Vun Horrorclownen an anere Kasperen

Leschten Donneschden, zwee Deeg virun Halloween, war di zweet Sécherheetsversammlung zu Ettelbréck, dës Kéier mam Minister fir déi „bannenzescht Sécherheet“ Etienne Schneider. Den Undrang war genau sou kleng ewéi bei der Éischter a wierklech Neies gouf vu Biergersäit net verzielt. Ech wëll awer och guer net iwwer d’Versammlung schwätzen, mä vill méi iwwer dat wat mir duerno geschitt ass.

No der Versammlung, sou 20:50 Auer, sinn ech nach ee kuerzen Tuer mam Myriam a Sven duerch d’Foussgängerzon getrëppelt a mir hunn eis e bëssen iwwer déi anscheinend Onsécherheet an eiser Gemeng lëschteg gema. Wéi der wuel wësst, kafen ech jo di Geschicht mam „geféierlechen Ettelbréck“ net of. Mir hunn eis dann iergendwann nach ee „sécheren Heemwee“ gewënscht – si zwee haten nach 30 Meter bis Heem an ech 20 Minutten.

Um Wee fir op Waarken war alles ewéi ëmmer – et war halt schonn donkel, e bësse méi kill an op e puer Plaze waren nach Leit ënnerwee – bis ech a meng Cité agebéit sinn. Sou 50 Meter viru mengem Haus héieren ech beemol en Päife vun hannen. Di éischte Kéier denken ech mir nix derbäi, schliisslech wunnen hei vill Leit mat Kazen, déi och iwwert d’Päife bäigeruff ginn. Dat Päifen hei huet awer net opgehal. Nach eng 2. Kéier a souguer eng 3. Kéier. Dës Kéier huet deejéinegen awer nach op der Plaz sou Lafgeräischer mat de Féiss gema. Dee wollt also meng Opmierksamkeet op alle Fall. Dee Moment dréinen ech mech ëm, an dann steet do 10-15 Meter vu mir ee Clown. Komplett geschminkt, mat Kostüm, Clownsnues an -hoer. Ech kucken en un, a mäi Bléck fokusséiert sech virun allem op seng Hänn. Do hat en nämlech iergendeng Staang/Stab mat eppes méi groussem vir drop. Also eppes wat an d’Richtung Hummer geet. Wierklech identifizéiere konnt ech et net, dofir war d’Zäit ze kuerz. Op alle Fall erënneren ech mech direkt un all di Virfäll mat Horrorclownen a Frankräich d’lescht Joer ronderëm Halloween an dréine mech ëm a lafen a purer Angscht fort. Beim Ëmdréine gesinn ech nach wéi de Clown och zum Lafen usetzt. Ech sinn direkt an eise Gaart gerannt an hu meng Mam, déi glécklecherweis doheem war, opgefuerdert ganz séier d’Terrassendier opzemaache fir mech ranzeloossen.

Elo e puer Deeg no deem Virfall kann ech soen, datt ech ausser enger schlechter Nuecht keen Trauma oder ähnleches dorausser matgeholl hunn. Mech beschäftegt vill méi d'(Net)Reaktioun vun der Police. Ech hat direkt wou ech dobanne war den 113 ugeruff. Dem Polizist um Telefon, deem ee schonn direkt beim Moie soen d’Langeweil eraushéieren hat, huet op de Virfall zimlech ofweisend reagéiert. „Ah, Dir wëllt DAT mellen? Wéi al sidd Dir iwwerhaapt?“. Doropshin hunn ech nach eng Kéier alles verzielt an jo.

Duerno sutz ech bis no 12 virun enger Fenster fir ze kucken, ob deen Idiot nach ëmmer an de Stroosse ronderëm leeft, respektiv op eng Policepatroulle da laanscht kënnt. Näischt gesinn. Den Dag drop sinn ech dann extra bei d’Police op de Kommissariat gaangen fir dann eng Plainte (am Wëssen, datt een deen NI wäert fannen, well geschminkt a kostüméiert) anzereechen. De Polizist huet direkt liicht mat Grinsen ugefaang wou ech ëm d’Geschicht verzielt hunn. Hie sot, datt en dovunner scho gelies hätt, an datt och eng Patroulle zu Waarken nach Owes ënnerwee war (wéini genau sot e mir net). Seng initial Reaktioun ass awer déi, di mech am meeschten opreegt. Während ech vum Virfall erziele freet e mech méi wéi eng Kéier mat sengem liichte Grinsen „An?“. Ee Clownskostüm unzehunn an een ze erschrecke wier net verbueden, do kéint d’Police nix man, och keng Plainte entgéint huelen. Ech war nawell e bësse perplex no där Reaktioun.

Aus dësem, mengem éischte Begéine mat der Police, huelen ech dowéinst e puer Saache fir d’Zukunft mat. Fir d’éischt, se hëlt dech net onbedéngt eescht. Sou wuel d’Reaktioun um 113 wéi och am Kommissariat hu mir den Androck hannerlooss, datt se mir net wierklech gleewen, oder d’Problematik vun der Situatioun net erkennen. Sou Geschichten, a wann et just war fir ee wallos ze erschrecke kënnen Traumata bei dëse Leit verursaachen. Sou ze maachen, wéi wann do also näischt geschitt ass an dowéinst ze refuséieren eng Plainte entgéint ze huelen, fannen ech zimlech komesch. Hätt ech dann einfach stoe solle bleiwen an dee bei mech lafe loossen, wann ech dach gesinn, datt en eppes am Grapp huet woumatter e mech schloe kéint?

Zweetens hunn ech wuel eng falsch Erwaardung vun der Police. Nodeems ech um 113 ugeruff hunn, war ech der Meenung, do misst iergendwann eng Patroulle laanschtkommen an op mannst kuerz bei mir nofroe wat da genau geschitt ass. Ech, an och meng Mam, wieren nämlech no deem Virfall frou gewiescht wann d’Police laanschtkomm wier, a wann et just ass fir een ze berouegen. Vu datt ech an de Gaart gerannt sinn, hätt et jo kënne sinn, datt deen sech elo do iergendwou verstoppt. Zimlech onwahrscheinlech, mä wann ee grad esou vun hannen, jo, iwwerfall gëtt, dann ass een net rational an et huet een einfach Angscht.

Sollt d’Police bei alle méi klengen Tëschefäll esou schaffen, da brauchen se sech awer tatsächlech net ze wonneren, wann d’Leit éischtens mat esou Saachen nemei bei se ginn an zweetens datt sech doduercher en Onsécherheetsgefill ëmmer méi breet mécht.

Advertisements
Getaggt mit ,

2 Gedanken zu „Vun Horrorclownen an anere Kasperen

  1. jerryfaber sagt:

    Sech an een aneren Mënsch eran zeversetzen an Empathie emfannen zekënnen ass net jidderengem ginn! Vläischt wiir et hëllefräich ärem Biergermeschter vun dësem Viirfall an Kenntnis zesetzen!? Den Artikel ass ganz gutt geschriwen, schéint an korrekt Lëtzebuergescht.(esou weit ech dat beuertdeelen kann)

    Gefällt mir

    • klotiii sagt:

      Ech mengen zwar, datt Empathie an engem Job wéi bei der Police op alle Fall misst vorhande sinn 😉
      Ech war den Dag duerno direkt op der Gemeng dowéinst, do diernieft sinn ech jo och an der Sßecherheetskommissioun zu Ettelbréck, wou ech dat Ganzt mat zimlech grousser Wahrscheinlechkeet uschwätze wäert.

      Jorelaang Erfahrung mam Spellchecker, dann fonktionnéiert dat mam Lëtzebuergeschen och 😛

      Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: