JHA-Rundown: Nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren

Wann d’EU-Justiz- a Policeminister*innen och d’Gesondheet an hire Ressorten hätten, sinn ech mer sécher, datt ee säit spéitstens Abrëll d’Gefill hätt, datt een an Europa gemeinsam géint de Coronavirus virgeet. Wann ëmmer et nämlech en Terroruschlag an Europa gëtt, sinn se ganz séier derbäi nei (an net sou nei) Iwwerwaachungsmesuren ze fuerderen an drun ze schaffen. Ech wollt iech hei ee klengen Iwwerbléck verschafen, wat aktuell d‘Prioritéite vun den nationale Regierungen an der Lutte géint den Terror sinn, sou wéi se ë.a. den 13. November an enger Videokonferenz vum zoustännege Conseil festgehale goufen.

TERREG – Läsche vun terroristeschem Contenue um Internet

Op den éischte Bléck schéngt dat heiten eppes extrem Logesches an och Guddes ze sinn, well wien wëll schonn terroristesche Contenue oder d‘Verherrlechen dovunner um Internet hunn? Et ass awer alles net esou einfach.

Et geet drëms, datt Internetplattformen an Zukunft mat Hëllef vun Uploadfiltere sécherstelle mussen, datt keng esou Inhalter bei hinnen online ginn. Sollt dat awer geschéien hunn se 1 Stonn no Meldung Zäit déi Inhalter ze läschen. Problemer heirunner bleiwen ongeféier déi selwecht ewéi bei den Uploadfilteren an der Urheberrechtsreform. Et wäert an Zukunft zu Overblocking kommen, och a grad wéinst där zousätzlecher 1 Stonn-Regelung. Enner anerem journalistesch Reportage kéinten hei zum Affer vum Filter falen.

Dann hues de do nach zousätzlech, wéi bei ganz villen „Anti-Terror“- Mesuren, de Problem, datt dat wat een lo ënner „Terrorismus“ versteet ganz schwammeg bleift. Och sollen d‘Unuerdnungen zum Läschen net vu Riichter kommen, mä vu Police oder Geheimdéngscht, je no deem wéi ee Land wéi eng Administratioun dofir zoustänneg mécht.

Een éischten Entworf heifir gouf am Hierscht 2018 vun der Kommissioun virgeluecht, an ass elo schonn eng Zäitchen am Trilog, spréch an de leschte Verhandlungen tëscht Kommissioun, Rot a Parlament. De Rot erhéicht lo nach eng Kéier den Drock op d‘Parlament, an hätt déi heite Veruerdnung gäre bis Enn des Joers duerch.

Méi Informatiounen zum aktuelle Stand ginn et hei.

Vorratsdatespäicherung

Ehmnjo. Zu Lëtzebuerg hu mir d‘VDS zwar nach, mä u sech ass se elo viru kuerzem fir di drëtte Kéier säit 2014 vum EuGH fir absolut net kompatibel mat EU-Recht gesprach ginn, déi europäesch Minister*innen halen esou eng Datesammlung awer weiderhin fir wichteg am Kampf géint den Terror.
Et gëtt zwar elo deelweis vun „targeted data retention“ geschwat, mä wéi dat genau géing ausgesinn, dovunner geet keng Rieds an den Dokumenter. Fir Lëtzebuerg ass dat awer och iergendwou irrelevant sou laang mir déi ganz normal pauschal VDS trotz dem Urteeler einfach weiderlafe loossen.

E-Evidence

Nach eng Mesure, déi scho méi laang am Gespréich ass. Hei geet et virun allem dorëms ënner wéi enge Viraussetzungen an iwwer wéi ee Wee dierfen europäesch (juristesch a polizeilech) Administratiounen an aneren europäesche Länner bei Internetfirmen a -provideren elektronesch Beweismëttelen ufroe kënnen. Fir mech ass dat hei keng direkt Anti-Terror Mesure, an jo, an der EU sollt d’Zesummenaarbescht hei besser funktionéieren, mä wéi ëmmer kënnt et op d‘Detailer un. Méi (kritesch) Infos heizou fannt der hei.

