Onzefridden

Wann een der leschter TNS-Ilres Sonndesfro gleewe kann trëppelen d’Pirate grad prozenttechnesch op der Plaz a goufe souguer vun de Kommunisten(!) iwwerholl. Och wann et just eng Ëmfro méi wéi 2 Joer virun den nächste Walen ass mécht mech dat Resultat zimlech onzefridden.

LSAP an DP verléiere massiv u Stëmmen a mir kënnen dovunner net profitéieren? An dat obwuel mer awer regelméisseg (an ëmmer nach iwwerproportionéiert) an de Medien eis Theme plazéieren? Iergendeppes musse mer falsch maachen. D’Fro ass just wat. Schwätze mer di falsch Themen un? Schwätze mer di richteg Theme falsch un? Sinn eis Themen ze abstrakt, ze wäit ewech vum eenzelne Bierger a Biergerin?

Ech hat eigentlech d’Gefill, datt mer di lescht Méint, thementechnesch, relativ gutt geschafft hunn. Eenzeg héierbar Stëmm géint déi nei Anti-Terrormesuren, d’Asetze fir d’Uni.lu-StudentInnen aus dem Norden, d’ëmmer nees an d’Spill brénge vum Grondakommes, alles Saachen déi, sou hat ech den Uschäin, och vu ville Leit ausserhalb der Pirate-Bubble Unerkennung fonnt hunn.

Wat sécherlech feelt ass di „Präsenz um Terrain“ déi aner Parteien hunn, mä dat alleng kann net de Grond si wann een sech d’Resultat vun de Kommunisten ukuckt, oder vläit dach? Schaffe maache mer dorunner awer trotzdem di nächst Zäit genuch, virun allem en Vue vun de Gemengewalen.

Hu mer vläit och einfach just eis Attraktivitéit fir ProtestwielerInne verluer, well mer fir ee Résidenzwalrecht sinn an an der Flüchtlingsfro keng populistesch Positiounen anhuelen?

Vill Froen, wéineg Äntwerten an awer nach genuch Zäit fir se ze fannen an di richteg Schlëss drauszezéien. Dat onzefriddent Gefill bleift trotzdem.


 

Pirate-Resultater an der Emfro (a bei de Walen ’13)

Osten: 2,9% (2,68%)
Norden: 3,3% (3,37%)
Zentrum: 3,1% (2,68%)
Süden: 3,1% (3,03%)

Advertisements
Getaggt mit

4 Gedanken zu „Onzefridden

  1. Sven Wohl sagt:

    Ech verstinn et selwer éierlech gesoot och net. Ma, de Fokus vun de Leit läit gréisstendeels bei deene groussen etabléierten Parteien, deels also och op der Regierungskoalitioun, op déi vun alle Säiten geschoss gett. Komesch ass et definitiv och, datt d’Komunisten bis op eemol sou vill besser eweg kommen. Ennert dem strech musse mer wahrscheinlech eisen Effort nach steigeren.

    Gefällt mir

  2. Hummel sagt:

    Dir sidd nach emmer net breed genuch gefächert. Ech sin zwar mat Villem vun de Piraten enger Meenung, mee vill vun äre Positioune gin och mat de Lénke gedeelt, an déi sin einfach vill méi breed opgestallt an hu masseg Erfahrung, leeschten eng tip top (imho) Aarbescht als Oppositioun.
    Ech hu besse Problemer mat ärer Daseinsberechtegung mettlerweil. Sorry.

    Gefällt mir

    • klotiii sagt:

      Hallo,
      Brauchs Dech net fir Deng Aschätzung ze entschëllegen, sinn souguer frou iwwer dës 🙂
      Wéi eng Themeberäicher feelen dann Denger Meenung no bei de Piraten? D’Piraten hunn zwar säit 2013 ee sougenanntend „Vollprogramm“, mä et ass sécherlech richteg, datt mer eis net bei all Thema nach eng Kéier extra zu Wuert mellen. (Weess och guer net, ob mer dat iwwerhaapt kéinten, sou ouni VollzäitpolitikerIn, mä dat ass eng aner Diskussioun.)

      Wat de Verglach mat de Lénken ugeet, muss ech Dir awer (gezwongenermoosse) widderschwätzen. Jo, di zwou Parteie sinn op verschiddene Punkten der gläicher Meenung, d’Philosophie déi derhannert stécht ass awer grondverschidden menger Meenung no. Mir kommen aus der liberaler Schinn a versichen de Leit ee Liewen ze erméiglechen wou si iwwer sech selwer decidéiere kënnen, während bei deene Lénken ëmmer nach dat kollektivistescht Denken am Virdergrond steet.
      Och muss ech einfach festhalen, datt déi Lénk bei deenen Themen déi mir perséinlech wichteg sinn (d’Fräiheetsrechter, alles wat mam Digitalen ze dinn huet an d’Studententhemen) quasi net existent ass, och wann se an der Chamber duerno déi „richteg“ Positiounen anhuelen.

      Gefällt mir

  3. jerryfaber sagt:

    Mir Lëtzebuerger wielen Käpp, seelener Parteien. A mat ären „Käpp“ verbannen ech näischt positives. Vläischt sin ech net deen enzegen deen esou denkt.

    Gefällt mir

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: