Fraen onerwënscht: Brauch den RTL eng Geschlechterquot?

A leschter Zäit ass zu Lëtzebuerg, net zulescht wéinst der Blo-Rout-Grénger Regierung, méi iwwer d’Representatioun vun der Fra an der Politik, mä och an der Wirtschaft diskutéiert ginn. Och wann ech d’Effektivitéit vun der Haaptmesure, der Geschlechterquot, an der Politik bezweifelen, sou frou sinn ech, datt sech endlech eppes an dësem Domaine deet. Wouriwwer awer quasi net geschwat gëtt ass d’Representatioun vun der Fra an de Medien. Ech wäert mech an dësem Blogpost op dat Quantitatiivt, also Zuele begrenzen, wann och ganz ganz vill zum Qualitativen, spréch dem „Wéi“ ze soe wier.

Den RTL, an dësem Fall de Radiosender, ass de Marchésleader zu Lëtzebuerg. Och dowéinst ass et wichteg, datt en zu ongeféier gläichen Deeler Fraen a Männer a seng Sendungen invitéiert. Den RTL huet 4 esou reegelméisseg Sendungen, 2 méi politescher mam „Invité vun der Redaktioun“ an dem „Background“, 1 déi sech méi mat der Kultur beschäftegt, dem „Freides Invité“ an dann nach de „Radio Sport Club“, deen natierlech dem Sport seng Plaz op der Antenne gëtt.

Bevir ech ugefaangen hunn déi weiblech Invitéeë säit September 2013 ze zielen hat ech dat subjektiivt Gefill, datt vill méi Männer op den RTL invitéiert ginn ewéi Fraen. Nom Ziele war ech dann erstaunt wéi krass den Ënnerscheed tatsächlech ass.

Invité vun der Redaktioun

Invité vun der Redaktioun

Et ass déi Neiste vun de 4 Sendungen um RTL. Agefouert gouf se zur Rentrée 2013. Säit deem goufen et bis haut 308 Sendunge mat insgesamt 316 Invitéeën. Dovunner ware grad mol 43 Fraen, also 13,6%!

Background

Background

Säit dem 14. September 2013 goufen et 81 Emissioune mat 115 Gäscht. 15 Fraen (13%) waren op Besuch, wouvunner awer och just der 8(!) d’Sendezäit net hu misse mat engem männlechen Invité deelen.

Freides Invité

FreidesInvité

Zwar ass de Fraentaux an der Kultursendung méi héich ewéi bei de politeschen, trotzdem ass se ëmmer nach vill ze niddreg. Säit September 2013 goufen an 78 Sendungen insgesamt 87 Gäscht invitéiert, dovunner ware 24 Fraen, also knapps 27,6%.

Radio SportClub

Radio Sportclub

Last but not least d’Sportsendung. Hei goufen et säit der Rentrée 2013 74 Sendunge mat 80 Gäscht, wouvunner 17 net männlech waren, wat en Taux vu grad mol 21,2% ausmécht.

RTL zesummen
Wann een di 4 Sendungen zesummeschléit kënnt een op e Fraentaux vu lamentabele 16,5%!
An Zukunft solle souwuel Parteie wéi och Entreprisen eng Geschlechterquot vu 40% virgeschriwwe kréien, wisou also net och d’Medien? Wann een sech dës Zuelen ukuckt wier dës Quot bal batter néideg.

Advertisements
Getaggt mit ,

2 Gedanken zu „Fraen onerwënscht: Brauch den RTL eng Geschlechterquot?

  1. […] Viru genau 1 Joer hunn ech en éischte Blogpost dëser Aart verëffentlecht, Zäit also ze kucken ob d’Frae mëttlerweil méi oft an d’Redaktiounen invitéiert ginn. An dësem Joer huet sech eigentlech vill gedoe wat d’Representatioun vun der Fra ugeet, d’Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir d’Wale kommen a mir haten nawell direkt e puer Diskussiounen iwwer Sexismus an eiser Gesellschaft.  […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: