Archiv der Kategorie: Nordstad

Ettelbréck brauch… ee Wiessel!

Am Fong hätt ech enorm vill zur Zukunft vun Ettelbréck ze soen an eigentlech hat ech jo och Wëlles all déi Saachen am Walkampf mat menger eegener Lëscht a mengem eegene Programm ze presentéieren, mä vue datt dat leider net geklappt huet (d‘Grënn verzielen ech Dir eng aner Kéier) muss ech mech elo hei op e puer Punkte konzentréieren. Ech géing mech immens doriwwer freeën, wanns Du Dir iwwer dës 3 Saache géings Gedanke maache bevirs Du Däi Choix fir d‘Gemengewalen trëffs. Weiterlesen

Advertisements
Getaggt mit

Ettelbréck: Wëll da kee meng Stëmm?

Den Dag wou ech dëse Blogpost schreiwen ass de Sonnden, den 10. September. Den 8. Oktober, also a manner ewéi engem Mount sinn d‘Gemengewalen. Een Dag no offiziellem Walkampfoptakt huet schonn all Partei zu Ettelbréck Plakater opgestallt oder opgepecht an d‘Kandidéierendelëschten si schonn deelweis am Mee verëffentlecht ginn. Mä nach keng Partei déi zu Ettelbréck an d‘Course geet huet bis elo hire Walprogramm verëffentlecht. Weiterlesen

Getaggt mit

Ettelbréck: Politesch Integratioun vun Net-LëtzebuergerInnen net gewollt

Lëtzebuerg deet sech schwéier mat der politescher Integratioun vun Net-LëtzebuergerInnen. Dat ass net réischt gewosst säit dem Bekanntginn, datt sech just ee knappe Véierel vun deenen Auslänner, déi d‘Méiglechkeet dozou haten, fir d‘Gemengewalen dëst Joer ageschriw hunn.
Weiterlesen

Getaggt mit ,

D’Ettelbrécker (Net-)Informatiounspolitik

Als Beruffskapprëseler reegen ech mech net nëmmen iwwer d’Politik op nationalem an europäeschem Niveau op, mä selbstverständlech och iwwer déi lokal. Weiterlesen

Getaggt mit

Vun Horrorclownen an anere Kasperen

Leschten Donneschden, zwee Deeg virun Halloween, war di zweet Sécherheetsversammlung zu Ettelbréck, dës Kéier mam Minister fir déi „bannenzescht Sécherheet“ Etienne Schneider. Den Undrang war genau sou kleng ewéi bei der Éischter a wierklech Neies gouf vu Biergersäit net verzielt. Ech wëll awer och guer net iwwer d’Versammlung schwätzen, mä vill méi iwwer dat wat mir duerno geschitt ass. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Ëffentlechen Transport zu Ettelbréck: Ech gi léiwer ze Fouss

Als führerschäilose Mënsch sinn ech op den ëffentlechen Transport, respektiv op gnädeg Matmënschen ugewisen. An obwuel ech an enger Gemeng mat eegenem City Bus wunnen, nämlech Ettelbréck, sou huelen ech dee quasi ni. Wann ech meng Pläng maache fir a Richtung Stad fält mer bal ëmmer op, datt kee CityBus zäitlech esou op d’Gare fiert, datt ech dann den Zuch kéint huelen. Esou ginn ech da ganz oft déi 20-25 Minutte vu Waarken op Ettelbréck ze Fouss. Grond genuch fir mech de Fahrplang vum Ettelbrécker CityBus méi genau unzekucken. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Ettelbréck: Mythos Onsécherheet

D’Opreegung war grouss den 2. Mäerz an d’Deeg duerno. Et gouf ee Mann just virum Gemengenhaus zu Ettelbréck ëmbruecht. Op Facebook hunn sech vill Leit manifestéiert, déi soen, datt een sech scho laang net méi géing trauen duerch Ettelbréck ze trëppelen, d’Press ass dorobber opgesprong an huet d’Stad als „Ettelbrooklyn“ duergestallt. Mä ass d’Situatioun dann tatsächlech esou schlëmm zu Ettelbréck? Gëschter, de 14. Juli, war eng éischt Biergerversammlung zum Thema Sécherheet, déi kloer gewisen huet, datt de Problem op engem ganz aneren Niveau läit. Weiterlesen

Getaggt mit