Archiv der Kategorie: Europa

Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun.  Weiterlesen

Advertisements
Getaggt mit ,

Conseil de l’Europe veruerteelt Masseniwwerwaachung schaarf. Oder: Ernüchternd.

De Conseil de l’Europe huet den 21. Abrëll dëst Joer eng Resolutioun géint Masseniwwerwaachung gestëmmt. A wat fir eng. Net nëmmen nennt se d’Iwwerwaachung dat wat se ass, nämlech „eng Gefor fir d’Mënscherechter“, mä rifft d’Länner och dozou op ee wierksame Schutz fir Whistleblower, inklusiv Asylrecht, national en place ze setzen. Weiterlesen

Getaggt mit

#PNR – Wat ass dat iwwerhaapt?

D’Fuerderung vu Kommissioun an de Memberstaten no engem EU-PNR-System gëtt et op d’mannst schonn esou laang ewéi d’PNR-Ofkommesse mat Australien an den USA. Bis elo huet sech virun allem d’EU-Parlament dogéint gewiert, säit den Terroruschléi zu Paräis schéngt et awer och do elo eng Majoritéit derfir ze ginn. Mee wat ass dat dann elo iwwerhaapt genau? Ass et méi oder schlëmm ewéi déi ëmstridde Vorratsdatespäicherung beispillsweis? Weiterlesen

Getaggt mit ,