Kuerz: Neilandblog a Flattr

Zwee kuerz Updates wat dëse Blog ugeet.

Flattr

Dir kënnt mech a meng Blogposts an Zukunft flattren. Dat heescht dir kënnt, wann der mengt datt et ubruecht ass, mir eng sougenannte Microdonation via Flattr fir meng Posts maachen.

Flattr ass eng vun onzählege Méiglechkeete fir KënschtlerInnen, JournalistInnen, Blogs, etc. online finanziell ze ënnerstëtzen. Zu Lëtzebuerg benotzt beispillsweis d’WOXX Flattr. Du kanns op Flattr uginn wéi vill Euro Du all Mount dofir ausgi wëlls, z.B. 3€, an dat Geld gëtt dann tëscht all deene gedeelt, déi Du geflattred hues. Wann dat just 1 ass, kritt deen Deng 3€, wann et der 10 sinn, kritt jiddereen 30 Cents.
Wann Du mech ënnerstëtze wëlls, einfach ënnen op de Flattr-Button klicken! (Natierlech brauchs Du dofir ee Flattr-Account 😉 )

Neilandblog.lu

Wéi Du vläit matkrut hues, huet dës Woch de Neilandblog seng Dieren opgema. Et ass ee Projet vum Sven Wohl an Andy Maar, wou ech mech d’Woch virum Launch mat derbäigeschmuggelt hunn. Wann alles klappt wéi mir eis dat virstellen, gëtt dee Blog an noer Zukunft Den Newssite fir Digitales zu Lëtzebuerg. Mir hunn am Moment nach e puer Problemer mam Template an der Implementéierung vun engem Multiligual-PlugIn, dat sollt awer net d’Qualitéit vun den Artikele beaflossen.
Fir dëse Blog bedeit dat alles awer, datt hei keng Posts méi iwwer Netzpolitik optauche wäerten. Déi fënns Du an Zukunft da beim Neilandblog. Ansonste wäert sech hei awer näischt änneren.

Deen heite Link schéckt Dech op d’Facebook-Page vum Neilandblog, an dësen op den Twitter-Account. Finanziell ënnerstëtze kanns Du de Projet iwwer Patreon.

Advertisements
Getaggt mit

2 Gedanken zu „Kuerz: Neilandblog a Flattr

  1. Georges sagt:

    Do stëmmt nach eppes Klengs net mat denge Flattr-Settings. Wéi ech dëse Post geflattred hunn, kréien ech (No title) als Titel vum Post ugewisen.

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: