Archiv der Kategorie: Lëtzebuerg

Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun.  Weiterlesen

Getaggt mit ,

Opgepasst bei FB-Pages: Ech hun mäin Lëtzebuerg gären

Schonn di lescht Jore gouf virun allem d’Jugend ëmmer do virdru gewarnt, dat se um Internet, a säit dem Opstig vu Facebook, op „Soziale Medien“ oppasse sollen, wat se posten, liken a gleewen. Wann een sech elo all d’Norichten ronderëm „Fake News“ beispillsweis am Kader vun de leschten amerikanesche Walen ukuckt, da weess een, datt een all di Warnunge besser gehat hätt un all Altersgrupp an der Bevëlkerung ze riichten, schliisslech mécht d’Digitaliséierung, an domadder och all hir Risike viru kengem Halt. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Fraen onerwënscht: 1 Joer méi spéit

Viru genau 1 Joer hunn ech en éischte Blogpost dëser Aart verëffentlecht, Zäit also ze kucken ob d’Frae mëttlerweil méi oft an d’Redaktiounen invitéiert ginn. An dësem Joer huet sech eigentlech vill gedoe wat d’Representatioun vun der Fra ugeet, d’Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir d’Wale kommen a mir haten nawell direkt e puer Diskussiounen iwwer Sexismus an eiser Gesellschaft.  Weiterlesen

Getaggt mit

En ideale Walsystem?

Saache kritiséieren ass einfach, besser Alternative virschloe scho méi schwéier. Nodeems ech hei um Blog eenzel Deeler vum lëtzebuerger Walsystem kritiséiert hunn, wëll ech dann elo och eng eege Propose virstellen. Weiterlesen

Getaggt mit

Onzefridden

Wann een der leschter TNS-Ilres Sonndesfro gleewe kann trëppelen d’Pirate grad prozenttechnesch op der Plaz a goufe souguer vun de Kommunisten(!) iwwerholl. Och wann et just eng Ëmfro méi wéi 2 Joer virun den nächste Walen ass mécht mech dat Resultat zimlech onzefridden. Weiterlesen

Getaggt mit

D’Quot kënnt – mat minimalste Sanktiounen

Gëschter gouf d’Geschlechterquot der Ëffentlechkeet – eng zweete Kéier – virgestallt. Während d’lescht Joer déi global Iddi mat éischten, fir verschidde Parteien erschreckende Sanktiounen („25% (-75) de la dotation“) virgestallt, gouf elo den Avant-Projet de Loi presentéiert wéi en am Regierungsrot ugeholl gouf. An an dësem sinn déi finanziell Sanktiounen enorm geschrumpft. Weiterlesen

Getaggt mit ,

D’Medie gi gebraucht am Kampf géint de Rassismus!

Virgëschter huet d’Anja Reschke, Journalistin beim NDR, an engem impressionante Kommentar op der ARD géint d’Hetz géint Flüchtlingen op den (a)soziale Medie mobil gemaach. Et wier nees un der Zäit, datt et en „Aufstand der Anständigen“ géing ginn, déi sech kloer géint rassistesch, auslänner- a schlicht mënschefeindlech Aussoen ausschwätzen. Datt een net méi einfach sollt passiv dernieft stoen an dat einfach geschéie soll loossen. Weiterlesen

Getaggt mit ,