Chatkontroll an der Chamber: The Good, the Bad, the Ugly

Déi lescht Woch war déi kontrovers Propose vun der EU-Kommissioun an der Chamber, déi ë.a. zum Zil huet besser/méi strikt mat Material vu Kannermëssbrauch am Internet ëmzegoen. D‘Chamber war sech dobäi zimmlech eens wéi een zu dëser Iddi steet, bis se et net méi war. Weiterlesen »

#Chatkontrolle: Wourëms geet et? Wat leeft zu Lëtzebuerg?

Ee Mëttwoch gëtt zu Bréissel eng nei europäesch Veruerdnung géint sougenannten „child sexual abuse material“, kuerz CSAM, virgestallt. Do halen awer och schonn déi op den éischte Bléck positiv Noriichten op. Déi nei Veruerdnung wäert nämlech dorobber erauslafen, datt eis gesamt Online-Kommunikatioun an Zukunft iwwerwaacht gëtt.Weiterlesen »

Ech si rosen op mech…

Ech mengen ech hunn déi gréng ee Samschden ee Bärendéngscht geleescht, andeems ech um Kongress just do souz an näischt gesot hunn. De Witz ass jo souguer, datt ech mer en Text virbereet hat. Iwwer déi gréng schreiwen ech duerno nach ee separaten Text, an deem heite geet et awer elo mol just ëm mech. Wien sech net fir meng Gefillswelt interesséiert, dee brauch dann hei och net virun ze liesen.Weiterlesen »

„Fir d’Ukrain den Auto stoe loossen” an aner Méiglechkeete Bensin ze spueren

Dem Putin säi Krich géint d‘Ukrain ass nach keng 2 Wochen al a mir spieren éischt Folgen dovunner och schonn zu Lëtzebuerg, dat virun allem op der Tankstell. Ee Samschden sinn d‘Präisser op der Pompel deelweis ëm direkt 18 Cent de Liter geklomm. D‘Energiepräisser allgemeng wäerten an nächster Zäit nëmmen eng Richtung kennen, an zwar no uewen. Weiterlesen »

Léif Vulnerabel, maacht iech bemierkbar!

De groussen Ënnerscheed tëscht de Schwurbler an dem Ëmfeld vu Vulnerabelen ass, datt d‘Schwurbler immens gutt vernetzt an immens haart sinn. Wéi oft hunn ech elo gelies, datt verschidde sanitär Moossnamen net ëmgesat goufen, well déi di domadder net averstane waren sech massiv bei de Responsabelen an Decideuren opgereegt an Drock erzeegt hunn.

Mir Vulnerabel, an all déi di mat eis a Solidaritéit stinn, musse versichen deen Narrativ elo ze kippen. Mir mussen eis bemierkbar maachen, wa mer verhënnere wëllen, datt déi 4. Well elo nees komplett aus dem Rudder leeft.

Weiterlesen »

Aus der Pandemie léieren. Elo!

D’Pandemie ass nach laang net eriwwer. Och da wa mir zu Lëtzebuerg an Europa duerch d‘Impfe bis spéitstens nom Summer Herdenimmunitéit erreecht sollten hunn, wäert eis de Coronavirus nach laang beschäftegen. Sou laang de Virus net op der ganzer Welt ënner Kontroll ass, kënnen ëmmer erëm nei Varianten entstoen déi géint eisen Impfstoff resistent sinn a sech och nees an eise Regioune verbreeden. Dat ass eng Realitéit, déi mir als Gesellschaft, awer virun allem och eis Politiker*innen akzeptéiere mussen. Grad dowéinst ass et awer och ëmsou méi wichteg, datt mer esou séier et geet domadder ufänke Léieren aus der Pandemie ze zéien, net réischt da wann d‘Pandemie laanscht ass, mä elo! Weiterlesen »

3 Joer déi gréng: Ee Versuch vun engem Tëschefazit

Wéi ech am Summer 2017 bei de Piraten ausgetruede sinn, hat ech am Fong Wëlles bis no de Chamberwalen dat Joer drop ze waarden bis ech nees enger Partei bäitrieden. Wéi ech et dunn awer e bësse mat der Angscht ze di krut hunn, datt déi gréng vläicht awer eng Koalitioun mat der CSV agoe kéinten, hunn ech meng Decisioun no vir verluecht. A mengem Hannerkapp hat ech mech nämlech scho fir déi gréng decidéiert, wier awer wuel net dozou bereet gewiescht hinnen an esou enger Konstellatioun bäizetrieden. Lo 3 Joer méi spéit sinn ech absolut zefridde mat mengem Choix, et ginn awer e puer Saachen, déi mech reegelméisseg nerven. Weiterlesen »

Onméiglecht Relativéiere vun de Covid-19-Doudeszuelen

De 17. November haten de Premier Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert nees eng Pressekonferenz fir iwwer den aktuelle Stand an der Coronavirus-Pandemie ze berichten. U sech also näischt Extraes. Et war dann awer eng Äntwert vum Paulette Lenert op eng Fro vum Christophe Bumb, déi mech beim éischten Héieren direkt baff zréckgelooss huet, an et ass bei engem zweeten oder drëtte Lauschteren och net besser ginn. Et goung ëm d‘Fro no den erhéichten Doudeszuelen déi lescht 4 Wochen, wou nach eng Kéier 100 Leit um Virus gestuerwe sinn, eng Zuel déi laut dem Journalist änlech grouss ass ewéi déi vu Mäerz bis Mëtt Oktober. D‘Äntwert vun der Gesondheetsministesch war du voll mat Relativéirunge vun där Zuel. Wéi eng genau, a wisou dat héich problematesch an deelweis esouguer geféierlech ass, versichen ech hei ze erklären.Weiterlesen »

JHA-Rundown: Nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren

Wann d’EU-Justiz- a Policeminister*innen och d’Gesondheet an hire Ressorten hätten, sinn ech mer sécher, datt ee säit spéitstens Abrëll d’Gefill hätt, datt een an Europa gemeinsam géint de Coronavirus virgeet. Wann ëmmer et nämlech en Terroruschlag an Europa gëtt, sinn se ganz séier derbäi nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren ze fuerderen an drun ze schaffen. Ech wollt iech hei ee klengen Iwwerbléck verschafen, wat aktuell d‘Prioritéite vun den nationale Regierungen an der Lutte géint den Terror sinn, sou wéi se ë.a. den 13. November an enger Videokonferenz vum zoustännege Conseil festgehale goufen.Weiterlesen »