Ettelbréck: Mythos Onsécherheet

D’Opreegung war grouss den 2. Mäerz an d’Deeg duerno. Et gouf ee Mann just virum Gemengenhaus zu Ettelbréck ëmbruecht. Op Facebook hunn sech vill Leit manifestéiert, déi soen, datt een sech scho laang net méi géing trauen duerch Ettelbréck ze trëppelen, d’Press ass dorobber opgesprong an huet d’Stad als „Ettelbrooklyn“ duergestallt. Mä ass d’Situatioun dann tatsächlech esou schlëmm zu Ettelbréck? Gëschter, de 14. Juli, war eng éischt Biergerversammlung zum Thema Sécherheet, déi kloer gewisen huet, datt de Problem op engem ganz aneren Niveau läit.

Sou wéi säit dem Doutschlag am Mäerz iwwer d’Sécherheetssituatioun zu Ettelbréck gejéimert a geschriwwe gouf hätt een denke kënnen, datt dat een Thema wier wat ganz vill Leit interesséiere misst an dat onofhängeg vun hirem Alter. Dem war awer net esou. Just gutt 100 Leit haten sech gëschter am CAPe afonnt, wouvunner quasi jiddereen zur Kategorie „eeler Persounen“ gezielt huet. Et ass also haaptsächlech dee Grupp vu Leit, dee sech zu Ettelbréck net méi sécher, respektiv onwuel fillt.

PoliceStat1

Ugefaang huet d’Versammlung mat enger mëttellaanger Presentatioun vu Gemeng a Police, wat sech scho bis elo gedoen huet a wat sech nach doe wäert fir d’Sécherheet vun de Leit ze verbesseren. Deel vun der Presentatioun waren och Policestatistiken, an déi waren an deem Sënn interessant, datt zu Ettelbréck säit 2 Joer d’Kriminalitéit ofhëlt. 2012/2013 goufen et nach iwwer 800 Interventioune vun der Police, an den éischte 6 Méint vun dësem Joer awer der just nach knapp 300. D’Situatioun huet sech also am Géigesaz zur ëffentlecher Meenung an zum landeswäiten Trend zu Ettelbréck berouegt.

PoliceStat2

Duerno war et dann un de Leit hir Problemer duerzestellen a konkret Froen ze stellen. Dobäi goufen haaptsächlech 3 Punkten ugeschwat:

  • De Kaméidi an der Foussgängerzon, mä och ronderëm Spillplazen, souwuel Moies fréi wéi och haaptsächlech Owes
  • De Fakt, datt an den 30er Zonen d’Autoe mat iwwer 50 dohirrennen an d’Police do näischt dergéint ënnerhëlt
  • D’Problematik, datt Kanner/Jugendlecher op der Kiercheplaz Fussball spillen an dobäi méi oft Fënstere futti ginn

Ouni dës Problemer kleng wëllen ze schwätzen, esou sinn dat alles net grad klassesch Sécherheetsproblemer. Punkt 1 an 3 hunn haaptsächlech mat Respekt a Versteesdemech souwuel tëscht Nopere wéi och tëscht de Generatiounen ze dinn. De Punkt 2 ass tatsächlech geféierlech, well 30er Zone jo grad do sinn, wou Kanner op de Stroosse spillen. Do huet d’Police sech awer déi präzis Plazen opgeschriw wou dann di nächst Deeg hoffentlech schonn éischt Kontrolle gemaach ginn, an da sollt sech dee Problem séier vum selwe reegelen.

Nieft dëse generelle Problemer gëtt et awer och ee spezifeschen. Esou gëtt den Haff vun der Grondschoul säit kuerzem als Plaz mëssbraucht fir mat Drogen ze handelen an dat net esou, datt een no der Schoul do steet a seng Saache verkeeft, mä esou datt de Schoulhaff als Bréifkëscht genotzt gëtt. Den Dealer leet seng Titercher einfach iergenswou an den Haff a seet da sengem Client wou en se fënnt. Et koum awer scho vir, datt d’Titercher vu Schüler fonnt goufen. D’Gefor déi dobäi besteet sollt jidderengem aliichten. D’Police sot dozou, datt si awer och scho méi wéi een dobäi erwëscht hätten an d’Gemeng huet ugekënnegt den Haff mat Paarte kloer zouzeman, esou datt sech dës Problematik hoffentlech séier verbessert.

Vu datt d’Iwwerwaachungskameraen oft als Allheilmëttel a verschiddenen Deeler vun der Bevëlkerung ugesi ginn, wëll ech nach ervirsträichen datt kee vun de Leit no esou eppes geruff huet.

Fir mech bleift festzehalen, datt villes an der leschter Zäit enorm héich geschaukelt gouf, wourunner d’Medien net onschëlleg sinn, an esou haaptsächlech di eeler Leit sech ëmmer manner wuel fille fir méi spéit duerch Ettelbréck ze goen. D’Policestatistiken, déi sécherlech net der „Weisheit letzter Schluss“ sinn, weisen awer an d’Richtung datt sech d’Situatioun säit gutt 2 Jore berouegt.

D’Aufgab vun der Gemeng sollt menger Meenung elo sinn di ugeschwate Problemer ze behiewen an ze versiche souwuel di verschidde Generatiounen, wéi och d’Communautéite méi no beienaner ze bréngen, esou datt sech géigesäitege Versteesdemech opbaut. Nëmmen da wann mer et fäerdeg bréngen, datt d’Leit net nieftenaner méi liewen, mä matenaner wäerten sech grouss Deeler vun den ugeschwatene Problemer mëttel- a laangfristeg minimiséieren.

Advertisements
Getaggt mit

Ein Gedanke zu „Ettelbréck: Mythos Onsécherheet

  1. […] déi anscheinend Onsécherheet an eiser Gemeng lëschteg gema. Wéi der wuel wësst, kafen ech jo di Geschicht mam „geféierlechen Ettelbréck“ net of. Mir hunn eis dann iergendwann nach ee „sécheren Heemwee“ gewënscht – si zwee haten nach 30 […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: