affär „ganz eescht huelen“. Direkt duerno huet dann awer d’Referendumscampagne ugefaang, a quasi alles war nees vergiess.

Wéi ech drop kommen, datt alles nees vergiess ass? Souwuel d’CSV-Cheffe Wiseler a Spautz, ewéi och eise Premierminister Bettel waren dës Woch zu Berlin an hu sech ë.a. mat der politesch Responsabeler vum BND, der Bundeskanzlerin Merkel getraff. War de BND och nëmmen iergendeen Thema an den Diskussiounen? Nee an Nee. De Xavier Bettel huet souguer fonnt, datt d’Verhältnisser tëscht Däitschland a Lëtzebuerg „einfach hervorragend“ wieren, bal sou wéi wann di Masseniwwerwaachung vum BND ni geschitt wier…

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: