Schlagwort-Archive: Political Correctness

„Political Correctness“ …oder besser „Anstand a Respekt“!

Political Correctness (PC) ass wuel eng vun deene Saachen déi grouss Deeler vun der Bevëlkerung opreegen, an dat (gréisstendeels) onofhängeg dovunner ob een sech éischter dem rietsen oder dem lénke politesche Spektrum zouuerdnet. Sou gëtt d’PC souwuel reegelméisseg vu rietsnationale PolitikerInnen à la Kartheiser, ewéi och vum beispillsweis gréissten däitsche Youtuber Gronkh thematiséiert. Déi eng reegen sech iwwer „Zensur!!“ op a wëlle just hir Meenung (oder vill méi d’„Wourecht“) soen dierfen, während déi aner sech soen „Mä et si just Wierder!“ a mam Vermeide vun deene Wierder kéint een och keng Gedanken oder Verhalensweisen änneren.  Weiterlesen

Advertisements
Getaggt mit ,