Schlagwort-Archive: VDS

Nom neien Uerteel géint VDS: Chance fir eng besser Sécherheetspolitik!

Kuerz viru Chrëschtdag koum alt nees eng wonnerbar Noriicht vum Kierchbierg. Den EuGH huet sech nämlech fir d’Zweet méi wéi kloer géint de Prinzip vun der Vorratsdatespäicherung ausgeschwat. Ee Prinzip, wat bedeit huet, datt vu jidderengem pauschal an ouni Grond perséinlech Donnéeën iwwer eng gewëssen Zäit gespäichert gi – an dësem konkrete Fall vun eiser Kommunikatioun.  Weiterlesen

Advertisements
Getaggt mit ,

#PNR – Wat ass dat iwwerhaapt?

D’Fuerderung vu Kommissioun an de Memberstaten no engem EU-PNR-System gëtt et op d’mannst schonn esou laang ewéi d’PNR-Ofkommesse mat Australien an den USA. Bis elo huet sech virun allem d’EU-Parlament dogéint gewiert, säit den Terroruschléi zu Paräis schéngt et awer och do elo eng Majoritéit derfir ze ginn. Mee wat ass dat dann elo iwwerhaapt genau? Ass et méi oder schlëmm ewéi déi ëmstridde Vorratsdatespäicherung beispillsweis? Weiterlesen

Getaggt mit ,

VDS: D’Argumentatioun vum Felix Braz op de Leescht geholl

Nee, wéi der gesitt kommen ech einfach net laanscht eise Justizminister a säi Festhalen un der Vorratsdatespäicherung. Dës Kéier huelen ech seng an der Regierung hir Argumentatioun fir d’Bäibehale vum Prinzip vun der VDS zu Lëtzebuerg op de Leescht. Weiterlesen

Getaggt mit ,

VDS: Am Zweifel géint d’Mënscherechter

A mengem éischte Blogpost zur Vorratsdatespäicherung (VDS) hat ech de Justizminister Félix Braz als Mënsch ouni politeschem Courage, an dëser Saach op mannst, bezeechent. Ech sollt Recht behalen. Leschte Freiden huet de Justizminister seng Iwwerleeungen a Conclusioune säit dem Uerteel vum EuGH am Abrëll der Press virgestallt. Weiterlesen

Getaggt mit ,

Vorratsdatespäichere: Dem Felix Braz feelt et u politeschem Courage

Säit dem Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff („EuGH“) zur Vorratsdatespäicherung („VDS“) ass an de verschiddenen EU-Memberlänner villes geschitt. An Däitschland bleift et wuel derbäi, datt VDS der Geschicht ugehéiert, an Éisterräich a Rumänien gouf d’Direktiv gekippt, Dänemark hält weider dru fest, a Pole muss just d’Gesetz liicht verännert ginn an a Groussbritannien gouf séier en Noutstandgesetz ugeholl fir d’VDS a Kraaft ze halen. Zu Lëtzebuerg soll am September bekannt gema ginn, wat mat der VDS geschitt, wann een dem grénge Justizminister Felix Braz awer uerdentlech nolauschtert héiert een eraus, datt et scho feststeet, datt d’VDS net ofgeschaf, mä reforméiert wäert ginn. Vill ganz ënnerschiddlech Decisiounen also, obwuel d’Uerteel vum EuGH enorm däitlech ass. Weiterlesen

Getaggt mit ,