Zougrëff op europäesch Policedatebanken

Eng besser grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht tëscht den eenzele Policen ass eppes aneres wat um Plang steet. Domadder gëtt net just un nach besser Reegele beim grenziwwerschreidende Verfollege vu Verdächtege geduecht, mä virun allem un den Accès op déi verschidde Policedatebanken. Dat zesummegefaassten Zil liest sech dobäi esou: „Every law enforcement officer in the EU and in the Schengen area has access at all times to the information available in any other Member State necessary to perform his or her duties in line with the existing legal framework.
Dorënner kann ee sech nawell relativ vill virstellen, an als gebrannte Kand a Saache Policedatebanken sollt sech déi lëtzebuergesch Regierung hei fir eng enorm restriktiv Ausleeung vun „necessary“ asetzen.
Ee Beispill, dat d‘Minister*innen heifir nennen ass EPRIS. Um Site vun der BKA, dat un engem Pilotprojet dozou bedeelegt ass, ginn et zwee Erklärvideoen dozou.

Doriwwer eraus soll et ee besseren, automateschen Austausch vun Donnéeën vu Persounen an der EU ginn, déi an engem Memberstaat als „Gefährder“ tituléiert goufen. Eng gemeinsam europäesch Definitioun vun deem Terme gëtt et aktuell awer nach guer net.

Kënschtlech Intelligenz géint Kriminalitéit an Terrorismus

Vill méi an den Detail ewéi d’Iwwerschrëft et seet ginn d’Minister*innen elo net wierklech, mä jo, an Zukunft sollen déi zoustänneng Administratiounen kënschtlech Intelligenz notzen fir “discern patterns, detect links, identify victims and perpetrators as well as the location of the offence, automate and accelerate the handling of standardised and uniform tasks, and help to forecast criminal activitiesthereby increasing the speed and effectiveness of law enforcement.

Ze gutt hale muss een de Minister*innen an dësem Punkt awer, datt se méi Text dofir verwenden fir ze beschreiwen wat alles en place gesat muss ginn fir AIs och tatsächlech ze notzen. Sou muss dat ganzt mam Dateschutz an de Grondrechter passen, et solle just Leit dat notzen, déi speziell dofir ausgebilt goufen an den Impakt op Minoritéiten an d‘Gesellschaft als Ganzes verstinn, etc. Wat dat Wäert ass an engem Dokument, wou een aner grondrechtsfeindlech Mesurë fuerdert (VDS, Accès op verschlësselt Noriichten) ass dann natierlech eng ganz aner Fro.

Verschlësselung

Zu gudder Lescht dann nach den Hiweis, datt sech un der d‘lescht Woch geleakte Fuerderung no engem Accès op verschlësselt Noriichten näischt geännert huet. D‘Minister*inne schwätze vun engem „need to ensure lawful access to data and evidence in electronic communications and digital systems for law enforcement and judicial purposes (…)“.

Voila, dat wier mäi groben Iwwerbléck. Aner Resuméeë fannt der bei netzpolitik.org a bei FM4. Fir déi lëtzebuergesch Regierung huet de Policeminister Henri Kox (déi gréng) um Treffen den 13. November deelgeholl, säi Communiqué fannt der hei.

Meng Sourcë fir de Blogpost: https://files.orf.at/vietnam2/files/fm4/202045/783284_fh_st12143-re01en20_783284.pdf
https://www.statewatch.org/media/1464/eu-council-draft-conclusions-internal-security-policing-11518-20-rev1.pdf
https://www.statewatch.org/media/1466/eu-council-joint-statement-terror-attacks-12634-20-rev2.pdf

Hinterlasse einen Kommentar

Diese Seite verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden..