Schlagwort-Archive: Feminismus

Fraen onerwënscht: 1 Joer méi spéit

Viru genau 1 Joer hunn ech en éischte Blogpost dëser Aart verëffentlecht, Zäit also ze kucken ob d’Frae mëttlerweil méi oft an d’Redaktiounen invitéiert ginn. An dësem Joer huet sech eigentlech vill gedoe wat d’Representatioun vun der Fra ugeet, d’Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir d’Wale kommen a mir haten nawell direkt e puer Diskussiounen iwwer Sexismus an eiser Gesellschaft.  Weiterlesen

Advertisements
Getaggt mit

D’Quot kënnt – mat minimalste Sanktiounen

Gëschter gouf d’Geschlechterquot der Ëffentlechkeet – eng zweete Kéier – virgestallt. Während d’lescht Joer déi global Iddi mat éischten, fir verschidde Parteien erschreckende Sanktiounen („25% (-75) de la dotation“) virgestallt, gouf elo den Avant-Projet de Loi presentéiert wéi en am Regierungsrot ugeholl gouf. An an dësem sinn déi finanziell Sanktiounen enorm geschrumpft. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Fraen onerwënscht: Radio 100,7 net besser ewéi den RTL

Leschte Mount hunn ech driwwer gebloggt, datt beim Radio RTL een enormt Ongläichgewiicht tëscht männlechen a weiblechen Invitéeën existéiert. Ech hat mech dee Moment op den RTL limitéiert, well et bei hinnen am Einfachsten ass, spréch déi mannste Klicks erfuerderlech sinn, fir all déi néideg Informatiounen zesummen ze kréien. D’Thematik huet mech awer net lassgelooss, wisou ech mer elo och d’Zuele vum Radio 100,7 ugekuckt hunn. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Fraen onerwënscht: Brauch den RTL eng Geschlechterquot?

A leschter Zäit ass zu Lëtzebuerg, net zulescht wéinst der Blo-Rout-Grénger Regierung, méi iwwer d’Representatioun vun der Fra an der Politik, mä och an der Wirtschaft diskutéiert ginn. Och wann ech d’Effektivitéit vun der Haaptmesure, der Geschlechterquot, an der Politik bezweifelen, sou frou sinn ech, datt sech endlech eppes an dësem Domaine deet. Wouriwwer awer quasi net geschwat gëtt ass d’Representatioun vun der Fra an de Medien. Ech wäert mech an dësem Blogpost op dat Quantitatiivt, also Zuele begrenzen, wann och ganz ganz vill zum Qualitativen, spréch dem „Wéi“ ze soe wier. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Debattebäitrag: Geschlechterquot bei politesche Walen?

Disclaimer: Bevir ech mam eigentlechen Thema lassleeën, géing ech gär e puer Saache kloerstellen. 1) Ech perséinlech definéiere mech als Feminist, spréch ech setze mech fir eng gesellschaftlech Gläichbehandlung vun alle Geschlechter an a wiere mech géint all Form vu Sexismus. 2) An dësem Blogpost geet et ausschliisslech ëm déi sougenannte Geschlechterquot op de Kandidéierendelëschte fir politesch Walen. 3) Meng Positioun zu dëser Quot an de Conseils d’administration vu staatlechen a privaten Entreprisen ass eng aner. Weiterlesen

Getaggt mit , ,