D’Medie gi gebraucht am Kampf géint de Rassismus!

Virgëschter huet d’Anja Reschke, Journalistin beim NDR, an engem impressionante Kommentar op der ARD géint d’Hetz géint Flüchtlingen op den (a)soziale Medie mobil gemaach. Et wier nees un der Zäit, datt et en „Aufstand der Anständigen“ géing ginn, déi sech kloer géint rassistesch, auslänner- a schlicht mënschefeindlech Aussoen ausschwätzen. Datt een net méi einfach sollt passiv dernieft stoen an dat einfach geschéie soll loossen.

Den Echo op dëse Kommentar war enorm. Natierlech goufen et och di negativ Kommentarer vu Leit déi anere Mënschen ee fundamentaalt Recht net zougestoe wëllen, mä haaptsächlech waren d’Reaktioune positiv. Och zu Lëtzebuerg an och hei an de Medien. D’Tageblatt, den Essentiel an den RTL hu fir dëse Kommentar eng extra News op hire jeweilegen Internetsiten agesat, wahrscheinlech och fir hire ville LieserInne matzedeelen, datt och si de Mond sollen opmaachen, wann se esou ähnlech Saache bei sech op Facebook gesinn. Spéitstens säit den Diskussioune ronderëm d’Awunnerwalrecht sinn esou auslännerfeindlech Spréch jo leider ëmmer méi oft och zu Lëtzebuerg ze liesen.

Torpedéiert gouf dësen Opruff zu méi Zivilcourage a Mënschlechkeet dann awer vun de Medien nees deelweis selwer. Den Affekot Gaston Vogel huet nämlech gemengt dat mediaalt Summerlach mat engem géint anscheinend rumänesch Obdachloser geriichtete Lieserbréif missen ze fëllen. „Ekelhaft“, „Abschaum“, seng Zeilen hunn nëmmen esou vu mënscheveruechtende Wieder gestrotzt. De Bréif huet doriwwer eraus implizéiert, datt déi Leit eng Gefor fir d’Sécherheet vu Lëtzebuerger wier. Publizéiert gouf dee Bréif dann onkommentéiert ënner anerem vum RTL an huet domadder enger mënschefeindlecher Usiicht eng Plattform gebueden. Enger rassistescher Usiicht géint déi di „anstänneg Leit“ dach kloer sollte soen, datt se esou eppes an dëser, an eiser Gesellschaft net méi akzeptéiere wéilten.

Grad um RTL, wou de Gaston Vogel 2013 nach zum „Lëtzebuerger vum Joer“ gewielt gouf, hätt ee kënnen ee ganz kloert Zeeche géint de Rassismus, géint Mënschefeindlechkeet a virun allem fir Mënschlechtkeet a Versteesdemech kënne setzen, andeems een him dësem Titel op Grond vu senger Wuertwiel symbolesch oferkannt hätt. Et hätt een (op en Neits) kënnen erklären, wisou ee Mënschen net all einfach an een Tirang geheit. Wouhinner Auslännerfeindlechkeet a Rassismus ëmmer zwangsleefeg hiféiert, nämlech zu Gewalt a Krich. Amplaz sech op dësen anstännege Wee anzeloossen, huet den RTL sech dozou decidéiert „neutral“ ze sinn. An dat ass eng Schan.

Eben well de Gaston Vogel ee vun de beléiftesten a respektéiertste Mënschen am Land ass, dierf een seng Aussoen net einfach stoe loossen oder ignoréieren, och a grad déi Medien net, déi deen Här iwwerhaapt eréischt op deen Troun gehuewen hunn.

Advertisements
Getaggt mit ,

Ein Gedanke zu „D’Medie gi gebraucht am Kampf géint de Rassismus!

  1. […] Bekanntere Person besitzen eine nicht zu unterschätzende Reichweite in sozialen Netzwerken und Medien. Damit haben sie einen Einfluss auf das, was wir Norm nennen. Die soziale Norm ist das, woran man gewöhnt ist, was man also primär im eigenen Umfeld erfährt. Zu diesem Umfeld gehören auch Medien, was diesen nochmal eine größere Verantwortung zuschiebt, worüber Claude schon gebloggt hat. […]

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: