„Political Correctness“ …oder besser „Anstand a Respekt“!

Political Correctness (PC) ass wuel eng vun deene Saachen déi grouss Deeler vun der Bevëlkerung opreegen, an dat (gréisstendeels) onofhängeg dovunner ob een sech éischter dem rietsen oder dem lénke politesche Spektrum zouuerdnet. Sou gëtt d’PC souwuel reegelméisseg vu rietsnationale PolitikerInnen à la Kartheiser, ewéi och vum beispillsweis gréissten däitsche Youtuber Gronkh thematiséiert. Déi eng reegen sech iwwer „Zensur!!“ op a wëlle just hir Meenung (oder vill méi d’„Wourecht“) soen dierfen, während déi aner sech soen „Mä et si just Wierder!“ a mam Vermeide vun deene Wierder kéint een och keng Gedanken oder Verhalensweisen änneren. 

D’Expressioun gouf zwar net vun de Konservativen a Rietsen an den USA erfonnt, dofir awer vun hinne säit Ufank den 90er Joeren ëmmer méi aggressiv benotzt a gëllt haut als ee vun de Kär-Kampfbegrëffer vun der politescher Rietser an de westleche Staaten. Den Trump ass ënner anerem mam Krich géint PC zum amerikanesche President gewielt ginn.

Dës allgemeng Haltung vum „Dat dierf een jo awer mol nach eng Kéier soen!“ huet sech duerch dat regelméissegt Rofmaache vu PC ëmmer méi an der Gesellschaft duerchgesat, sou datt haut erëm ëmmer méi Wierder an Expressioune benotzt ginn, déi eigentlech duerch an duerch beleidegend, sexistesch, rassistesch, homosexuellen- oder behënnertefeindlech sinn, ouni datt de gréissten Deel vu Leit deen se benotzt sech wierklech doriwwer am Kloren ass, einfach well een déi Wierder benotzt, déi Kolleegen, Elteren oder Prominenter och benotzen, oder awer vu Viruerteeler ofstamen.

Wéi kritt een déi Leit dann elo dozou hir Sproochgewunneschten ze änneren? Op kee Fall andeems een se direkt als „rassistesch/sexistesch“ ofstempelt. Net nëmmen ass ee groussen Deel dat ebe grad net, mä esou eng Konfrontatioun féiert gären dorobber eraus, datt een zimlech séier bei esou Themen d’Oueren op Duerchzuch stellt an een einfach, och gären aus Trotz, riicht domadder viru fiert. Et wëll een erreechen, datt d’Leit sech Gedanken iwwer hiert Verhale man. Dat kritt een hin andeems een se an engem frëndlechen Toun op de Problem opmierksam mécht an se ganz einfach unhand vun den Originne vun der Expressioun an dat wat se bei de Betraffenen ausléist opkläert.

Ech wäert dowéinst an den nächste Wochen a Méint versichen, reegelméisseg iwwer eenzel Wierder an Expressiounen ze bloggen. Dës Introduktioun zum Thema wollt ech awer mol dofir notze wisou ech perséinlech versiche mech ëmmer „politesch korrekt“ oder nee, wisou ech versichen aner Mënschen ëmmer mat Anstand a Respekt ze behandelen, och da wann ech just iwwert se schwätzen a se vläicht guer net kennen. A mat deem Saz ass eigentlech schonn alles gesot.

Dat wat verschidde Leit als „Political Correctness“ ofstempelen, ass eigentlech de Versuch vu Anere jidderee respektvoll ze behandelen, an all eenzel Persoun als dat ze gesinn, wat se ass, nämlech e Mënsch wéi Du an Ech.

Sollt et elo virkommen, datt ech iwwer ee Wuert schreiwen, wats Du reegelméisseg benotz, dann w.e.g. versich dat net als eng perséinlech Attack géint Dech ze gesinn, mä als konstruktiv Kritik. Och ech hunn an der Vergaangenheet Wierder an Expressioune benotzt déi aner Leit ugräifen/opreegen/beleidegen a wäert dat wahrscheinlech leider och an Zukunft vun Zäit zu Zäit maachen. Schliisslech ass kee Mënsch perfekt oder weess alles. Als Mënschen hu mir awer och déi wonnerbar Fäegkeet bis zu eisem leschte Moment Saache bäizeléieren, an dovunner sollte mer dann och alleguerte Gebrauch maachen. Dofir muss een awer oppe bleiwe fir eben déi konstruktiv Kritik.

3 Gedanken zu “„Political Correctness“ …oder besser „Anstand a Respekt“!

  1. PC ass een zimmlech vagen Begrëff. Ech soen bspw gaeren, datt ech mech PI ausdrécken, wann ech géint Fraenquoten gin [ech suggéieren dann also datt de Pro déi eigentlech politesch korrekt Meenung ass an main Contra dermatter déi inkorrekt 😉 ] oder wann ech bspw. Klimapolitik (net onbedéngt de Klimawandel als solchen, mee ower déi vun den Politiker firgeschloen politesch Léisungen) a Fro stellen. Esou wir „PC“ dann just een Synonym fir „politeschen Mainstream“, evtl. nach fir guttgemengten Denkverbueder.

    Mee leider wëllen tatsächlech munch Leit richteg eekleg Sachen soen an sinn dann géint PC, well se daat esou net méi daerfen. Daat ass natirlech dann e Problem, mee wéis de selwer richteg schreiws, hëlleft do nemmen Opklärung.

    A leschter Zait fannen ech besonnesch problematesch wat et fir „Hexenprozesser“ deelweis hei am Land gett. Do sin sëcher Leit derbai, déi Saachen gesoot hun, déi absolut zum Katzen sin, guer keng Fro, mee ech sin als (radikal) Liberalen der Meenung, datt esouguer esou een Brach misst enner Meenungsfraiheet faalen, well Staatsgewalt mMn do prinzipiell falsch an och nach enorm kontraproduktiv ass. Esou Aktiounen spillen den Trumps vun dëser Welt dach grad an d’Karten, well déi Leit sech als Affer kënnen duerstellen.

    Besser wir d’Strofrecht do komplett erauszehaalen an deenen Leit am Netz oder och soss aléng mat Géigenwieder Paroli ze bidden. Well eng nach esou guttgemengten PC gett dann zum Problem, wann se mat Staatsgewalt soll durchgesat gin.

    Like

    • Hey,

      Du schreifs direkt e puer Saachen un. Vir d’éischt, mir geet et an dësem an den nächste Posts virun allem dorëms d’Leit drop opmierksam ze maachen, datt Wierder net neutral sinn. Di Meescht hunn eng Connotatioun, déi di ech hei wäert erkläeren hunn eng negativ. Ech wëll domadder dat, wat vill Leit eben als „Political Correctness“ verstinn an oftmools dann och verfluchen méi gräifbar maachen. Et ass eben total falsch Leit direkt als „Rassist“ oder „Sexist“ duerzestellen, just well se eng falsch Expressioun benotzt hunn. Ech wëll erkläeren, wisou déi Expressioun sexistesch ass, an esou d’Leit zum Nodenken ureegen fir datt se an Zukunft vum selwen oppassen wat se wéi soen. Vläit klappt meng Approche bei engem, vläit och net. Ech weess et leider net x)

      Jo, Political Correctness ass sécherlech haut méi ewéi just de Sproochgebrauch (cf. Feminismus als solches gëtt gären als PC duergestallt), ech wäert mech fir d’éischt awer mol heirobber beschränken.
      Mir geet et dann och net drëms iergendeen ukloen ze wëllen, just well en eppes Falsches gesot huet. Ech wëll just, datt d’Leit nees méi respektvoll madenaner ëmginn.

      „Liberal“ ze sinn heescht fir mech, datt meng Fräiheeten esou wäit ginn bis ech engem Anere seng aschränken. „Opruff zum Haass“, „Opruff zu Gewalt“ oder Morddrohunge sinn eng ganz kloer Aschränkung vun deem Anere senge Fräiheeten, schliisslech muss déi viséierte Persoun/déi viséiert Grupp Angscht hunn, datt him/hinnen eppes ugedoe gëtt. Dowéinst muss de Staat do dann och agräifen.

      Bescht Gréiss,
      Claude

      Like

      • Konkret Opriff zu Gewalt hun natirlech naischt mat Meenungsfraiheet ze din. Mee wat sin dann w.e.g. Opriff zum Hass? An iwwerhapt: Hass ass een Gefill, daat kanns de net verbidden. Fir mech kann eng objektiv novollzéierbar gesetzlech Grenn eréischt do leien, wou konkret zu Gewalt opgeruff gett. Alles anescht ass vlait eekleg, mee wir an engem konsequent liberalen Staat keen Fall fir de Richter.

        Huelen mer als konkret Beispill- zudem brandaktuell hei am Land!- Holocaustleugnung. An den USA ass Holocaustleugnung NET strofbar. Bei eis schons. Ech fannen daat hanebüchen. D’Wourecht brauch keen Strofrecht fir sech durchsetzen. D’Wourecht, historesch Fakten, schwätzen kloer fir sech. Normalerweis brauch d’Ligen d’Strofrecht fir sech durchzesetzen bzw Wourecht ze ennerdrécken (cf. Tirkei, wou et verbueden ass, ze soen, et wir een Genozid un den Armenier gin), net d’Wourecht.

        Ofgesin dervunner sin ech der Meenung, datt jhiddereen, deen mat Hamas, Hisbollah oder eben esouguer Hakenkraizfändel, bref allméiglech haut (zurecht) verpönten an deelweis och verbueden Symboler, derbaussen ronderem laafen wëll, daat soll daerfen maan. Dann erkennt een d’Arschlächer schons op 500 m.

        Ech weess, datt meng Meenung do radikal ass an fir vill Europäer vlait schockéierend, mee daat ass meng éierlech Meenung an ech soen daat esou schons sait Joren.

        Natirlech bedeit daat NET datt een naischt géint Rassismus, Antisemitismus, Sexismus asw. maan sollt, mee daat ass eben grad d’Aufgab vun enger fonctionnéierender Zivilgesellschaft an net vum Gewaltmonopolist Leviathan.

        Fir de Rescht sin mer eis ower vollkommen eenz 😉

        Like

Hinterlasse einen Kommentar

Diese Seite verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden..