D’Quot kënnt – mat minimalste Sanktiounen

Gëschter gouf d’Geschlechterquot der Ëffentlechkeet – eng zweete Kéier – virgestallt. Während d’lescht Joer déi global Iddi mat éischten, fir verschidde Parteien erschreckende Sanktiounen („25% (-75) de la dotation“) virgestallt, gouf elo den Avant-Projet de Loi presentéiert wéi en am Regierungsrot ugeholl gouf. An an dësem sinn déi finanziell Sanktiounen enorm geschrumpft.

Wien sech u mäin éischte Blogpost zur Geschlechterquot zeréckerënnert, dee weess datt ech zwou Aarte vu Kritiken um deemols virgestallte Projet hat. Engersäits eng Grondsätzlech, nämlech datt déi Quot op Grond vun eisem Walsystem mat Panaschage net méi Fraen an d’Chamber brénge wäert, an anerersäits datt déi harsch Strofen déi kleng Parteie virun de Ruin wäert dreiwen. Déi zwou Kritiken hat ech och nach nom éischten Iwwerfléie vun der Presentatioun gëschter. Ech hat souguer schonn ausgerechent, datt eng Fra ze mann op der Lëscht fir d’Chamberwalen d’Pirate gutt 20.000€ op d’Legislatur gesi kaschte géing. Deem ass awer net esou. An der Presentatioun steet nämlech folgende Saz am Kontext Chamberwalen: „(…)la part de la dotation, due sur base du point 2. de l’article 2 de la loi (…) diminuera comme suit(…)“. Hei déi relevant Textpassage aus dem Gesetz fir datt der verstitt wat ech mengen:

Art.2. Les partis politiques (…) ont droit (…) à une dotation annuelle à charge du budget de l’Etat, déterminée comme suit:

  1. un montant forfaitaire de 100.000 euros;
  2. un montant supplémentaire de 11.500 euros pour chaque point de pour cent des suffrages supplémentaires recueilli lors des élections nationales;
  3. un montant supplémentaire de 11.500 euros pour chaque point de pour cent des suffrages supplémentaires recueilli lors des élections européennes.

D’Sanktioun läit also net um ganze Montant vun der Parteiefinanzéierung, mä just op engem Brochdeel. Bei den Europawalen ass et d’selwecht, just ass do d’Sanktioun dann op den drëtte Punkt fixéiert.

Konkret bedeit dat Folgendes: Kritt eng Partei souwuel bei den nächste Chamber- an Europawale 5% vun de Stëmmen, hat awer just 20 Fraen (33,3%) op de Lëschte fir d’Chamberwale während d’Paritéit bei den Europawale gi war, muss d’Partei op ganz 2,66% (an net 50%!) vun der Parteiefinanzéierung verzichten. No der Iwwergangsphase klëmmt dëse Pourcentage dann op 5,35%.

An deem Pourcentage ass awer och just d’Parteiefinanzéierung wéi nom Gesetz vum 21. Dezember 2007 definéiert dran. Eng Partei déi nämlech 5% bei de Chamber- an Europawale gewënnt, kritt och nach Walkampf rembourséiert an extra Geld pro Deputéierten. Dës, nenne mer se, déi aner staatlech Parteiefinanzéierung ass nämlech am Walgesetz festgehalen. Op dës aner Finanzéierung wäert et dann och keng Sanktioun ginn. Hei schwätze mer vun engem zousätzleche Montant pro Walrythmus vun 82.500€ + 2 nationalen Toute-Boiten (op d’mannst nach eng Kéier dee Montant)…

Ech stellen also zwou Saache fest. Éischtens, keng Partei, egal wéi männer- oder fraelasteg se och ass, wäert un dëser Regelung säi finanzielle Ruin fannen. Kleng Parteie gi souguer relativ gesi manner bestrooft ewéi déi grouss. Zweetens, dat hei ass esou minimalistesch, datt ee scho bal vu purer Symbolpolitik schwätze muss. „Yuhay, mir hunn d’Geschlechterquot* agefouert!“

*se deet och garantéiert kengem wéi

P.S.: Wien sech méi genau ukucke wëll, wéi sech d’Sanktiounen op d’Parteiefinanzéierung auswierke wäert, kann sech meng Rechnungen dozou ukucken: Staatlech Finanzéierung – Quot 2018
All meng Rechnunge gi vum Fall aus, datt d’Parteien eng paritéitesch Lëscht bei den Europawalen opsetzen (dat sollt tatsächlech all Partei hikréien…). Wien d’ods-Datei gären hätt, einfach uschreiwen. Ka leider dat Format hei net eroplueden.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: