Archiv der Kategorie: Piraten

Onzefridden

Wann een der leschter TNS-Ilres Sonndesfro gleewe kann trëppelen d’Pirate grad prozenttechnesch op der Plaz a goufe souguer vun de Kommunisten(!) iwwerholl. Och wann et just eng Ëmfro méi wéi 2 Joer virun den nächste Walen ass mécht mech dat Resultat zimlech onzefridden. Weiterlesen

Getaggt mit

#LK151 Review: Mir brauchen eng Diskussioun iwwer Persounen!

Um Kongress leschte Samschde wollt ech net nëmmen datt mer als Partei iwwer d’Situatioun vun de Fraen diskutéieren, mä och iwwer eis personell Ausriichtung. Well ech d’Gefill net lass ginn, datt ech do dee Moment deelweis „wirres Zeug“ geschwat hunn – Protipp: Keng Notte plus an de Mikro schwätze geet ëmmer schif! – nach eng Kéier meng Gedanken a Wënsch un d’Piraten a Blogformat. Weiterlesen

Getaggt mit

#LK151 Review: D’Pirate bleiwe beim „Nope“ zur Quot

Leschte Weekend war Landeskongress vun de Piraten a wéi ugekënnegt hat ech eng Rei vun Unträg déi d’Geschlechterquot betraff hunn diskutéiere gelooss. Kee vun dëse gouf ugeholl an trotzdem sinn ech réckbléckend ganz zefridde mat den Diskussiounen déi mer haten. Weiterlesen

Getaggt mit

Suivi Geschlechterquot – Gesetzlech wéi parteiintern

Knapp en halleft Joer no mengem éischte Blogpost zur Geschlechterquot – deen och am Forum verëffentlecht gouf, cool nee?^^ – wollt ech elo nach eng Kéier drop zeréckkomme fir ze ziele wat sech säit dem (net) gedoen huet, souwuel gedanklech bei mir ewéi och parteiintern bei de Piraten. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Road to „Gemengewalen 2017“: Ukënnegung

Déi lescht Wale sinn nach net laang hir, d’Referendumscampagn ass nach net am gaangen an trotzdem mussen d’Parteien an d’Politiker elo schonn op déi nächst Wale kucken an sech preparéieren. D’Gemengewalen am Oktober 2017, also a gutt 2,5 Joren ginn nämlech wichteg – esou wéi am Fong all Wal. Weiterlesen

Getaggt mit