Fraen onerwënscht: 1 Joer méi spéit

Viru genau 1 Joer hunn ech en éischte Blogpost dëser Aart verëffentlecht, Zäit also ze kucken ob d’Frae mëttlerweil méi oft an d’Redaktiounen invitéiert ginn. An dësem Joer huet sech eigentlech vill gedoe wat d’Representatioun vun der Fra ugeet, d’Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir d’Wale kommen a mir haten nawell direkt e puer Diskussiounen iwwer Sexismus an eiser Gesellschaft. 

Wéi d’leschte Kéier de Hiweis, datt ech mech just op dat Quantitatiivt (Wéi vill?) beschränkt hunn an net op dat Qualitatiivt (Wéi?) aginn, obwuel dat och méi wéi noutwenneg wier.

RTL – Invité vun der Redaktioun

Medien4

An 150 Sendunge säit der Rentrée goufen 151 Gäscht invitéiert, wouvunner 23 Frae (15,2%) waren. Dat ass tatsächlech nach ee liichte Plus par Rapport zum Leschte Joer wou 13,6% vun de Gäscht weiblech waren. Hei muss een awer bäifügen, datt d’Familjeministesch Corinne Cahen (DP) direkt 5 Mol vum RTL invitéiert gouf. Iwwerhaapt hunn ech misse feststellen, datt d’Ministesch de beléiftsten Invité – männlein oder weiblein – an de Redaktiounen ass.

RTL – Background

Medien1

Säit der Rentrée goufen an di wuel wichtegst Sendung um RTL 48 Mënschen invitéiert, wouvunner der ganzer 9 net männlech waren. Dat sinn 18,7% an (nees) ee ganz liichte Plus, wann een et mam leschte Joer vergläicht (13%).

RTL – Freides Invité

Medien2

D’Kulturgespréich um Freiden de Mëtten ass déi Sendung, déi den héchste Plus am Fraentaux huet an erreecht bei insgesamt 45 Gäscht eng souguer acceptabel Mark vu 40% (27,6% d’Joer virdrun).

RTL – Radio Sport Club

Medien3

An der Sportsendung bleift den Taux quasi identesch bei 22,2% zu 21,2% dat Joer virdrun.

Och wann den RTL beim Freides Invité vill besser drop opgepasst huet d’Fraen och zu Wuert kommen ze loossen, sou sinn a bleiwen d’Tauxen an de Sport- a virun allem Politsendungen ob engem lächerlech niddrege Wert. Hei ginn net mol an all 4. Sendung Fraen invitéiert.

Radio 100,7 – Riicht Eraus

Medien5

Am Géigesaz zum Background um RTL ginn um Radio 100,7 am Riicht Eraus net nëmme vill méi Leit insgesamt invitéiert, mä den Undeel u Fraen ass och vill méi héich. Bei 81 Gäscht goufe säit der Rentrée 24 Fraen (29,6%) invitéiert. Domadder huet een den Taux vum leschte Joer (12%) méi wéi verduebelt.

Radio 100,7 – Invité vum Dag

Medien6

Huet ee beim Radio 100,7 beim Riicht Eraus däitlech Buedem gutt gemat, sou geet de Fraentaux beim Invité vum Dag esou guer erof. Waren d’lescht Joer nach 28,1% vun de Gäscht weiblech, sou sinn et der dëst Joer leider just méi 24,3% gewiescht.

LeQuotidien – Interview du Lundi

Medien7

De Quotidien interviewt reegelméisseg Perséinlechkeeten op 2 Säiten. Hat ech d’lescht Joer na keng grouss genuch Unzuel un Interviewer um Internet fonnt, sou sinn et der elo genuch fir en éischte Fazit ze zéien. A meng Befiirchtung vum leschte Joer, datt et an den Zeitungen net vill besser ausgesäit ewéi um Radio bestätegt sech op d’mannst hei. A 66 Interviewer säit dem 8. Dezember 2014 war den Interessi just bei 13 Fraen héich genuch, wat 19,7% sinn.

Medien8

D’Fazit ass iergenswéi frustréierend. Huet ee bei 2 Sendungen een uerdentleche Plus gesinn, sou huet sech bei deenen Aneren net vill gedoen. Insgesamt bleift een op engem vill ze niddregen Niveau. Natierlech kënnen d’Medien déi wichteg Persounen an der Gesellschaft net einfach verweiblechen – wa Ministeren a Gewerkschaftsspëtzte männlech sinn, da sinn se halt männlech – trotzdem dierf een sech méi erwaarden. Wat mech beim Duerchgoe vun de Sendungen am Meeschten opgereegt huet, ass dann och, datt een oft Sendungen hat wou 3-4 Männer alleng iwwer ee Sujet diskutéiert hunn. Grad an dësen, wou et jo da manner ëm eng Persoun a méi ëm een Thema geet, muss een erwaarden dierfen, datt och Frae matschwätzen dierfen!


Interessant an dësem Kontext och eng (richteg) Etude iwwer d’Representatioun vun der Fra an de lëtzebuergesche Medien. Spoiler: D’Zuele sinn zimlech identesch.

Advertisements
Getaggt mit

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: