Fraen onerwënscht: Radio 100,7 net besser ewéi den RTL

Leschte Mount hunn ech driwwer gebloggt, datt beim Radio RTL een enormt Ongläichgewiicht tëscht männlechen a weiblechen Invitéeën existéiert. Ech hat mech dee Moment op den RTL limitéiert, well et bei hinnen am Einfachsten ass, spréch déi mannste Klicks erfuerderlech sinn, fir all déi néideg Informatiounen zesummen ze kréien. D’Thematik huet mech awer net lassgelooss, wisou ech mer elo och d’Zuele vum Radio 100,7 ugekuckt hunn.

Uganks war ech positiv iwwerrascht. Beim Invité vum Dag hat ech nom Ziele vun 1,5 Mount dach tatsächlech e Fraentaux vun iwwer 40% do stoen, mä da koum alles ganz séier anescht…

Invité vum Dag

InvitévumDag

Dës Radiosendung leeft vu Méindes bis Samschdes an invitéiert gëtt quasi alles, ofgesi vu SportlerInnen. Et ass also bëssen anescht ewéi den ‚Invité vun der Redaktioun‘ vum RTL wou am Fong just no politescher Relevanz invitéiert gëtt. D’Kultur an aner gesellschaftlech relevant Themen hunn hei also och hir Plaz.
Dës Sendung huet de bis elo héchste Fraentaux, mat 28,14% ze verzeechnen. An 239 Sendunge waren 263 Gäscht, wouvunner 74 Frae waren. Mir sinn also ëmmer nach bei Zuelen, déi kloer méi niddreg sinn ewéi een Drëttel! Wéi gesot hat ech am Ufank d’Hoffnung hei tatsächlech op en akzeptabele Wert vun ëm di 40% ze kommen, déi gouf awer mat der Zäit ëmmer méi zerstéiert, well den 100,7 an dësem Joer bal just nach da Fraen invitéiert huet, wann een och iwwer Frae schwätze wollt (Beispill: Puer Mol Frae vun der CNFL oder d’Gläichstellungsministesch.)
Anescht ewéi bei all den anere Sendungen déi ech iwwerpréift hunn, sinn hei d’Zuelen ab Rentrée 2014 an net ab Rentrée 2013.

Riicht eraus

RiichtEraus

De ‚Riicht eraus‘ ass dem Radio 100,7 säi Background. Sendung leeft Samschdes Mëttes iwwer eng Stonn, geschwat gëtt haaptsächlech iwwer Politik an de Fraentaux ass net nëmmen ähnlech, mä esouguer nach eng Kéier méi schlecht. A 65 Sendunge säit dem 13. September 2013 waren insgesamt 100 Gäscht invitéiert, wouvunner grad emol der 12(!) weiblech waren.

D’Zuele vum Radio 100,7 confirméieren also déi vum RTL. An ouni et nogepréift ze hunn, wäert den Taux an den Zeitungen an um Fernseh wuel net vill anescht sinn. Wat seet eis dat? Mir liewen (ëmmer nach) an enger Gesellschaft déi Frae strukturell benodeelegen. D’Medie sinn nämlech e gutt Spigelbild vun eiser Gesellschaft, se loossen déi zu Wuert kommen déi och tatsächlech eppes ze soen hunn. An datt dat majoritär d’Männer si weist de Geschlechtertaux an de Gremie vu Parteien an Entreprisen, weist de Geschlechtertaux an der Regierung an der Chamber, etc. etc., an all dat obwuel säit Joren d’Frae besser an de Schoulen ofschneiden…

Advertisements
Getaggt mit ,

2 Gedanken zu „Fraen onerwënscht: Radio 100,7 net besser ewéi den RTL

  1. Jean-Claude Franck sagt:

    Klotiii,

    Merci fir d’Statistiken : Fakte sinn hëllefräich fir déi wichteg Debatt.

    Et ass awer falsch ze behaapte, Frae wieren um radio 100,7 als Invitéeën net erwënscht. Se sinn erwënscht.

    Et ass richteg, datt an der Vergaangenheet ënnert den Invitéeën méi Männer wéi Frae waren. Dat ass awer keen Zil vum radio 100,7, mä e Resultat. Wa mer den 19. September 2014 de President vun der Piratepartei an de Studio invitéiert hu fir iwwer déi politesch Rentrée ze schwätzen, dann ass deen Dag e Mann an de Studio komm well de President männlech ass. Hätt d’Piratepartei zu deem Ament eng Fra un der Spëtzt gehat, wier eng Fra an de Studio komm. Anert Beispill : wa mer den 11. Juli 2015 am Riicht Eraus den Ausseminister am Studio hate fir iwwer d’Lëtzebuerger EU-Presidence ze schwätzen, da war eisen Invitée männlech well den Ausseminister eben den Ament e Mann ass. Wier dat tëscht 1999 an 2004 gewiescht, wier eng Fra an de Studio komm. Mir spigelen also eng Realitéit erëm fir déi mer selwer net responsabel sinn.

    Well mer eis awer bewosst sinn, datt mer och eng Roll ze spillen hunn, probéiere mer am Beräich vum Méigleche géigen ze steieren. Mir kënne beleeë wéi schwiereg sech zum Beispill d’Parteien am Wahlkampf am Hierscht 2013 domat gedoen hu, fir weiblech Kandidaten an d’Face-à-Facen um radio 100,7 ze schécken. All Partei konnt dräi Kandidaten oder Kandidatinne schécken, a mir hunn deemools gefrot, datt op d’mannst eng Fra pro Partei bei eis an de Studio kéim. Dat war fir vill Parteien net einfach.

    Um Enn eng Zuel, op déi mer en direkten Afloss hunn: bei eisen Animateuren a Journalisten, déi all Dag op Antenn ze héiere sinn, hu mer eng Paritéit tëscht Mann a Fra.

    Bescht Gréiss,
    Jean-Claude Franck
    Chefredakter vum radio 100,7

    Gefällt mir

    • klotiii sagt:

      Hey,

      Merci fir d’Reaktioun 🙂 (vum RTL krut ech bis elo nach keng 😦 )
      D’Iwwerschrëft ass méi ‚clickbait‘ ewéi ee Reproche, mä domadder missten sech d’JournalistInnen io och auskennen^^

      Am leschten Abschnitt schreiwen ech io och genau dat wat s Du sees, datt Medien eben d’Gesellschaft erëmspigelen. An et ass kloer, datt virun allem an der Politik d’Männer däitlech an der Iwwerzuel sinn wat di wichteg Posten ugeet an datt een net och net laanscht déi kënnt als Medium.

      Datt dir bei de Walen 2013 bei de Face-à-Facen de Parteie gesot hudd, si missten do op d’mannst eng Fra hischécke wosst ech, mä grad dowéinst war ech och iergenswou der Meenung, datt den Taux vun den invitéierte Fraen um Radio 100,7 méi héich misst sinn ewéi dee beim RTL. Dat ass awer grad net de Fall: D’Zuele si quasi identesch. Dat ass schued.

      Wäert d’Entwécklung vun den Zuele weider am An behalen, hoffentlech entwécklen se sech an Zukunft an déi richteg Richtung! 🙂

      Bescht Gréiss,
      Klotiii

      Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: