En ideale Walsystem?

Saache kritiséieren ass einfach, besser Alternative virschloe scho méi schwéier. Nodeems ech hei um Blog eenzel Deeler vum lëtzebuerger Walsystem kritiséiert hunn, wëll ech dann elo och eng eege Propose virstellen.

1 Bezierk

Lëtzebuerg brauch keng 4 Walbezierker. Se sinn net nëmmen en Anachronismus an der haiteger connectéierter Welt, mä droen och dozou bäi, datt grouss Parteie bevirdeelegt a klenger benodeelegt ginn. Och fannen ech et net richteg, datt Leit aus dem Süden bspw. Ee vill méi groussen Afloss op d’Chamberzesummesetzung hunn ewéi anerer.

Kee Persounepanaschage méi

Wouriwwer ech bis elo na net gebloggt hunn ass de Panaschage. Och heivunner sinn ech kee Frënd, schliisslech bevirdeelegt dëse System Leit déi scho méi laang am Politzirkus derbäi sinn. Jonker an och Frae kréien et heiduercher onnéideg schwéier gemaach.
Och muss een sech froe wéi eng Aart vu PolitikerInnen ee léiwer an der Chamber wëll sëtzen hunn, déi di op all Dëppefest optauchen oder souer, déi sech ënner anerem an der Partei en Numm duerch gutt inhaltlech Aarbecht maachen? Ech perséinlech hu léiwer SpezialistInnen an der Chamber sëtzen, wuelwëssend datt dat eent dat anert net ausschléisst.

Specimen_Elections_legislatives_Luxembourg_2013

Walziedele mat iwwer 200 Kandidéierndenimm sollen der Vergaangenheet ugehéieren.

Ech sinn allerdéngs och kee Frënd vun engem Walsystem ewéi an Däitschland wou ee just enger eenzeger Partei seng Stëmm ka ginn. All Bierger sollt also seng 5/10/15 Stëmmen hunn, déi en tëscht all den untriedende Parteie verdeele kann. Doduercher gëtt d’Iddi vum Panaschage bäibehalen, während dem sech de Walkampf nees méi op dat eigentlecht wichtegt konzentréiere kann: d’Walprogrammer an eben net d’Käpp.
D’Parteien hätten an dësem Walsystem déi allengeg Entscheedungsmuecht wien an d’Chamber kënnt. Ass dat ideal? Nee, op kee Fall. Et wier trotzdem besser ewéi aktuell. Anescht ewéi all eenzelne Bierger kennen d’Parteien all hir KanidatInnen, wëssen also am Beschte wien gutt an der Chamber wier a wien net. Och kéinten op d’mannst di grouss Parteien doduercher sécherstellen, datt duerno all déi fir si relevant Themen duerch eenzel Persounen ofgedeckt sinn.
De Persounepanaschage mécht menger Meenung no just da Sënn, wann d’WielerInnen d’KandidatInnen och alleguerten, oder op d’mannst ee ganz groussen Deel dovunner, tatsächlech kennen. Bei Gemengewale kéint een dee System also op alle Fall nach benotzen, bei Landes- oder Europawalen halen ech dat awer nemei fir praktikabel.

Eng fair Sëtzverdeelung

D’Zesummeleeë vun de Bezierker geet net duer fir datt d’Parteie proportional zum Walresultat an der Chamber vertruede sinn. D’Hondt muss dowéinst duerch en anere System ersat ginn. Méi Informatiounen dozou hei.

Zesummefaassung

A mengen Dreem hu mer zu Lëtzebuerg ee Walsystem wou ee Parteien an net Persoune wielt, wou all WielerIn gläich vill wert ass a wou d’Parteiensou proportional ewéi méiglech zu hirem Walresultat an der Chamber vertruede sinn.
Wuelwëssend, datt et kee „perfekten“ oder „ideale“ Walsystem gëtt, deen alles Méigleches berücksichtegt, sou denken ech datt eng Reform an déi vu mir beschriwwe Richtung zu dësem Zäitpunkt onerlässlech fir eis Demokratie ass.

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: