Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun. 

Wat dës Kéier anescht ewéi nom éischten Uerteel am Abrëll 2014 war, ass d’Reaktioun vun eisem Justizminister. Wollten hien an d’Regierung no deem Uerteel na net agesinn, datt de Prinzip vun der VDS tatsächlech gekippt gouf, an „national Verantwortung“ och éischter ee Friemwuert fir si war, sou gouf elo weder no enger gemeinsamer europäescher Positioun geruff, nach gesot, datt de Prinzip vläicht awer just ugeschloe wier.

Anstatt, datt ech mech elo awer nees eng Kéier iwwer déi selwecht Saache wéi soss opreegen, ass et besser dës endgülteg Victoire unzehuelen an no vir ze kucken.

Laut EuGH, dem héchste Geriicht an der Europäescher Unioun, ass eng pauschal, ouni Verdachtsmoment getätegten Datesammlung vu jidderengem net mat EU-Recht ze vereenen. Am Fong ass dat also net nëmmen d’Aus fir d’Vorratsdatespäicherung, mä och fir Mesuren ewéi de PNR. An dat ass och gutt esou. Méi Donnéeë fir Sécherheetsautoritéite bedeit schliisslech net méi Sécherheet. Mol dovunner ofgesinn, datt eng VDS ëmmer réischt da konnt benotzt ginn, wa schonn eppes geschitt war.

Wa mer eis all di lescht Terroruschléi an Europa ukucken, da brauchen d’Geheimdéngschter a co. och guer net déi Donnéeën fir potenziell Attentäter ze fannen. Beispill Berlin: Den Attentäter war net nëmmen den Autoritéite bekannt, mä si wousste souguer datt en Kontakt mat etleche Salafisten hat, se hunn seng 14(!) aner Identitéite kannt an et gouf esouguer Zeienaussoen am Viraus, datt en Uschléi geplangt hat.

Berlin ass just ee vu ville Beispiller déi weisen, datt den EuGH eis net nëmmen am Sënn vun engem bessere Schutz vun eiser aller Mënscherechter ee Gefale mécht, mä och am Sënn vun enger besserer Sécherheetspolitik. D’Sécherheetsbehörden dierfen net méi mat ëmmer méi Donnéeë vun total onintressanten, well onschëllege Mënschen zougespamt ginn, déi hire Fokus vun de potenzielle Gefährder, déi se jo trotzdem ëmmer nach ausfindeg maachen, ewechhuelen. Manner enorm Datesätz ze duerchforste bedeit nämlech virun allem, datt ee méi Leit a méi Zäit zur Verfügung huet fir sech ëm déi bekannte potenziell Attentäter ze këmmeren, datt ee méi Zäit huet, déi Persounen an hiert Doheem eng Kéier ze kontrolléieren (natierlech just wann een da genuch Indicen huet) a virun allem och méi Zäit huet déi Informatioune mat eisen europäesche Partner ze deelen.

Och dat gouf nämlech am Fall vum Attentat vu Berlin versäumt. D’italienesch Behörden haten nämlech eng ganz Rei Informatiounen iwwer den Attentäter, déi se einfach net viru ginn hunn. Do kann een dann nach sou vill iwwert de Rôle vun der Europäescher Unioun am Kader vun der Lutte géint den Terror schwätzen, wann awer di national Staaten an hir Behörden et net fäerdeg brénge Systemer, déi vun der EU zur Verfügung gestallt ginn, ze benotzen, da läit do ee ganz grousse Problem, an net bei den oppenen europäesche Grenzen.

Mir sollten also d’Uerteel vum EuGH als Chance ugesinn eis Sécherheetspolitik ze iwwerdenken. Eis vill méi op déi Leit ze konzentréieren, déi wierklech geféierlech sinn. D’Nationalstaate mussen endlech ufänken hir Informatiounen iwwer potenziell Gefährder ze deelen. A mir als Gesellschaft mussen endlech verstoen, datt méi Iwwerwaachung vu jidderengem net zu méi Sécherheet wäert féieren.

Advertisements
Getaggt mit ,

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: