Schlagwort-Archive: Medien

„Political Correctness“ …oder besser „Anstand a Respekt“!

Political Correctness (PC) ass wuel eng vun deene Saachen déi grouss Deeler vun der Bevëlkerung opreegen, an dat (gréisstendeels) onofhängeg dovunner ob een sech éischter dem rietsen oder dem lénke politesche Spektrum zouuerdnet. Sou gëtt d’PC souwuel reegelméisseg vu rietsnationale PolitikerInnen à la Kartheiser, ewéi och vum beispillsweis gréissten däitsche Youtuber Gronkh thematiséiert. Déi eng reegen sech iwwer „Zensur!!“ op a wëlle just hir Meenung (oder vill méi d’„Wourecht“) soen dierfen, während déi aner sech soen „Mä et si just Wierder!“ a mam Vermeide vun deene Wierder kéint een och keng Gedanken oder Verhalensweisen änneren.  Weiterlesen

Advertisements
Getaggt mit ,

Kuerz: Neilandblog a Flattr

Zwee kuerz Updates wat dëse Blog ugeet. Weiterlesen

Getaggt mit

D’Medie gi gebraucht am Kampf géint de Rassismus!

Virgëschter huet d’Anja Reschke, Journalistin beim NDR, an engem impressionante Kommentar op der ARD géint d’Hetz géint Flüchtlingen op den (a)soziale Medie mobil gemaach. Et wier nees un der Zäit, datt et en „Aufstand der Anständigen“ géing ginn, déi sech kloer géint rassistesch, auslänner- a schlicht mënschefeindlech Aussoen ausschwätzen. Datt een net méi einfach sollt passiv dernieft stoen an dat einfach geschéie soll loossen. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Fraen onerwënscht: Radio 100,7 net besser ewéi den RTL

Leschte Mount hunn ech driwwer gebloggt, datt beim Radio RTL een enormt Ongläichgewiicht tëscht männlechen a weiblechen Invitéeën existéiert. Ech hat mech dee Moment op den RTL limitéiert, well et bei hinnen am Einfachsten ass, spréch déi mannste Klicks erfuerderlech sinn, fir all déi néideg Informatiounen zesummen ze kréien. D’Thematik huet mech awer net lassgelooss, wisou ech mer elo och d’Zuele vum Radio 100,7 ugekuckt hunn. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Fraen onerwënscht: Brauch den RTL eng Geschlechterquot?

A leschter Zäit ass zu Lëtzebuerg, net zulescht wéinst der Blo-Rout-Grénger Regierung, méi iwwer d’Representatioun vun der Fra an der Politik, mä och an der Wirtschaft diskutéiert ginn. Och wann ech d’Effektivitéit vun der Haaptmesure, der Geschlechterquot, an der Politik bezweifelen, sou frou sinn ech, datt sech endlech eppes an dësem Domaine deet. Wouriwwer awer quasi net geschwat gëtt ass d’Representatioun vun der Fra an de Medien. Ech wäert mech an dësem Blogpost op dat Quantitatiivt, also Zuele begrenzen, wann och ganz ganz vill zum Qualitativen, spréch dem „Wéi“ ze soe wier. Weiterlesen

Getaggt mit ,