Opgepasst bei FB-Pages: Ech hun mäin Lëtzebuerg gären

Schonn di lescht Jore gouf virun allem d’Jugend ëmmer do virdru gewarnt, dat se um Internet, a säit dem Opstig vu Facebook, op „Soziale Medien“ oppasse sollen, wat se posten, liken a gleewen. Wann een sech elo all d’Norichten ronderëm „Fake News“ beispillsweis am Kader vun de leschten amerikanesche Walen ukuckt, da weess een, datt een all di Warnunge besser gehat hätt un all Altersgrupp an der Bevëlkerung ze riichten, schliisslech mécht d’Digitaliséierung, an domadder och all hir Risike viru kengem Halt.Dobäi sinn et haaptsächlech politesch riets agestallte Populisten, déi Facebook net nëmme scho virun enger Zäitche fir sech entdeckt hunn, mä do och nach massiv Zoulaf hunn. Lo wier et naiv ze gleewen, datt well et zu Lëtzebuerg keng rietsextrem Partei à la Front National gëtt, mir keng esou Problemer hunn. Sou existéiert beispillsweis op Facebook d’Säit „Ech hun mäin Lëtzebuerg gären“ an huet do am Laf vun der Zäit iwwer 6.400 Likes ugesammelt.

Diese Diashow benötigt JavaScript.

Hei uewen driwwer hunn ech elo 3 exemplaresch Posts agefüügt, déi duergoe sollte fir ze verstoen, wisou déi Säit geféierlech ass an een se net duerch Likes a Shares vu villäicht manner schlëmmen a méi lëtzebuerg-positive Posts ënnerstëtze sollt.

Den éischte Post brauch net vill Erklärung. D’Säit huet heimatter kloer gema op wéi enger Säit se vum politesche Spektrum steet, nämlech op der Rietsextremer.

Beim zweete Post freet een sech wahrscheinlech, wat dann elo fir eng Noriicht ass. Ee weltwäite Pädophilie-Ring? Wann een sech dann den eigentlechen Text vun der Noriicht duerchliest, da mierkt een wat den Hannergrond vun där Story ass, nämlech de sougenannte Pizza-Gate. Na ni dovunner héieren? Kuerz erkläert: während dem amerikanesche Walkampf goufen d’E-Mails vum Hillary Clinton a sengem Walkampfteam verëffentlecht a verschidde Leit hu fonnt, datt an deene vill ze oft iwwer „Pizza“ geschriwwe gëtt. Also muss dat jo ee Codewuert fir iergendeppes Schlëmmes sinn, richteg, nämlech ee Kannerpornoring! Dës komplett erfonnte Verschwörungstheorie hu souguer sou vill Leit gegleeft, datt ee Mann an eng bestëmmte Pizzeria gaangen ass an do mat enger Waff ronderëm sech geschoss huet fir méi erauszefannen. Wien méi iwwer déi „Story“ als solches wësse wëll klickt hei oder hei.
Datt dës lëtzebuergesch Facebook-Säit esou eppes post, weist einfach datt de Bedreiwer am „beschte“ Fall selwer Problemer huet richteg Noriichten a gefälschten News vunenaner ze ënnerscheeden, wat all seng aner News-Posts a Videoen an ee ganz anert Liicht réckelt, oder awer am schlëmmste Fall genau Bescheed weess, an einfach Stëmmung géint bestëmmte Gruppen, an dësem Fall „déi weltwäit Elite“, maache wëll.
Den drëtte Post ass dann op Lëtzebuerg gemënzt. Am Artikel geet et dorëms, datt d’Regierung eng Campagne maache wëll fir datt d’Net-Lëtzebuerger sech fir d’Gemengewalen aschreiwe ginn. Dëst Walrecht fir Net-Lëtzebuerger op Gemengenniveau existéiert dobäi scho säit 1999! Am Kommentar vermëscht d’Säit dobäi dës Regelung mam Referendum vun 2015 wou et ëm d’Walrecht bei de Chamberwale gaangen ass. Domadder fuerdert d’Säit eng weider politesch Exklusioun vun Net-Lëtzebuerger a gëtt senge Lieser ze verstoen, datt d’Regierung se dach mam Referendum just veraascht huet.

An dat sinn elo just 3 vu wahrscheinlech honnerte Posts déi bal all an déi selwecht Richtunge ginn. Et gëtt latent géint all Zort vu Minoritéiten am Land Stëmmung gemaach, sief et Auslänner, Moslems oder Schwuler, an dobäi ass et der Säit egal, ob dat wat se posten elo richteg ass oder einfach fräi erfonnt.

Wann een sech dann elo d’Méi mécht dës Praktiken oppenzeleeën, dann huet d’Säit och guer kee Problem domadder oppen an ëffentlech géint déi Persoun Drohungen auszeschwätzen.

letzebuerg4

Esou ass et gëschter dem Maxime Weber geschitt, deen an engem laangen an detailléierte Blogpost nach vill méi Beispiller opgräift an sech dobäi och fir de Bedreiwer selwer interesséiert.

Zur Erënnerung, dës Säit huet 6.400 Likes. Zur Anuerdnung, d’CSV, déi gréisste Partei am Land, huet der just 5.900. Wéi kann dat sinn? Dës Säit huet am Laf vun der Zäit mat Posts iwwer Lëtzebuerg a säin allgemenge patriotesche Charakter Leit ugezunn, déi dann duerch de Facebook-Algorithmus iergenswann keng Posts méi vun der Säit ugewise kruten, well se net méi domadder interagéiert hunn.

Et ass also op kee Fall esou, datt mer ee grousse Grupp vu Leit am Land hunn, déi rietsextrem Vuen a Problemer hunn ze erkennen op Noriichten richteg sinn. Vill méi krut ee groussen Deel vun de Leit d’Wandlung vun dëser Facebook-Page, an déi beschreift de Maxime Weber a sengem Blogpost och, vun enger méi harmloser zu enger radikaler Säit guer net mat.

Wanns Du also dës Säit sollst liken, dann iwwerlee Dir weg obs Du esou Vuen a Leit wierklech ënnerstëtze wëlls. Sollst Du gesinn, datt Kollege vun Dir dës Säit liken, da schwätz se drop un, ob se sech bewosst sinn, wat do fir eng Ideologie vertruede gëtt. Wann dir zum Schluss kommt, datt der net mat der Säit averstane sidd, dann zitt äre Like w.e.g. zréck.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: