Ëffentlechen Transport zu Ettelbréck: Ech gi léiwer ze Fouss

Als führerschäilose Mënsch sinn ech op den ëffentlechen Transport, respektiv op gnädeg Matmënschen ugewisen. An obwuel ech an enger Gemeng mat eegenem City Bus wunnen, nämlech Ettelbréck, sou huelen ech dee quasi ni. Wann ech meng Pläng maache fir a Richtung Stad fält mer bal ëmmer op, datt kee CityBus zäitlech esou op d’Gare fiert, datt ech dann den Zuch kéint huelen. Esou ginn ech da ganz oft déi 20-25 Minutte vu Waarken op Ettelbréck ze Fouss. Grond genuch fir mech de Fahrplang vum Ettelbrécker CityBus méi genau unzekucken.

Et ginn zwou Aarte vu Mënschen déi de CityBus huelen. Eng Kéier huet een déi Leit, déi zu Ettelbréck selwer schaffen, an d’Schoul ginn oder hir alldeeglech Kommissioune maachen, an da ginn et déi Leit déi duerno viru mat Bus/Zuch sief et haaptsächlech an d’Stad oder op Dikrech fueren. Deem éischte Grupp vu Leit kann et bal egal sinn, ob hire Bus elo 3 Minutten éischter oder 5 Minutte méi spéit fiert, deem zweete Grupp awer net. Menger Meenung no sollt den Horaire vum CityBus also ganz kloer un den Zuchtraffic gekoppelt sinn. Wéi scho gesot hat ech subjektiv d’Gefill, datt dat net de Fall ass a meng Iwwerpréiwung gëtt mer méi wéi Recht.

Ettelbréck-Stad

D'Auerzäiten am Bild weise wéini de Bus op der Gare ukënnt.

D’Auerzäiten am Bild weise wéini de Bus op der Gare ukënnt.

Stad-Ettelbréck

D'Auerzäiten am Bild weise wéini de Bus op der Gare fortfiert.

D’Auerzäiten am Bild weise wéini de Bus op der Gare fortfiert.

Wéi d’Tabelle weisen (an ech hoffen Du verstees se…) si vun insgesamt 65 Citybusser méi wéi d’Halschent net ze gebrauche fir een deen an d’Stad fuere wëll oder vun do zeréckkënnt. Fir dohinner sinn 33 Busser bis zu 6 Minutten ze spéit op der Gare, di Meescht dovunner esouguer der just 2 bis 3. A fir zréck fueren der 32 bis zu 4 Minutten no Fahrplang einfach ze fréi fort.

Hei hunn déi Responsabel ganz einfach verschlof de Busfahrplang dem geännerten Zuchhoraire unzepassen. Dobäi hunn se awer gemierkt, datt dee geännert huet. Stoung nämlech soss um offizielle Busplang nach drop, wéi een Zuch ee mat wéi engem Bus kréie kann, sou ass dat op den Neisten (Waarken, Lopert) net méi de Fall.

Fir de schaffende Persounen entgéint ze kommen misst ee wuel de Bus esou upassen, datt et Moies kee Problem ass den Zuch an d’Stad ze kréien an datt een Nomëttes net ze laang waarde muss fir nees heem ze kommen.

A bis dat de Fall ass, ginn ech wuel weiderhin léiwer ze Fouss op d’Gare.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: