Walsystem: D’Bezierker verzerren de Wielerwëllen

No der leschter Sonndesfro vum Tageblatt hat ech d’Resultater als Beispill geholl fir ze weisen, datt eppes mat eisem Sëtzverdeelungssystem net stëmmt. Den d’Hondt-System bevirdeelegt di grouss Parteie par Rapport zu deene ganz Klengen enorm. An dësem Blogpost wëll ech weisen, datt d’Bezierker erheblech dozou bäidroen, datt d’Walresultat zu Gonschte vu virun allem der gréisster Partei verzerrt gëtt.

Fir mäi Punkt ze illustréieren huelen ech d’Resultater vun CSV an der Piratepartei aus der aktueller Sonndesfro vum Tageblatt an TNS-Illres, déi d’lescht Woch publizéiert gouf.

Diese Diashow benötigt JavaScript.

Fänke mer mat der CSV un. Der Sonndesfro no misst d’CSV 28 vu 60 Sëtz, also 46,6% vun den Deputéierten am Parlament kréien. Dëst ass virun allem dowéinst markant, well se a kengem Bezierk méi wéi 42,1% vun de Stëmme krut, an am Gréissten, also am Süden, géing se der Ëmfro no souguer „just“ 36,8% vun de Stëmme kréien. Wéi kann dat also sinn?
Duerch den d’Hondt-System gëtt d’CSV an der Sëtzverdeelung bevirdeelegt. Doduercher, datt mer 4 Bezierker hunn, an ausschliisslech op Basis vun dësen d’Zuel vun den Deputéierte pro Partei festgeluecht gëtt, gëtt dës Ongläichbehandlung nach eng Kéier multiplizéiert. An engem Walsystem mat just 1 Bezierk hätt d’CSV dowéinst och op d’mannst 3 Sëtz manner ze gutt.

Ëmgedréint gesäit de Szenario bei de Piraten aus. Mat Resultater tëscht 3,2 a 4% an de verschiddene Bezierker geet et am aktuelle Walsystem ëmmer nach (esou just) net duer fir Deputéiert an d’Chamber schécken ze kënnen. An engem Walsystem mat just engem Bezierk (a weiderhin d’Hondt) hätten d’Piraten awer 2 Sëtz, vue datt et een Deputéierte pro 1,6% vun de Stëmme géing ginn.

Hale mer also fest, datt duerch d’Opsplécke vum Land a 4 Walbezierker d’Problematik vum d’Hondt-Sëtzverdeelungssystem nëmmen nach méi verstäerkt. Virun allem di kleng Bezierker droen zu dëser Verzerrung bäi, well et an deene Bezierker duerch di héich natierlech Hürd fir den éischte Sëtz nach méi Stëmme quasi verluer ginn. Nëmmen dowéinst ass et enger CSV do méiglech mat 41% vun de Stëmme 55% vun de Sëtz ze halen, wat sech dann eben och am Gesamtresultat rëmspiggelt.

An engem nächste Blogpost wäert ech d’Zuele mol fir eng Kéier lénks leie loossen a mech méi mat der Fro beschäftegen, ob mer en Opsplécke vum Land a Bezierker bei Walen iwwerhaapt nach brauchen, a wou dee Prinzip iwwerhaapt hirkënnt. Bis dohinner recommandéieren ech Dir awer nach folgend Blogposts/Artikelen zum Walsystem insgesamt:
Das Wahlsystem in Luxemburg (vum Claude Biver)
Wahlen 2013: Was wäre wenn? (vum Claude Biver)
Wahlsystem in Luxemburg: Ein Gedankenexperiment (vum Meris Sehovic)
Wahlsystem und politische Kultur (vum Fernand Fehlen am Forum)
Für eine Wahlrechtsreform (vum Fernand Fehlen am Forum)
Gottgegeben (vum Ben Fayot)

Hei fënns Du all meng Blogposts déi sech mam Walsystem beschäftegen: https://klotiiisblog.wordpress.com/tag/walsystem/

Advertisements
Getaggt mit ,

2 Gedanken zu „Walsystem: D’Bezierker verzerren de Wielerwëllen

  1. […] ech a mengem leschte Blogpost iwwer de lëtzebuerger Walsystem gewisen hunn, datt d’Opsplécke vum Land a 4 Walbezierker deene grousse Parteie […]

    Gefällt mir

  2. […] sinn net nëmmen en Anachronismus an der haiteger connectéierter Welt, mä droen och dozou bäi, datt grouss Parteie bevirdeelegt a klenger benodeelegt ginn. Och fannen ech et net richteg, datt Leit aus dem Süden bspw. Ee vill […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: