Walsystem: D’Bezierker sinn nemei zäitgeméiss

Nodeems ech a mengem leschte Blogpost iwwer de lëtzebuerger Walsystem gewisen hunn, datt d’Opsplécke vum Land a 4 Walbezierker deene grousse Parteie sëtztechnesch ze gutt kënnt, wollt ech haut iwwer déi aner Grënn schreiwe wisou d’Walbezierker net méi an eis Zäit passen.

Fir unzefänke maache mer dofir eng kleng Rees an d’Jore virun 1919. Deemools gouf nämlech nach net an de Bezierker gewielt wéi mer se haut kennen, mä deemols hat souguer all Kanton seng fest Unzuel un Deputéierten. Well d’Kantoner och haut nach d’Basis fir d’Walbezierker sinn (an am Fong just nach dofir do sinn) ass et interessant ze wëssen op wéi enger Grondlag d’Kantoner iwwerhaapt entstane sinn. Anescht ewéi an der Schwäiz hunn se keng eege Geschicht, mä si schlicht als Gebittsandeelung ze verstoen. D’Grenze vun de Kantoner goufen esou gezunn, datt een als Bierger am 19. Jorhonnert héchstens eng Een-Dages-Rees bis an d’Kantonhaaptstad huet, wou ënner anerem e Friddensgeriicht war. Postkutschenzäitalter an esou.

Deemools huet dat absolut Sënn gema. Wann een esou laang fir eng Rees brauch, da ginn et esou wuel kloer Ënnerscheeder tëscht de Stied an dem Land an en plus kennt ee bspw. als Ettelbrécker net onbedengt Politiker vu Réiden oder Wäisswampech.

Source: Wikipedia

Source: Wikipedia

1919 goufen dann d’Bezierker agefouert ewéi mir se haut nach kennen. Wat huet sech deemools geännert? Fir d’éischt muss ee festhalen, datt dat mam Ofschafe vum Zensuswalrecht zesummegefall ass, spréch d’Politiker souwisou am gaange waren de Walsystem ze reforméieren. Tatsächlech huet sech awer och an Tëschenzäit eppes gedo zu Lëtzebuerg. Sou ass den Zuch mëttlerweil voll an der Gesellschaft ukomm. D’Distanzen tëscht den Dierfer a Stied goufen also zäitlech gesinn ëmmer méi kleng.
Och gouf d’Entwécklung vun de verschiddene Regioune kloer, während de Süde vun der Industrie dominéiert an den Zentrum däitlech städtesch gouf, sou sinn den Norden an Osten Agrarregioune bliwwen. Och deemols goufen et also ganz gutt Grënn fir d’Bezierker esou wuel méi grouss ze maachen (besser Mobilitéit am Land), an awer trotzdem net ganz ofzeschafen (Ënnerscheeder tëscht de Regiounen).

Zäitsprong an d’Joer 2015. D’Mobilitéit huet sech enorm virun entwéckelt, hautdesdags ka jiddereen innerhalb vu gutt 3 Stonne vun engem belibege Punkt A op ee belibege Punkt B kommen, sief et mam eegenen Auto oder mam ëffentlechen Transport. D’Ënnerscheeder tëscht de Regioune si quasi nemei vorhanden. D’Industrie huet de Süden nemei am Grëff a mëttlerweil ass quasi am ganze Land „Stad“. Doriwwer eraus huet sech och den Informatiounsfloss enorm verännert a verbessert. Duerch Radio, Fernseh a virun allem den Internet weess een haut vill besser iwwer Politik an och PolitikerInne Bescheed ewéi virun 100, respektiv 50 Joer.

Di logesch Entwécklung wier et also d’Bezierker hautdesdags komplett ofzeschafen, mir mussen et just wëllen.

Advertisements
Getaggt mit

Ein Gedanke zu „Walsystem: D’Bezierker sinn nemei zäitgeméiss

  1. […] brauch keng 4 Walbezierker. Se sinn net nëmmen en Anachronismus an der haiteger connectéierter Welt, mä droen och dozou bäi, datt grouss Parteie bevirdeelegt a klenger benodeelegt ginn. Och fannen […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: